lb fr pt en
Geschicht vun der Diözees . Histoire du diocèse  
20. November 2014

Zur Geschicht vun de „Ministres du culte“

Eise Kierchefinanzéirungssystem ass entstanen no der Franséischer Revolutioun, déi mat hirer antikierchlecher Politik vum „Directoire“ 1795 Lëtzebuerg erfaasst hat. D’Zil vum Directoire war d’Trennung vu Staat a Kierch, déi an der franséischer Verfassung vu 1795 verankert gouf. D’Kierch gouf vum Staat verfollegt, enteegent an hirer Gidder beraubt.

Konkret huet dat ë. a. esou ausgesinn. 1797 verlaangt d’franséisch Regierung vun de Geeschtlechen, déi an der Pastoral täteg waren, den Treieed op d’Verfassung, deen zugläich en Haasseed op d’Monarchie war, ofzeleeën: „Je jure haine à la royauté et à l’anarchie, fidélité et attachement à la République et à la Constitution de l’An III.“ Déi ënnerschiddlech Astellung vis-à-vis vun dësem Haasseed huet Klerus a Paren am Département des Forêts, als dat Lëtzebuerg vu Frankräich anektéiert gi war, ausenanerdividéiert. Vun deene ronn 1100 Geeschtlech hu gutt 2/3 den Eed net ofgeluecht. Dat hat als Konsequenz, esou hat den „Directoire“ verfügt: D’Pargidder, Parheiser a Parkierche vun deene Paschtéier, déi den Eed verweigert hunn (déi sougenannt „insermentés“ oder „réfractaires“) sinn agezunn an als Nationaleegentum zugonschte vum franséische Staat versteet ginn. Esou hunn déi meeschte Paren hire Besëtz verluer. Do wou haut nach e Paschtoueschhaus der Par gehéiert (an net der Gemeng) ass dervun auszegoen, dass do deemols de Paschtouer geschwuer hat an also d’Paschtoueschhaus als Kierchebesëtz erhale blouf. Beispill: d’Paschtoueschhaus vun der Kathedral (deemols Nikloskierch), wou de Paschtouer Käufer mat senge Kapléin als eenzeg vun der Stad geschwuer haten, fir dass de Kult, besonnesch och dee vun der Tréischterin, konnt oprecht erhale ginn.

E Revirement koum mam Napoléon. Hien huet – net well e fromm war, mä e realistesche Politiker, deen d’Roll vu Kierch a Relioun unerkannt an a säi Gesellschaftskonzept agebaut huet – agelenkt an de reliéise Fridden erëm hirgestallt. Mam Poopst Pius VII. huet hien 1801 e Konkordat, d. h. en internationale Vertrag, geschloss, dee relevant war fir de franséischen Empire, zu deem Lëtzebuerg jo weider als Wälderdepartement gehéiert huet. De Napoleon konnt a wollt der Kierch hire Besëtz an hir Revenuën net méi zréckginn, déi ware jo an der Tëschenzäit versteet a verkaft ginn, an der Regel un déi opstriewend Bourgeoisie, déi wéinst Inflatioun a Saturatioun um Marché bëlleg dru komm ass a sech op Käschte vun der Kierch beräichert huet. Mam Konkordat gouf déi geschitten Enteegnung vu béide Säiten erfort, vu staatlecher a kierchlecher, unerkannt a sanktionnéiert. Aplaz kumm dun d’ëffentlech Finanzéierung vum Kult. De neie System ass entstan net als Zoudeele vu Privilegien, mä als Entschiedegung fir Spoliatiounen, als Ersatzleeschtung fir de widerrechtlech agezugene Kierchebesëtz, als Kompensatioun also. Well de Staat der Kierch hir Einkünften a Proprietéiten an engem Akt vu Feindschaft ewechgeholl a selwer akasséiert hat, huet en sech elo revanchéiert an hir nei materiell Grondlagen zougeséchert. Ee System war ofgeschaft ginn, en neien gouf agefouert an an d’Plaz gesat, duerch d’Konkordat an uschléissend Dekreter.

Gebeier a Lännereie vun der Kierch, vun deene si bis dohi gelieft hat, ware vum Staat beschlagnahmt a verkaft ginn – elo kruten d’Paschtéier als „ministres du culte“ eng Staatspei assuréiert. Déi meescht Paschtoueschheiser waren ënnert den Hummer komm – elo kruten d’Gemengen d’Oplo, hinnen Haus oder Wunnecht zur Verfügung ze stellen. D’Kierchegebeier ware konfiskéiert ginn – elo gouwe si Kierchefabriken zougedeelt, fir se ze geréieren, a Kofinanzéirung mat de Gemengen a mat ëffentlecher Bezuschussung am Fall vun Defizit.

Ob d’Konkordat zu Lëtzebuerg nach en vigueur ass oder net, ass wéinst historesche Bréch (Belsch Revolutioun vun 1830 an Neientstoe vum Grand-Duché 1839 mat senge rechtleche Konsequenzen) ëmstridden. An der Fro vun de „ministres du culte“ an hirer staatlecher Besoldung ass d’Fro awer an hirer heiteger Relevanz net un éischter Stell ofhängeg vum Konkordat, mä virun allem tranchéiert duerch d’Lëtzebuerger Verfassung, déi 1848 agefouert an durno e purmol revidéiert gouf – allerdéngs um Punkt vun de „ministres des cultes“ stabel bliwwen ass. Et ass den heitegen Art. 106, dee seet: „Les traitements et pensions des ministres des cultes sont à charge de l’Etat et réglés par la loi.“ Eis Verfassung ass eng Copie vun deër belscher, déi agefouert ginn ass 1831 no der Grëndung vum neie Kinnekräich Belgien, dat géint den hollänesche Kinnek als fréiere Landeshär entstane war. D’belsch Verfassung war eng liberal Verfassung an huet de Modell vun enger fräier Kierch an engem fräie Staat statuéiert. Do gouf, an der Logik vum Konkordat, d’Verflichtung vum Staat iwwerholl, Gehälter a Pensioune vun de Ministres du culte ze assuréieren. D’Lëtzebuerger Konstituioun huet deen Artikel esou wéi anerer ofgeschriwwen, och wann eis Konstitutioun a josephinescher Traditioun der Kierch op anere Punkten net déiselwecht Méiglechkeeten oder Fräiheete ginn huet.

Dëse System gouf duerch eis Konstitutioun an duerch d’Gesetzgebung festgeschriwwe bis haut – esou wéi an der Belsch an an der Alsace-Lorraine, dat Frankräich, dat äis ëmgëtt. E berout op Rechtsdenken a Gerechtegkeetsemfannen opsäite vum Staat, historesch: nämlech begaangent Onrecht erëm gutt ze maan; a bis haut: d’Reliounen esou wéi aner Domäner wuelwëllend ze ënnerstëtzen. Domat gehéieren d’Kierch an déi aner konventionnéiert Culten an an net ausserhalb vun der iwwergeurdneter nationaler Solidaritéit, zumindest bis elo – a wat elo duerch déi aktuell Regierung an hir „Trennungspolitik“ a Fro gestallt ass an ofgeschaft soll ginn.

De System, deen ursrpünglech nëmme fir d’kathoulesch Kierch an näherhin hir Geeschtlech, geduecht war, ass härno, am Laf vun der Zäit, duebel ausgeweit ginn: engersäits intern op kierchlech unerkannte Laienämter, esou wéi se vum II. Vatikanesche Konzil a vun der IV. Lëtzebuerger Diözesansynod agefouert an unerkannt gi sinn (Konventioun mat der Kathouescher Kierch vun 1997/98). Anersäits ass den Terme „ministres du culte“ op aner Reliounsgemeinschaften ausgeweit ginn – bei äis déijéinech, déi 1997/98 resp. 2004 eng Konventioun mam Staat ofgeschloss hunn; dat sinn d’Judden, d’Protestanten vun deenen zwou Obédiencen, d’Anglikaner an d’orthodox Kierch. D’Bestëmmunge vun de „ministres du culte“ gëllen och fir si.

Georges HELLINGHAUSEN
georges.hellinghausen@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu