lb | fr | pt | en |
5. Ouschtersonndeg B
Joh 15,1-8
1 De Jesus sot zu senge Jünger: "Ech sinn dee wierklechen Drauwestack, a mäi Papp ass de Wënzer.
2 All Rief u mir, déi keng Fruucht dréit, schneit hien of, an all Rief, déi Fruucht dréit, botzt hien, fir datt se nach méi Fruucht dréit.
3 Dir sidd elo schonns reng duerch dat Wuert, dat ech iech gesot hunn.
4 Bleift a mir, da bleiwen ech och an iech! Esou wéi d’Rief net vun sech aus Fruucht droe kann, ma nëmmen, wann se um Drauwestack bleift, esou kënnt och dir et nëmmen, wann dir a mir bleift.
5 Ech sinn den Drauwestack, an dir sidd d’Riewen. Wien a mir bleift an a wiem ech bleiwen, deen dréit vill Fruucht, ma ouni mech kënnt dir näischt maachen.
6 Wann een net a mir bleift, da gëtt hie wéi d’Rief erausgehäit, an hie verdiert. Déi Riewe ginn zesummegeraaft, an d’Feier gehäit a verbrannt.
7 Wann dir a mir bleift a wa meng Wierder an iech bleiwen, da frot dat, wat dir wëllt, an et geschitt fir iech.
8 Mäi Papp gëtt doduerch verherrlecht, datt dir vill Fruucht drot a meng Jünger gitt."