lb fr pt en
Fondation Sainte-Irmine  
7. Dezember 2023

En neie Logo fir de Fonds d’avenir

Zesumme fir d’Kierch vu muer

Fir engagéiert Fraen a Männer an hirer pastoraler Missioun ze ënnerstëtzen, huet d’Fondatioun Sainte-Irmine de Fonds d’avenir gegrënnt. Zil vun dësem Fong ass et, zur materieller Ofsécherung vun den Haaptamtlechen, Geeschtlech a Laien, bäizedroen. Zanter dem Akraafttriede vun den neie Relatiounen tëscht Staat a Kierch 2016 huet de Bistum ronn 40 Leit, virun allem Priister, op seng eege Käschten agestallt.

Zanter senger Grënnung an dank der Hëllef vu generéisen Donatricen an Donateuren konnt de Fonds d’avenir e Basiskapital vu méi wéi 3 Milliounen Euro opbauen. Vun 2024 un iwwerhëlt d’Stëftung via d’Recettë vun de Placementer éischt Paie vu jonke Priister a Laien am kierchlechen Déngscht.

Dëst ass eng gutt Geleeënheet, fir en eegene Logo fir de Fonds d’avenir ze lancéieren! De Logo gëtt et an enger lëtzebuergescher an an enger franséischer Versioun.

Ënnerstëtzt och Dir den Zukunftsfong vun der Kierch mat engem Don, engem Ordre permanent, enger Donatioun, bei engem Familljenevenement oder duerch eng testamentaresch Dispositioun an hëlleft esou, d’Astellung vu Geeschtlechen an haaptamtleche Laien matzedroen. Villmools Merci!

D’Kierch vu muer brauch eis all!

Méi Informatiounen op: www.irmine.lu

 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu