lb | fr | pt | en |
Kraiderwanderung am Syrdall
Als Virbereedung op Léiffra-Wëschdag
Fir de 15. August, Maria Himmelfahrt, gëtt an de Paren de Wësch geseent. – Eng ganz al Traditioun, déi op ville Plazen um verschwannen ass.
Mir proposéiren Iech am Virfeld eng Kraiderwanderung iwwer d’Stécker an duerch d’Gäert, wou mir Iech déi gängeg Kraider vum Wësch virstellen, hire Gebrauch an hir Wirkung erklären an domat och hir Plaz am Wësch.
Nirwend dem Erntedank-Gedanken ass mam Wësch och de Schutz-Gedanke verbonnen. Schutz an Heelung fir Mënsch an Déier waren a sinn wichteg Aspekter.
Dofir ass och all Kraut vum Wësch an der Kichen oder an der Medezin ze gebrauchen, an oft genuch a béidem.
Kommt mat ons op d’Stécker, loosst Iech an d’Kraider aféieren, maacht fir Maria Himmelfaart Ären eegene Wësch a loosst en an Ärer Par seenen.
Hëlleft ons dës flott Traditioun ze retten an hir eng nei Zukunft ze schenken, ganz am Sënn vun “Laudato Si”, als Zeeche vu Wäertschätzung an Erhalung vu Gott senger wonnerbarer Schëpfung wou fir, a géint, alles e Kraut gewuess ass.
Wou? Zu Moutfort
Wéini? Den 06.08.2022 ab 14:00
Treffpunkt? Beim Centre Culturel
Umeldung? Um 661 35 88 81 oder per Mail op yolande.kimmel cathol.lu
Mir freeën ons Iech bei ons ze begréissen.
P.S.: Ënnert dësem Link fand Dir e klengen Film, dee mir 2020 gedréint hunn. Hei op dëser Plaz e GROUSSE MERCI dem Christophe fir säin Asaz
https://www.facebook.com/ParIeweschtSyr/videos/364165294754383/