lb fr pt en
 
5. Dezember 2022

Aweiung vun der restauréierter „Haupt-Rieger“-Uergel vun der Kathedral (26.11.2022)

Am Joer 2020 hunn ëmfangräich Aarbechte fir d’Restauréierung vun der symphonescher „Haupt“-Uergel vun der Kathedral vu Lëtzebuerg ugefaangen. Nom Ofschloss vun den Aarbechte hat d’Kierchefabrik vun der Kathedral zu de Feierlechkeete ronderëm d’Aweiung vun der restauréierter Uergel invitéiert.

Klickt op d’Foto fir d’Billergalerie ze kucken

Di feierlech Aseenung mat uschléissendem Uergel-Recital war e Samschdeg, de 26. November 2022 ëm 17 Auer an der Kathedral vu Lëtzebuerg. A Presenz vun S.A.R. dem Grand-Duc Henri gouf d’Aseenung presidéiert vum Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, dem Kardinol Jean-Claude Hollerich. De Recital gouf gespillt vum Här Olivier Latry, Titularorganist vun Notre-Dame vu Paräis.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu