lb fr pt en
Liturgie  
12. November 2018

Neie Lektionar C ass zanter Oktober am Handel ze kréien

Nei Eenheetsiwwersetzung an däitscher Sprooch fënnt hire Wee elo an d’Liturgie

Den 20. September 2016 ass op der Vollversammlung vun der Däitscher Bëschofskonferenz déi revidéiert, nei Eenheetsiwwersetzung vun der Bibel an däitscher Sprooch presentéiert ginn. Dës nei Iwwersetzung, déi een zënter dem Fréijoer 2017 am Handel ze kafe kritt, fënnt hire Wee elo an d’Liturgie, an dëst an e puer Etappen.

Hei zu Lëtzebuerg, genee wéi an aneren däitschsproochegen Diözesen, wäert den éischte Lektionar (Liesjoer C, fir d’Sonn- a Festdeeg) seng Plaz an eiser Liturgie ab dem 1. Advent 2018 fannen an den aktuelle Lektionar C domat ersetzen.

An deem Kontext hat den Herder-Verlag all eise Poren en Depliant mat den néidegen Informatiounen zu de neie Lektionaren geschéckt. De Lektionar C ass zanter Oktober 2018 am Handel erhältlech. D’Lektionare fir d’Liesjoeren A a B sinn ab Hierscht 2019, respektiv Hierscht 2020 ze kréien.

Och zu den anere Lektionaren („Geprägte Zeiten“, „Jahreskreis 1“, „Jahreskreis 2“, „Sakramente und Sakramentalien. Für Verstorbene“, „Messen für besondere Anliegen. Votivmessen“) wäert den Herder-Verlag äis déi néideg Informatiounen schécken.

De Kontakt bei weidere Froen: romain.richer@cathol.lu

Die Feier der Heiligen Messe - Lektionar: Band III: Die Sonn- und Festtage im Lesejahr C. Verlag Herder. 1. Auflage 2018. Leinen mit Leseband. 600 Seiten. ISBN: 978-3-451-32213-6.

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu