lb | fr | pt | en |
8. Sonndeg am Joereskrees B
Mk 2,18-22
18 Dem Johannes seng Jünger an d’Pharisäer hu gefaascht. Du koumen der a soten zum Jesus: “Firwat faaschten dem Johannes seng Jünger an de Pharisäer hir Jünger, ma deng Jünger, déi faaschten net?”
19 De Jesus sot zu hinnen: "Kënnen dann éiren d’Hochzäitsgäscht faaschten, soulaang wéi de Bräitchemann bei hinnen ass? Soulaang wéi si de Bräitchemann bei sech hunn, kënnen si net faaschten.
20 Ma den Dag kënnt, wou de Bräitchemann vun hinnen ewechgeholl gëtt; deen Dag, da faaschten si.
21 ’t gëtt keen, deen e Stéck ongewallekte Stoff op en ale Mantel bitze géif; soss rappt d’Fléck sech dervu lass, dat Neit vum Alen, an de Rass gëtt nach méi uerg.
22 ’t gëtt och keen, deen neie Wäin an al Schläich schëdde géif; soss deet de Wäin d’Schläich platzen, an esouwuel de Wäi wéi och d’Schläich gi futti. Villméi gehéiert neie Wäin an nei Schläich!"