lb fr pt en
 
5. August 2019

Éischte Begéinungsdag “Oppe Kierchen”

Den 18. Oktober zu Jonglënster / Thema: Sécurisatioun vun eise Kierchegebaier

Notéiert Iech elo schonn den 18. Oktober. Deen Dag lued d’ErwuesseBildung zesumme mat der Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord an der Regioun Mëllerdall op den éischte Begéinungsdag “Oppe Kierchen”. Ufank ass um 13.30 Auer mat enger Visite vun der Martinskierch, dono, um 14.30 Auer, ass de Programm am Centre culturel “am Duerf” zu Jonglënster. Thema vum Dag: Sécurisatioun vun eise Kierchegebaier.

Eise reliéise Patrimoine a senger Vielfalt an Eenzegaartegkeet ass derwäert fir eisen Touristen an och den Einheimeschen opzestoen. Déi meescht vun eise Kierche sinn an engem gudden Zoustand a sollten hier Dire grouss opmaachen fir Besicher ze empfänken.

Mee, wéi stelle mer sëcher, datt näischt geschidd? Datt weder eppes geklaut gëtt, nach datt durch Vandalismus de Raum beschiedegt a verunstalt gëtt?

D’Referente si Vertrieder
• vum ORT Mëllerdall
• vun der Police
• vun der LSRS
• vum Staatsmusée (MNHA)
• vun der ErwuesseBildung
• a vun aneren Organisatiounen

Dësen Dag riicht sech un:
• Vertrieder vun de Kierchen vum “Réseau Oppe Kierchen”
• Vertrieder vun de Kierchen, déi schonn emol um Weekend Oppe Kierchen deel geholl hunn
• Vertrieder vun anere Poren a Kierchefabreken
• Vertrieder vu Gemengen (zoustänneg fir Tourismus a Kultur)
• (Regional) Touristebüroen
• Kierchen- an Touristeguiden
• an aner Interesséierter

Umeldung: Dir kënnt iech schonns umelden iwwer de Formulaire oder per email (oppekierchen ewb.lu) oder um Tel. 44743-340 (vum 2.9. un) mat der Kursnr. 19 5440K.

Mëtt September fannt dir de geneeë Programm op:
https://openchurches.eu/de/veransta...

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
WhatsApp 352 691 12 97 76
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com cathol.lu