Bëschofsfwuert fir de Weltmissiounssonndeg 2014
D’Léift zu Christus ass et, déi eis dreift (2 Kor 5,14)
Léif Bridder a Schwësteren,
Dës Wierder vum Apostel Paulus sinn d’Thema vum Weltmissiounssonndeg an eiser Diözes am Oktober dëst Joer. Jo, et ass wierklech duerch d’Léift wou mer geruff si fir Zeie vu Gott ënner de Mënschen ze si bis un d’Enn vun der Welt.
Eise Poopst Franziskus erënnert eis dorun a sengem Bréif fir de Weltmissiounssonndeg 2014: “Och nach haut gëtt et vill Mënschen, déi Jesus Christus net kennen.” Dofir bleift d’Missioun ad gentes weiderhin eng Prioritéit vun der Kierch, bei där all hir Memberen opgeruff si matzemaachen. Well d’Kierch ass jo vun Natur aus missionaresch, d.h. si muss ënner d’Leit goen! Si ass entstan fir “erauszegoen”.
D’Léift vu Jesus Christus dreift eis, fir aus eis selwer erauszegoen, iwwert eisen ze enken Horizont eraus, aus eisem alldeegleche Liewen, souguer aus eiser eegener, lokaler Kierch. Fir méi wäit ze kucken, op dat grousst Vollek vu Mënschen, déi op d’Evangelium hoffen, vu Mënschen, déi d’Evangelium fonnt hunn, an elo den Ufank vum Chrëschtsin erliewen, heiansdo verfollegt, ëmmer mat grousser Freed.
D’Léift vu Jesus Christus dreift eis, déi mer e Vollek si mat enger aler chrëschtlecher Traditioun, fir solidaresch ze si mat deenen, déi Jesus Christus entdecken an déi oft wäit vun eis ewech liewen: esou wéi di éischt Jünger, déi “alles zesummegeluecht hunn an déi een Häerz an eng Séil waren” musse mer am Numm vu Jesus Christus déi nei Bridder a Schwësteren an der Kierch ophuelen duerch eis Solidaritéit an eist Gebiet.
Dës Léift vu Jesus Christus déi eis dreift méi wäit ze kucke fir am Déngscht ze stoen vun der Missioun iwwerall an der Welt, dës Léift mécht eis och op fir déi, déi no bei eis op d’Evangelium waarden. Deen, deen no ass an deen, dee wäit ewech ass fannen zesummen an därselwechter Suerg, am selwechten Elan fir mat all Mënsch d’Freed vum Evangelium ze deelen. Well, wéi de Poopst et nach eng Kéier a sengem Message seet: “Dem Här säi Jünger bleift an der Freed wann e bei him bleift, wann e säi Wëlle mécht, wann en de Glawen, d’Hoffnung an d’Charitéit deelt.”
Ech wënschen eis all eng gutt Missioun!
Lëtzebuerg, de 14. Juli 2014
+ Jean-Claude Hollerich
Äerzbëschof vu Lëtzebuerg
- Aktivitéiten . Activités
- Kardinolserhiewung . Création cardinalice
- Rieden & Interviewen . Discours & entretiens
- D’Wuert zum Sonndeg . La Parole du Dimanche
- Priedegten . Homélies
- Cardinal Jean-Claude Hollerich
- Kardinol Jean-Claude Hollerich an de peepstleche Rot fir den interreliéisen Dialog genannt
- Cardinal Jean-Claude Hollerich
- Kardinal Jean-Claude Hollerich
- Cardinal Jean-Claude Hollerich nommé membre du Conseil Pontifical pour la Culture