lb fr pt en
 
1. Dezember 2019

Zesumme Kierch sinn

Bëschofswuert fir den 150. Jubiläum vun der Diözes Lëtzebuerg

Léif Schwësteren a Bridder!

Den Advent fänke mer dëst Joer un net nëmme mat dem freedege Bléck op Chrëschtdag, mä och op d’Bistumsjubiläum, dat mer d’nächst Joer feieren. 2020 ginn et 150 Joer, dass d’Diözes Lëtzebuerg vum Poopst Pius IX. gegrënnt ginn ass.

Konkret ugefaang huet d’Entwécklung dohin no der Franséischer Revolutioun, viru gutt 200 Joer. Vun do u waren, am Géigesaz zu de Joerhonnerte virdrun, d’Lëtzebuerger Katholike gëeent: fir d’éischt an der Diözes Metz, du Namur, 1840 am Apostolesche Vikariat Lëtzebuerg, dat schliisslech 1870 zur Diözes an 1988 zur Äerzdiözes erhuewe gouf. Zënterhier si mer heizulands zesumme Kierch.

„Zesumme Kierch sinn“ ass duerfir och de Motto, mat deem mer dat kommend Jubiläumsjoer wëlle feieren.

Eist Kierchsinn an deene vergaangenen 150 Joer war markéiert duerch de Glawe vun Eenzelchrëschte grad ewéi vu Gemeinschaften an Institutiounen. Vill Impulser sinn ausgaange vu kierchlechen a kierchennoen Organisatiounen, vun der Pastoral, vun eiser Manéier Chrëscht ze sinn. Dobäi goufen et Héichten an Déiften, Heroismus a Versoen, Zäite vun Harmonie a Konfrontatioun mat Staat a Gesellschaft. Jiddefalls huet d’Kierch un der reliéiser, geeschteger a kultureller Prägung vun eisem Land e groussen Undeel. Si hat eng Muecht- a Monopolstellung an en Afloss, déi et an Zukunft net méi gi wäerten. Solle mer deem notraueren? „Wann ech schwaach sinn, sinn ech staark“, schreift den hl. Paulus (2 Kor 12,10). Staark si mer, wa mer déi grouss Liebesgeschicht vu Gott mam Mënsch, déi an der Bibel erzielt gëtt, haut iwwerzeegt an iwwerzeegend weiderschreiwen, zesumme mat eisen Zäitgenossen, mat deene mer als pilgernd Kierch ënnerwee sinn.

An der Vergaangenheet ware mer zesumme Kierch als Schicksalsgemeinschaft mat Land a Leit, am selwechte Staat an an der selwechter Gesellschaft. Villfach war dat soziologescht Ëmfeld fir de Glawe gënschteg. Dat ass haut vill manner de Fall. A wann am éischte Joerhonnert vun hirem Bestoen d’Diözes Lëtzebuerg quasi deckungsgläich war mat der Bevëlkerung, dann ass dat aktuell net méi esou.

Haut si mir Chrëschten eng Minoritéit. A mir liewe matzen an enger Welt, déi sech fundamental, rasant an zum Deel drastesch verännert, net zulescht duerch gesellschaftleche Pluralismus, Individualiséierung an Digitaliséierung. Dat soll äis awer weder veronsécheren nach dovun ofhalen, mat Courage a frouem Häerz eise Glawen ze bekennen. Qualifizéiert Minoritéiten hunn ëmmer schonn neit Liewen agehaucht. Christus selwer ermuddegt äis, wann e seet: „Fäert net, du klengen Trapp!“ (Lk 12,32). Da kënne mir ëmsou méi, an der Lëtzebuerger Gesellschaft a fir si, „Salz vun der Äerd“ a „Liicht vun der Welt sinn“, wéi hie seet (Mt 5,13f). Da gi mer eng Kierch, déi eppes ausstraalt a relevant bleift no bannen an no baussen. An eist „Zesumme Kierchsinn“ wäert och ënnert total neie Bedingungen a Virzeeche geléngen.

Huele mer duerfir zouversiichtlech an dankbar eist Bistumsjubiläum an Ugrëff! All deenen, déi sech bereet erkläert hunn, e Projet ze gestalten oder bei der Organisatioun vum Jubiläumsjoer matzewierken, besonnesch dem Aarbechtsgrupp „150 Joer Diözes“, soen ech e grousse Merci.

Beim Feieren däerfe mer eis Matmënschen um Rand net vergiessen. Duerfir recommandéieren ech iech an deem Joer zwee Sozialprojete ganz besonnesch: dee vun deenen zwou Flüchtlingsfamille vu Lesbos, déi vu „Reech eng Hand“ a Caritas begleet ginn, an en neie Foyer vum „Tricentenaire“ zu Heeschdrëf, op dee vill Mënsche mat Behënnerung waarden, fir ënnerdaach ze kommen.

Ronn Gebuertsdeeg invitéieren, Mutt an Hoffnung ze schäffe fir d’Zukunft. Den Appell „zesumme Kierch sinn“ weist no vir. D‘Kierch ass net fir sech selwer do, mä fir de Glawen an déi zukünfteg Geschicht eranzeséinen, andeems se Freed an Hoffnung, Trauer an Angscht vun de Mënschen deelt. Sollt net dee Som, dee mer am Jubiläumsjoer ausstreeën, kënne fruchtbar ginn? Och muer wëlle mer jo duerch eist Dosinn, eise sozialen, kulturellen an intellektuellen Apport, duerch eis Riten a Wallfaarten an de reliéise Brauchtum d’Identitéit vun eisem Land a säin Opbroch an d’Zukunft matgestalten. Dass déi jonk Leit vun haut op der Sich no spirituelle Wäerter sinn, ass eng Chance, fir och hinnen de Glawen ze proposéieren.

Jo, misst net grad d’kierchlech Gemeinschaft e Laboratoire fir d’Zukunft ginn, andeems mer vun de Froe vun de Mënschen ausginn a si mat dem éiweg jonken Evangelium a Verbindung bréngen? Dës staark Botschaft kann och fir haut a muer e wäertvolle Kompass sinn. Dobäi musse mer äis de Froe stellen: Wat ass de Kär vu Glawen a Kierchsinn, op dee mer äis konzentréieren? Wat musse mer opginn, wat behalen? De Poopst Franziskus réit äis, vum Hellege Geescht geleet de richtege „Spiersënn“ (Sensus fidei) ze entwéckelen, fir déi nei Weeër ze fannen.

A sengem éischten Hierdebréif als Bëschof vu Lëtzebuerg huet de Msgr. Nicolas Adames geschriwwen, d’Muttergottes, eis Patréinesch vu Stad a Land, wier och elo eis Diözesanpatréinesch. Ruffe mer si 2020 besonnesch un, fir datt si eis Lëtzebuerger Kierch um Wee an déi nei Zäit mat hirer Firsprooch an hirem Schutz begleet. Duerfir soll och d’Oktav 2020, eist grousst diözesant Fest, den Héichpunkt vum Jubiläumsjoier ginn.

Léif Schwësteren a Bridder! Mir waren zesumme Kierch, mir sinn zesumme Kierch a mir wäerten zesumme Kierch sinn!

Kee weess, wat d’Zukunft bréngt. Sécher ass awer, dass mer se mat beaflosse kënnen. Zukunft ass net just dat, wat virun äis läit, mä och deen, deen op äis zoukënnt an äis Zukunft schenkt. Him, deen an d‘mënschlech Geschicht agetratt ass, leeë mer alles an d’Hänn. Réckbléckend a virausbléckend loosse mer den Herrgott luewen an him merci soe mat de Wierder aus dem „Großer Gott“: „Wie du warst vor aller Zeit, so bleibst du in Ewigkeit!“

Lëtzebuerg, um Chrëschtkinnekssonndeg, de 24. November 2019

+ Jean-Claude Kardinol Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

Bëschofswuert
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu