lb fr pt en
Jahr A (2022-2023)  
9. November 2023

Eng gudd Virbereedung ass alles!

Kommentar zum 32. Sonndeg vum Gérard Kieffer (12.11.2023)

Eng gudd Virbereedung ass alles!

Dëst Evangelium ass eent, mat deem ech vir d’éischt mol meng Méi hat, wéi mat all deene Plazen an der Bibel, wou gesot gëtt, dass et iergend eng Kéier ze spéit wäert sinn, dass all déi, déi net gutt genuch virbereet sinn a net opmierksam sinn, virun zougespaarten Diere stinn. Dat passt esou guer net bei mäi Bild, wat ech vu Gott hunn.

Wéi ech den Text nach eng Kéier gelies hunn, ass mir eppes Interessantes opgefall. Hei ginn nämlech déi lous Jongfraen dofir belount, dass se sech net ëm déi aner këmmeren, dass se hiren Ueleg net deelen. Also net grad esou, wéi e gudde Chrëscht sech sollt behuelen.
D’Bibel schéngt eis hei dat selwecht ze soen, wat mir op ville Plazen héieren: Du muss fir dech selwer suergen, du muss kucken, dass du besser bass wéi deen aneren, an dass du dat kriss, wats du wëlls.

Dat bleift fir mech komesch!

Mir hunn et hei bei dësem Text mat enger ganz anerer Moral ze dinn, well normalerweis kréie mir gesot, dass mir gutt no deenen anere kucke sollen an eis net ze wichteg sollen huelen.
Et kann awer och esou verstane ginn, dass d’Bibel eis seet, dass et eng wichteg Aufgab vun eis ass, gutt fir eis selwer ze suergen, drop opzepassen, dass dat Liicht, dat an eis brennt, net ausgeet. Dass ech dofir suergen, dass ëmmer genuch Ueleg do ass, fir dass d’Flam net ausgeet. An dass ech net erwaarde sollt, dass anerer dat fir mech maachen.

Et ass interessant, dass dës Geschicht vum Evangelium dat selwecht Bild gebraucht, wat mir aus der Medezin kennen: ausbrennen. ‘Burn out’ héiert een oft, wann d’Balance tëscht ginn an huelen, tëscht aktiv sinn a rouen, tëscht funktionéieren a sech selwer spieren net méi stëmmt a mir dofir eis Kraaft, eis Freed an eis Lebendegkeet verléieren. Mënschen, déi ëmmer fir anerer do sinn, erwaarden oft, dass si als Ausgläich fir hiren Engagement Dankbarkeet, Unerkennung oder och Wichtegkeet kréien. Dat ass fir mech dann d’Hoffnung, dass déi aner mir da ginn, wat ech brauch, dass ech vun hinnen den Ueleg kréien, dee mech weider brenne léisst.

Mee dat geschitt net oft, bzw. et gëtt däitlech, dass et esou net funktionéiert.

Well ëm dat, wat a mir brennt, ka letztendlech ech mech nëmme selwer këmmeren, dat ka kee mir ofhuelen.

Ech mengen, dass den Härgott a jidderengem vun eis e Liicht ugefaangen huet an et niert an et beschützt.

An trotzdeem sollte mir dem Härgott d’Suerg fir dëst Liicht net eleng iwwerloossen. Eis Aufgab ass et, mat eise Mëttelen - zäitweis méi grouss, zäitweis méi kleng - dëst Liicht ze nieren an ze fleegen.

Fir nach eng Kéier op d’Jongfraen aus dem Bibeltext zeréckzekommen: genuch Ueleg ze hunn, ass och eng Saach vun der Virbereedung. Et ass d’Virbereedung, déi déi lous vun den topege Jongfraen ënnerscheed. Et ass letztendlech d’Virbereedung, déi doriwwer entscheet, ob d’Waarden op de Bräitchemann (d’Himmelräich) Sënn mécht oder net.

Gérard KIEFFER
gerard.kieffer@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu