lb | fr | pt | en |
D’Sondesmass um 6. Sonndeg am Joreskrees gouf vun Diddeleng iwwerdroen
Den 11. Februar gouf d’Houmass vun Diddeleng iwwerdroen. D’Chorale Saint-Martin Diddeleng huet ënnert der Direktioun vum Monique Biren-Kettel an Simone Schalz-Kirsch gesong, begleet op der Uergel vum Alessandro Urbano. D’Mass gouf um 9 Auer als Tëleesmass live op apartTV an als Stream op cathol.lu iwwerdroen an um 11.00 Auer op RTL ZWEE widderholl.
Suivéiert d’Mass e Sonndeg HEI am Live-Stream an duerno de Replay
D’Chorale Saint-Martin Diddeleng
Mir sinn en Dammekierchechouer, deen 1937 gegrënnt gouf an zanter hier net méi aus dem Diddelenger Parliewen ewechzedenken ass.
Als dynamesch Equipe vun ongeféier 30 Sängerinnen weise mer d’ganzt Joer iwwer vill Engagement an dat, Dank dem onermiddlechen Asaz vun eisen zwou Dirigentinnen, dem Monique Biren-Kettel an dem Simone Schalz-Kirsch.
Ob an de Sonndesmassen, de Requiemer, den Hochzäiten, de kierchleche Feierdeeg, de spirituellen oder awer och de weltleche Concerten, mir freeën eis ëmmer fir Iech dierfen ze sangen.
Prouwen sinn Donneschdes vun 19:30 bis 21:30 am Centre Saint Martin. Nei Sängerinnen sinn hei allzäit häerzlech wëllkomm.
De musikalesche Programm vun der Mass
Uergel: Entrée | Prélude | Max Reger |
---|---|---|
Agangslidd | Tu nous invites à la fête | Odette Vercruysse/ arr. Marc Quaring |
Kyrie | Kyrie eleison | David Barton |
Gloria | Gloria Deo | Victor C. Johnson |
Alleluia | Chantez Alleluia | Dave and Jean Perry |
Credo | gëtt gebiet | |
Gowelidd | Comme lui | Robert Lebel / Harm: J. Plug |
Sanctus | A quiet Sanctus | Douglas E. Wagner |
Anamnes | Jour du Seigneur | Arr: R. Bérubé |
Agnus Dei | Agneau de Dieu | Claire Lebert |
Kommiounslidd | Anima Christe | P.H. Thielen |
Schlusslidd | Sing for Joy | G.F. Händel / arr: Linda Spevacek-Avery |
Uergel: Sortie | Fugue | Max Reger |