lb fr pt en
Jahr C (2021-2022)  
13. Januar 2022

« Nolauschteren » … een Rezept wat Wonner bewierken kann

Kommentar zum 2. Sonntag von Charles Bremer (16.1.2022)

Eng Hochzäit, vill Invitéen, d’Stëmmung dréit ze kippen well op ee Mol keen Wäin méi do ass! Oh Gott!!! Wat solle mer elo maachen? Wien ass schold un deem ganzen? D’Evangelium vun dësem Sonndeg ass eng vun deenen beléiftsten Wonner-Erzielungen an der Bibel déi den Jesus vollbruecht huet. Si mer mol éierlech, den Fokus gëtt direkt op d’Wonner gesat, an dat wat ronderëm passéiert kënnt an den Hannergrond. Ech ginn zou, als Hobby-Wënzer sinn ech erstaunt wéi schnell den Jesus aus 236,34 Liter Waasser, Wäin kann maachen. D’Rezept dozou wéilt ech, an och dir bestëmmt gären hunn …

Léif Frënn, ech invitéieren Iech op eppes opzepassen wat ganz schnell iwwerlies gëtt. Am Evangelium gëtt op deen aneren gelauschtert. Fir d’éischt, dat wat guer net opfält, an dach ganz wichteg ass, ass dass eng Persoun opmierksam gëtt - eppes wouer hëlt -. Dat ass d’Maria. Hir fält op, dass si keen Wäin méi hunn. Villäicht well sech d’Gäscht direkt oder indirekt beschwéiert hunn oder well si selwer keen méi zerwéiert krut huet, villäicht awer och, well doriwwer am heemlechen getuschelt gëtt, an den Geck driwwer gemaach gëtt. Dem Maria fält dat op. Si weess dass dat net däerf passéieren. Si ass besuergt, si weess awer och dass si selwer eleng do net vill kann änneren. D’Maria an hirer Suerg, deelt dëst dem Jesus dann mat. Oft liese mer dësen Passage als een Opruff, fir ze Handelen. Ech denken dass dat awer net esou gemengt ass. Déi Suerg déi d’Maria huet, deelt si hirem noosten Vertrauten mat - fir dass si net eleng d’Suerg muss droen a villäicht zu Zwee eng Léisung kënne fannen. Den Jesus lauschtert op seng Mamm, hien héiert hir Suerg - deelt awer mat dass et nach ze fréi ass - grouss Wonner - ze vollbréngen. Doropshin, mat der Hoffnung dass hiren Jong den Problem zur Chefsaach awer wäert maachen, geet d’Maria bei d’Dénger an seet hinnen, dass si egal wat passéiert, op hiren Jong den Jesus sollen lauschteren. D’Dénger lauschteren op d’Maria an kuerz drop och op den Jesus. An do passéiert d’Wonner …

Ännerungen ze bewierken, heescht fir d’éischt opmierksam ze sinn, nozelauschteren an dann ze iwwerleeën wat kann ech dozou bäizedroen fir dass d’Situatioun sech zum Gudden ännert? Dëst Evangelium kann eis hëllefen als eng synodal Kierch ze denken an ze handelen. D’Kierch ass och an enger prekärer Situatioun, wéi zu Kanaa op der Hochzäit. Et heescht elo net bei an allen Froen déi sech stellen (oder gestallt ginn), Feeler engem virzewerfen - esou wéi den Zoustännegen vun der Hochzäit -, deen zum Schluss am Evangelium den Bräutigam kritiséiert. Hien selwer war dach bei den Fässer am Keller an huet net drop reagéiert. Problemer oder Feeler op anerer ze verschieben bréngt nämlech zu näischt. Et heescht d’Problemer wouerzehuelen, esou wéi d’Maria et mécht, si lauschtert um Dësch no an gëtt et weider an der Hoffnung dass doduerch een Steen un d’Rullen kënnt. Esou kënne mir selwer och dozou bäidroen dass een Steen un d’Rullen kënnt, ouni dass mir äis géigesäiteg mat Kritik iwwerheefen an dorënner selwer zu Gronn ginn. Dat heescht géigesäiteg d’Situatioun eescht huelen an deem een wouerhëlt, reflektéieren (sech freet wat een selwer gemaach oder net gemaach huet) an matdeelt … ob als eenzegen Gleewegen, als Laien, Priister, Bëschof oder Poopst, als Gemeinschaft an als Kierch, gëllt dann d’Nolauschteren als Rezept vun all Léisung a villäicht och vun engem néien - klengen - Wonner an eiser Weltkierch. Lauschtere mir eis duerfir géigesäiteg no, an ganz wichteg, op och op den Härgott an säin Hellegen Geescht.

Charles BREMER
charles.bremer@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu