lb fr pt en
 
18. August 2019

Pilgerrees fir Jonker an Thailand an an de Kambodsch

Vum 6. bis den 23. August / Kuckt eis Fotosimpressioune vun der Plaz

Klickt op d’Foto, fir d’Biller vun der Pilgerrees ze gesinn...

Um Dënschdeg, 6. August, hu 65 Jonker a Begleeder den Départ geholl fir hir Pilgerrees, déi si bis den 23. August an Thailand an an de Kambodsch féiert. Ee vun den Highlights vun der Rees, déi vum Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich presidéiert gëtt, wäert d’Aweiung vun der neier Kapell Saint John de Britto zu Chiang Saen an Thailand sinn.

Mir wënschen hinnen eng ganz flott Rees a vill onvergiesslech Momenter!

Mat op der Rees dobäi ass och de Christophe Hubert vun eiser Ekipp cathollu. Hie wäert eis an den nächste Wochen mat senge Fotosimpressioune vun der Plaz un der Pilgerrees deel huele loossen.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu