lb fr pt en
 
21. Februar 2021

De Glawe mat Freed nei an de Bléck huelen

Bëschofswuert fir d’Faaschtenzäit 2021

Léif Bridder a Schwësteren am Glawen,

Zanter Mäerz 2020 huet d’Pandemie eis Welt emol méi emol manner fest am Grëff. D’Situatioun ronderëm de Coronavirus ass d’Theema Nummer 1 an de Nooriichten. Si betrëfft quasi all Aktivitéite queesch duerch d’Gesellschaft an och an der Kierch. Besonnesch d’Suerg ëm déi vulnerabel Leit an de Spideeler, Fleegen- an Altersheimer stoung a steet am Mëttelpunkt vun eiser Opmierksamkeet an eisem Gebiet. Awer och d’Flüchtlingen, wéi och déi, déi ëm hir Aarbecht fäerten oder aarbechtslos sinn, déi déi op der Strooss liewen oder soss an enger prekärer Situatioun sinn, wëlle mir net vergiessen.

D’Situatioun vun der Pandemie, déi nach unhält, stellt och d’Fro vum Iwwerliewe vun där Form vu Kierch, wéi mir se zu Lëtzebuerg bis elo kannt hunn. D’Porliewen huet e staarken Abroch erfuer. D’Katechees konnt wéinst de sanitäre Restriktiounen nëmmen zum Deel op eng zefriddestellend Art a Weis gehale ginn. Eis Gesangveräiner leiden, an och all aner kathoulesch Veräiner an Associatioune sinn an hiren esou wäertvollen Aktivitéite gebremst. Dat deet eis all wéi. Mee mir dierfen net dobäi stoe bleiwen. Kucke mir zesumme méi wäit a méi déif. Loosse mir dat Weesentlecht vun eisem Chrëschtsinn net aus den A verléieren: de Bléck op Jesus Christus. Den Ufank vun der Faaschtenzäit ass e privilegéierte Moment, fir dat zesummen ze maachen. Loosse mir dës Faaschtenzäit als eng Chance notzen, fir mat ganzem Häerz an och mat Freed de Glawe nei an de Bléck ze huelen.

„Die Kirche im Aufbruch – L’Église en sortie“

Ganz um Ufank vu sengem éischten apostoulesche Schreiwes Evangelii gaudium invitéiert de Poopst Franziskus heizou: „Ich lade jeden Christen ein, gleich an welchem Ort und in welcher Lage er sich befindet, noch heute seine persönliche Begegnung mit Jesus Christus zu erneuern...“ (EG 3) Wa mir dat perséinlech um Ufank vun all Dag maachen, an och gemeinsam als Kierch elo an der Faaschtenzäit, da kann an deene 40 Deeg, déi virun eis leien, eng nei Dynamik entstoen. Mir wësse schonn eng Zäit laang, datt an der Kierch net alles ka bleiwen, wéi et schonn ëmmer war. Mat Jesus Christus huet eppes Neits ugefaangen. „Et huet nach ni e Mënsch esou geschwat“ (Joh 7,46) an et huet och nach ni e Mënsch dat gemaach, wat hie gemaach huet: Blanner geheelt, Aussätzeger gerengegt, den Dout iwwerwonnen. Wa mir eis perséinlech Begéignung mat Christus Dag fir Dag erneieren, da sinn ech iwwerzeegt, datt hien och mat eis an duerch eis eng Erneierung vum Glawe bewierke kann. Dozou invitéiert eis d’Kierch an der Faaschtenzäit: de Message vum Liewe vu Jesus Christus nei an de Bléck ze huelen a säin Dout a seng Operstéiung ze meditéieren a freedeg ze feieren.

Wa mir esou mam Jesus verbonne sinn, da mierke mir, datt mir net stoe bleiwe kënnen, wéi hien och net stoe bliwwen ass. „Loosse mer anzwousch anescht higoen, an d’Dierfer hei ronderëm, fir datt ech och do d’Evangelium verkënnege kann; dofir sinn ech jo fortgaang.“ (Mk 1,38) De Poopst François schwätzt vun der „Kirche im Aufbruch“, der „Église en sortie“. Hie wënscht sech eng Gemeinschaft vu missionaresche Jüngerinnen a Jünger, déi d’Initiativ ergräift an op d’Mënschen zougeet. Eng Gemeinschaft, déi sech abréngt an eiser Welt a sech an den Déngscht huele léisst, besonnesch vun deene Benodeelegten. Eng Gemeinschaft, déi all dat begleet, wat de Mënsche vun haut wichteg ass. Kraaft an Inspiratioun, fir virun ze goen, fënnt si an der Feier vun der Liturgie.

Eng Kierch, déi sech esou op Christus éierlech an all Dag aléisst, déi stierft net. Si verwandelt sech, wa si bereet ass, eng Emkéier ze maachen. D’Opfuederung „Bekéier Dech a gleef un d’Evangelium“ op Äschermëttwoch soll eis encouragéieren zesummen e neien Opbroch ze woen, an der Freed vum Evangelium.

Den hellege Jousef: gottverbonnen an zäertlech

Fir datt mir op deem Wee vun Ëmkéier an Opbroch gutt viru kommen, proposéieren ech Iech, léif Bridder a Schwësteren, och op den Hellege Jousef ze kucken. Hien ass jo souzesoen mat Maria, senger Braut, den éischte Jünger vu Jesus. U sengem Beispill, wat vum Beispill vu Maria net ze trennen ass, kënne mir erkennen, wat gemengt ass mat „de Glawen nei an de Bléck huelen“. Als gleewege Judd gouf hien zolitt gerëselt, wéi hie vum Engel am Dram matgedeelt krut, datt d’Maria, seng Fra, e Kand empfänke wäert, dat vum Hellege Geescht ass.

Säin Häerz war voll vu Gott, dofir huet hie vu Gott gedreemt, dofir konnt hie Seng Stëmm héieren. Den Dram gouf an der Bibel an a villen ale Kulturen als ee vun de Weeër ugesinn, duerch déi Gott säi Wëlle matdeelt. Dem Jousef säin Häerz war net voll vu sech selwer. Hie war net op sech selwer zentréiert, mee disponibel fir den Herrgott a fir seng Matmënschen, un éischter Plaz d’Maria, déi och d’Stëmm vu Gott héieren hat. Si hunn de Glawen nei entdecke mussen: Gott gëtt Mënsch a Jesus Christus, dee Maria duerch den Hellege Geescht empfaangen huet an deem seng Mamm si sollt ginn. Well de Jousef en Häerz voll vun der Léift vum Herrgott hat, konnt hie sech dorobber aloossen a mat Maria un der Freed iwwer dat Neit, wat an hirem Liewen agebrach ass, deelhuelen: „Meine Seele preist die Größe des Herrn“. Mat Léift an Zäertlechkeet huet hien, wéi him am Dram opgedroe gouf, d’Maria als seng Fra bei sech geholl an hirem Jong de Numm „Jesus“, dat heescht „Gott rett“, ginn.

Den hellege Jousef: Papp an Aarbechter

An engem zweeten Dram krut de Jousef opgedroen: „Erwäch, huel d’Kand a seng Mamm a laf fort an Ägypten“ (Mt 2,13). De Jousef huet sech direkt op de Wee gemaach, ass opgebrach, fir senger Verantwortung als Papp gerecht ze ginn a seng Famill virun der Gefor ze beschützen. Och ëm d’Kand, dat biologesch net vun him ass, huet hie sech dem Herrgott sengem Wëllen entspriechend mat grousser väterlecher Zouwendung gekëmmert.

Hien ass also keen „Dreemert“, mee e richtege Mann vun der Dot. Mir kënnen hie roueg a Geforen uruffen, an dat nët nëmmen der aler a schéiner Traditioun entspriechend, fir ëm eng gutt Stierfstonn ze bieden. Mir kënnen hien och uruffen an de Geforen déi d’Pandemie fir eis all mat sech bréngt.

Den Hellege Jousef ass och den Zammermann. Hien huet mat sengen Hänn geschafft fir seng Famill ze ernieren. An enger Zäit, an där d’Aarbechtslosegkeet an d’Angscht, seng Aarbecht ze verléieren, grouss sinn, gi mir eis der Bedeitung vun der Aarbecht an der Dignitéit, déi si vermëttelt, nei bewosst. Ech denken do un d’Personal am Gesondheetswiesen awer och un all déi onzieleg Professioneller a Benevoller, déi Dag fir Dag trei hier Aarbecht verrichten an der Gesellschaft wéi an der Kierch. Den Hellege Jousef, dësen onopfällege Schräiner, ka fir si a fir eis all e Guide, e Virbild, e Fürspriecher an e Schutzpatréiner sinn. Grad elo erënnert hien eis drun, datt déi Mënschen, déi am Verbuergene schaffen a gewéinlech an der zweeter Rei stinn, an der Heelsgeschicht, wéi och elo an der weltwäiter Pandemie, eng onersetzbar Roll spillen.

Protector Ecclesiae Luxemburgensis

Him, deen de séilege Poopst Pius IX. virun 150 Joer zum Schutzpatroun vun der kathoulescher Kierch erhuewen huet, wëll ech an dësem Jousefsjoer och d’Kierch, déi zu Lëtzebuerg ass, ganz besonnesch uvertrauen. Zanter der Grënnung vun eiser Diözees am Joer 1870 virun 150 Joer sti mir also och ënnert dem Schutz vum Hellege Jousef. Biede mir zu him an zu Maria, der Patréinesch vu Stad a Land, an dëser Zäit vu Pandemie, fir all déi Mënschen, déi Trouscht am Leed, an der Angscht an an der Hoffnungslosegkeet brauchen. Biede mir fir eis Kierch, datt mir net resignéieren oder eis zréckzéien, mee eraus ginn, fir d’Evangelium mat alle Mënschen ze deelen, an esou de Glawe mat Freed nei an de Bléck ze huelen.

Ëm d’Gnod vun eiser Ëmkéier, déi mir dofir brauchen, wëll ech mat dësem Gebiet vum Poopst Franziskus ofschléissen:
Sei gegrüßt, du Beschützer des Erlösers
und Bräutigam der Jungfrau Maria.
Dir hat Gott seinen Sohn anvertraut,
auf dich setzte Maria ihr Vertrauen,
bei dir ist Christus zum Mann herangewachsen.

O heiliger Josef, erweise dich auch uns als Vater,
und führe uns auf unserem Lebensweg.
Erwirke uns Gnade, Barmherzigkeit und Mut,
und beschütze uns vor allem Bösen. Amen.

Lëtzebuerg, um Fest U.L.F. vu Lourdes, den 11. Februar 2021

+ Jean-Claude Kardinol Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

De Glawe mat Freed nei an de Bléck huelen
Bëschofswuert fir d’Faaschtenzäit 2021

Dëst Bëschofswuert ass an alle Gottesdéngschter vum 1. Faaschtesonndeg virzeliesen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu