lb fr pt en
Jahr A (2022-2023)  
23. März 2023

Gleefs du dat?

Kommentar zum 5. Fastensonntag von Gérard Kieffer (26.3.2023)

Wéi scho leschte Sonndeg geet et um 5. Faaschtesonndeg ëm e Gespréich vum Jesus mat enger Fra iwwer Liewen an Doud - an ëm Vertrauen.

De Lazarus vu Bethanien ass krank a seng zwou Schwësteren suergen sech ëm hien. Si hunn dofir nom Jesus geschéckt an him soe gelooss: « Här, kuck, de Lazarus, deen s du gär hues, ass krank. » Wéi de Jesus dat héieren huet, sot hien: « Seng Krankheet féiert net zum Doud, ma se ass do wéinst dem Herrgott senger Herrlechkeet, fir datt dem Herrgott säi Jong duerch si verherrlecht gëtt. »

Dat kléngt wéineg sensibel an et kann een sech froen, wat doru gerecht sollt sinn. Do gëtt een instrumentaliséiert, fir dass en aneren verherrlecht ka ginn …?

De Johannes seet heiriwwer näischt. Hien wëll manner eppes iwwer de Lazarus soen, mais villméi eleng eppes iwwer de Jesus.

De Jesus kënnt also (4 Deeg nom Doud vum Lazarus!) op d’Plaz a muss sech soe loossen: « Här, wann s Du hei gewiescht wäers, da wär mäi Brudder net gestuerwen. » De Jesus äntwert: « Däi Brudder steet nees op. » an « Ech sinn d’Operstéiung an d’Liewen: Wien u mech gleeft, dee lieft, och nodeems hie gestuerwen ass, a jidder een, dee lieft an u mech gleeft, dee stierft an all Éiwegkeet net. »

« Gleefs du dat? »

Leschtendlech riicht de Jesus dës Fro net nëmmen un d’Marta, mais u jiddereen, deen den Text liest oder dës Wieder héiert. Villäicht erënnert eis eis Kierch de Moment a villem méi un e Griewerfeld (wéi mir beim Ezechiel an der heideger Liesung liesen). Dat huet och mam massive Vertrauensverloscht ze dinn.

D’Marta awer vertraut op d’Operstéiung. Si kann op d’Operstéiung vertrauen, well si dem Jesus vertraut, well de Jesus e Frënd fir si war a well de Jesus e Bezéiungsmënsch war. Opriichteg an éierlech awer mat Tréinen steet hien beim Graf vu sengem Frënd. Vertrauen erweist sech hei op e Neits als eng vun de Gronddimensioune vun eisem Glawen.

D’Geschicht vum ‘wakreg maache’ vum Lazarus ass e verständlecht Zeeche fir eise Glawen a wat de Jesus wëll. Hie wëll kee Wonnerheeler oder Zauberer sinn. Hie wëll mam Lazarus weisen, dass hien, dee Muecht iwwer d’Liewen hei op der Äerd huet, grad d’Muecht huet, den Doud esou ze iwwerwannen, dass d’Liewen dat läscht Wuert behält.

Dofir ass et fir d’Zukunft, och fir d’Zukunft vun der Kierch, entscheedend, a wéi engem Mooss mir als Chrëschten vertrauenswierdeg Zeien vun der Operstéiung wäerte sinn oder wéi eng Äntwert mir op d’Fro vu virdrun hunn: Gleefs du dat?.

Gérard KIEFFER
gerard.kieffer@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu