lb | fr | pt | en |
D’Sonndesmass gouf vu Schengen iwwerdroen
De Replay op cathol.lu
D’Sonndesmass gouf de 17. September um 9 Auer aus der Kierch vu Schengen iwwerdroen. D’Chorale Ste Cécile Schengen huet zesumme mat der Chorale St Sébastien Riemeschen gesongen ënnert der Leedung vum Ramona Schram-Dabé, op der Uergel huet de Pierrot Gloden begleet.
D’Chorale Ste Cécile Schengen an d’Chorale St Sébastien Riemeschen
Déi zwou Choralen, Schengen a Riemeschen, sinn als Männerchéier gegrënnt ginn, am Laf vun de Joaren, wéinst Mangel u Memberen, sinn et dann gemëschte Chéier, Männer a Fraen, ginn.
Leider bestinn och bei us, wéi an deene meeschte Chéier, weiderhin Nowuesssorgen, sou datt mir d’Sonndesmassen zou Schengen an zou Riemeschen zënter ongeféier 2 Joar zesummen séngen.
Mir si frou wa mir geleeëntlech, sou wéi haut, vu Memberen aus den Nopeschchéier ënnerstëtzt ginn.
Ouse Gesang gëtt begleet vum Organist Pierrot Gloden a bei gréissere Feieren leet d’Dirigentin Ramona Schram-Dabé vu Bech-Maacher ouse Chouer.
Jiddereen, dee gär séngt, ass häerzlech wëllkomm.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg am Live-Stream hei
De musikalische Programm vun der Mass
Entrée: Uergel | Introduction | |
---|---|---|
Agangslidd | Jour du Seigneur | T: J. Servel; M: Anjou |
Kyrie | Messe de l’assemblée | Georges Lefebvre |
Gloria | Au plus haut du ciel | Jacques Berthier |
Alleluja | Dir zu danken, Herr ist meine Freude | |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Devant toi, nous venons apporter | Raymond Fau |
Sanctus | Messe de l’assemblée | Georges Lefebvre |
Anamnèse | Wir preisen deinen Tod | arr. Ali Mathias |
Vater unser | gëtt gebiet | |
Agnus Dei | Messe de l’assemblée | Georges Lefebvre |
Kommuniounslidd | Jésus, ô Dieu d’amour | |
Schlusslidd | Lève toi et marche | Noël Colombier |
Sortie: Uergel | Sortie |
Chéier: Chorale Ste Cécile Schengen, Chorale St Sébastien Riemeschen
Dirigentin: Ramono Schram-Dabé
Organist: Pierre Gloden