lb fr pt en
Sech an der Kierch engagéieren . S’engager dans l’Église  
19. Oktober 2020

„150 Joer – 150 Beem fir d’Diözes Lëtzebuerg“

Eng Initiativ vun de Grands-Clercs de la Cathédrale am Kader vun 150 Joer Diözes Lëtzebuerg. Kuckt hei d’Fotoen…

A Presenz vum Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, dem Kardinol Jean-Claude Hollerich, der Mme Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, dem Mgr. Georges Hellinghausen, dem bëschofleschen Delegéierte fir den Développement durable Jean-Louis Zeien, dem Neipriister Vincent De Smet a ville Leit, hunn d’« Grands-Clercs de la Cathédrale Notre-Dame de Luxembourg » e Samschdeg, de 17. Oktober 2020 zu Lëpschent, am Kader vum 150. Jubiläum vun der Diözees Lëtzebuerg, um Terrain vum Här Paul Hoffmann Beem geplanzt. Mat dëser Aktioun hunn d’Grands-Clercs der Äerzdiözees Lëtzebuerg an domat dem ganze Land en nohaltege Cadeau gemaach an hunn hir Verantwortung fir di vu Gott äis uvertraute Schëpfung eescht geholl, un déi de Poopst Franziskus a senger Enzyklika Laudato Si’ all Mënsch erënnert huet. „Alle können wir als Werkzeuge Gottes an der Bewahrung der Schöpfung mitarbeiten, ein jeder von seiner Kultur, seiner Erfahrung, seinen Initiativen und seinen Fähigkeiten aus.“ (LS 14)

No der feierlecher Mass, presidéiert vum Här Kardinol, a verschiddene Riede vun den Éieregäscht, goufe symbolesch zwee Beem geplanzt an eng Gedenktafel enthüllt. Di reschtlech Beem ginn de 7. November um Willibrordusfest zu Lëpschent vun de Grands-Clercs geplanzt. Desweidere wäert deen Dag och eng Zäitkapsel an de Bueden geluecht gi mat ënner anerem enger Lëscht mat den Nimm vun allen Donateuren an Donatricë vun den 150 Beem. De Benefice vun der Bamplanzaktioun wäert integral fir Opforstungsprojete gespent ginn.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu