lb | fr | pt | en |
De Weekend vun den oppene Kierchen ass de 6. a 7. Juni 2020
Opruff fir matzemaachen
De Weekend vun den oppene Kierchen ass eng gutt Geleeënheet fir eise reliéise Patrimoine an d’Fënster ze stellen. Mir géifen eis freeën, wann dir (nees) dobäi wiert. Den Theema vum Joer 2020 ass: 150 Joer Diözes Lëtzebuerg.
Flott wier et, wann dir eng Ausstellung, eng Visite guidée oder e Concert kinnt an enger vun äre Kierchen (oder a méi Kierchen) organiséieren. Mir bewerben dann de Weekend wéi gewinnt op nationalem Plang.
Bis den 10. Februar kënnt dir d’Kierch(en) umelle beim laure.simon ewb.lu oder
um Tel. 44743-340.
Den 10. Mäerz ass Redaktiounsschluss fir den Depliant. Bis dohinner brauche mir d’Ëffnungszäiten an all anere Programm (Visite guidée, Concert, Ausstellung, etc.) an deene Kierchen, déi dir ugemellt hutt.
Vum 8. Abrëll un stinn d’Deplianten an d’Affiche bereed fir ofgeholl ze ginn.
Zéckt net nozefroen, wann dir méi Informatiounen iwwert de Weekend wëllt hunn oder e Gedankenaustausch zum Theema vun dësem Joer sicht.
Kontakt: Laure Simon, ErwuesseBildung, laure.simon ewb.lu, Tel. 691-804082