lb | fr | pt | en |
Opruff fir matzemaachen!
Weekend vun den oppene Kierchen, de 5. a 6. Juni 2021
Mir sinn optimistesch, datt de Weekend vun den oppene Kierchen am Summer ka stattfannen. Kuerzfristeg muss dann natierlech op di sanitär Bestëmmungen ugepasst ginn, déi dee Moment gëllen (Begrenzung vun der Zuel vun den Participanten, Umeldungen, etc.).
Mir proposéieren als Thema: 150 Joer Diözes Lëtzebuerg (wéi d’lescht Joer).
Flott wier et, wann dir eng Ausstellung, Féierung oder e Concert zum Theema kinnt an enger vun äre Kierchen (oder a méi Kierchen) organiséieren. Dir kënnt och gären déi Saachen ubidden, déi dir fir d’lescht Joer geplangt hat. Mir maachen da Reklamm fir de Weekend, wéi gewinnt op nationalem Plang.
- Bis de 17. Februar kënnt dir är Kierch(en) umelle beim laure.simon ewb.lu oder um Tel. 691 804082 (just moies).
- De 17. Mäerz ass Redaktiounsschluss fir de Flyer mat Ëffnungszäiten a Programm an äre Kierchen.
- Am Prinzip kënnt dir da vum 24. Abrëll un d’Flyeren an d’Affichen ofhuele kommen.
www.oppekierchen.lu www.eglisesouvertes.lu
Organisatioun: ErwuesseBildung mat der Ënnerstëtzung vum Service Communication et Presse vum Äerzbistum