lb fr pt en
Synod 2021-2024  
17. Oktober 2021

Fir eng synodal Kierch: Gemeinschaft, Participatioun a Missioun

Replay a Fotogallerie vum Lancement vun der diözesaner Phas vun der Bëschofssynod iwwer d’Synodalitéit de 17. Oktober 2021 an der Kathedral vu Lëtzebuerg

Op Initiativ vum Poopst Franziskus gouf d’Bëschofssynod iwwer d’Synodalitéit, déi ënnert dem Thema “Fir eng synodal Kierch: Gemeinschaft, Participatioun a Missioun” steet, e Sonndeg, de 17. Oktober 2021, an de Lokalkierchen uechter d’Welt lancéiert, dëst eng Woch nom offiziellen Optakt zu Roum. An dëser éischter, diözesaner Phas, déi sech bis Abrëll 2022 hinzitt, soll op d’Vollek Gottes gelauschtert ginn an seng Uleies an Impulser fir d’Kierch vu muer an de weidere synodale Prozess mat afléissen.
Hei zu Lëtzebuerg ass déi diözesan Etapp vun der Synod mat enger feierlecher Pontifikalmass e Sonndeg, de 17. Oktober, um 16 Auer an der Kathedral ageleed ginn, zu där de Kardinol Jean-Claude Hollerich, Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, invitéiert huet. An dësem Gottesdéngscht gouf och un d’Konsekratioun vun der fréierer Jesuitekierch an der Stad an haiteger Kathedral viru genee 400 Joer erënnert. D’Priedegt gouf gehale vum Josy Birsens sj., Auxiliaire vum Provinziol vun der franséischsproocheger Provënz Westeuropa vum Jesuitenuerden.

Klickt op d’Foto fir d’Billergalerie ze kucken...
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu