lb fr pt en
 
18. Oktober 2020

Feierlech Jubiläumsmass an Ernennung vu Chanoines honoraires

Ofschloss vun der marianescher Woch an der Kathedral

Kardinol Jean-Claude Hollerich an d’Chanoines honoraires Abbé Georges HOFFMANN, Abbé Jos. ROEMEN, Mgr Franz-Joseph GEBERT, Domkapitular Gregor KAULING

Als Danksagung fir 150 Joër Diözes Lëtzebuerg an als Ofschloss vun der marianescher Woch ass an der Kathedral den 18. Oktober eng feierlech Pontifikalmass gefeiert ginn. An deem Kader huet de Kardinol Jean-Claude Hollerich véier nei Chanoines honoraires ernannt. Et handelt sech ëm folgend Geeschtlech: Abbé Georges HOFFMANN, curé-modérateur vun der Par “Steesel-Walfer Sainte-Trinité”; Abbé Jos. ROEMEN, curé-modérateur vun der Par “Clierf Saint-Benoît”; Domkapitular Gregor KAULING, Paschtouer a Wallfahrtsrektor vu Kevelaer St. Marien; Mgr Franz-Joseph GEBERT, Weibëschof zu Tréier.
Während der Feier kruten si, no der Homelie vum Kardinol, vun him a vum Doumpropst Georges Hellinghausen d’Mozetta ugeluecht an d’Ernennungsurkunde iwwerreecht. Zesumme mat Vertrieder vum Doumkapitel hunn si an der Mass assistéiert, de Weibëschof Gebert huet, esou wéi déi aner Bëschofen, konzelebréiert.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu