lb fr pt en
Tréischterin am Leed . Consolatrice des Affligés  
Abrëll 2005

Déi biblesch Maria – mat aneren Ae gekuckt

Wa mir un den immense Räichtum vu Mariebiller denken, deen eis heiansdo och iwwerfuerdert, kënnt et vlläicht ganz heelsam sinn, op eis Quellen zeréck ze greifen. Ech wëll versichen, Iech e klengen Iwwerbléck ze ginn, wéi d’Maria am Neien Testament duergestalt gëtt.

1. Paulus

Ausserhalb vun den Evangelien fanne mir nëmmen een eenzegen Hiweis op d’Maria. Am Galaterbréif steet: “geboren von einer Frau” (4,4). De Paulus betount d’Mënschsinn vu Jesus: vun enger Fra op d’Welt bruecht, war hien e Mënsch wéi mir an domat agebonnen an d’Begrenztheet vun der mënschlecher Natur. Hei gëtt implizit virausgesat, datt seng Mamm och voll a ganz Mënsch war. D’Maria gëtt indirekt an net mat hirem Numm genannt. De Paulus ass weider net un hirer Persoun intresséiert.

2. Markus

Och am Markusevangelium spillt d’Maria keng grouss Roll. Si gëtt nëmmen an hirer Funktioun als Mamm vu Jesus ernimmt. Wa gesot gëtt, de Jesus wier “der Sohn der Maria”, ass dat en Hiweis, datt d’Maria an dem Ament scho Witfra war.

D’Maria erschéngt ëmmer am Grupp vun den anere Familljememberen: de Bridder a Schwësteren vu Jesus. D’Diskussioun, ob hei vu richtege Schwësteren a Bridder oder vu Kosengen a Cousinnen geschwat gëtt, ass bis haut net ofgeschloss. D’Äntwert op dës Fro huet wuel en Afloss op d’Bild vu Maria, fir de Message vun den Texter iwwert Jesus a seng Famill ass si awer net relevant.

Déi Plazen, wou iwwert d’Maria geschwat gëtt, deiten op en ugespanntent Verhältnes tëschent Jesus a senger Famill hin. Si sinn net frou iwwert dem Jesus säi Verhalen, si verstinn et net a kënnen et net akzeptéieren, jo, si wëllen de Jesus soguer mat Gewalt heem huelen. De Jesus weist si of a schwätzt vu senger neier Famill: de Fraën a Männer, déi him nofollegen. Wéi déi aner Familljememberen an, nom Markus, wéi déi meescht Mënschen am Ëmfeld vu Jesus, steet d’Maria der Missoun vu Jesus bis zu sengem Doud kritesch an ongleeweg géintiwwer.

Déi aner Evangelisten iwwerhuelen d’Aussoën iwwert de Jesus a seng Famill vum Markus, schwächen si awer of, well seng Versioun hinnen ze haart ass. D’Versen iwwert d’Heemhuele vu Jesus, wa néideg mat Gewalt, gi ganz eweg gelooss. De Johannes ënnerscheet kloer tëschent der Maria an dem Jesus senge Bridder: seng Mamm vertraut him vun Ufank un, seng Bridder gleewen net un hien.

3. Matthäus

Am Géigesaz zum Markus, verzielt de Matthäus iwwert dem Jesus seng Kandheet. Obwuel et de Jousef ass, deen hei déi zentral Roll spillt, gëtt méi iwwert d’Maria geschwat, wéi beim Markus.

Am Stammbam vu Jesus gëtt déi grouss Billergalerie vun 3 mol 14 Generatiounen vu Männer véiermol duerch eng Fra ënnerbrach: duerch d’Tamar, d’Rahab, d’Rut an d’Batseba. Si zeechnen sech aus duerch hirt onkonventionellt, ambivalent, zum Deel och onmoralescht Verhalen. An awer huet Gott duerch si d’Geschicht vum Vollek Israel viru geschriwwen. D’Maria gëtt ganz um Enn vum Stammbam genannt. Si steet duerch déi ongewinnten Ëmstänn, déi zur Gebuert vu Jesus féieren, mat dëse Fraën an enger Rei: si ass dem Jousef versprach an erwaart e Kand, dat net vun him ass. De Jousef wëll si mat engem Scheedungsbréif entlossen, fir et net zu engem Geriichtsprozess wéinst friem goën (Ehebruch) kommen ze loossen. Well d’Maria, grad wéi déi aner véier Fraën, eng wichteg Roll spillt fir d’Rettung vun Israel, gëtt si duerch d’Interventioun vu Gott gerett. De Jousef bestit sech awer mat hir an adoptéiert de Jesus als säi Kand. Ereischt doduerch kann de Jesus als Nokommen vum Kinnek David als Messias ausgewise ginn.

D’Maria, sou heescht et, ass duerch den Hellege Geescht schwanger ginn. Haut sinn d’Spezialisten sech eens, datt dës Ausso - wéi vill aner an de Kandheetsgeschichten - net als historesch oder hei als biologesch Tatsaach ze verstoën ass, mä als eng theologesch Ausso iwwert Jesus: Et si Biller, déi ausdrécken, datt Jesus vun Ufank un - scho viru senger Gebuert - en aussergewéinleche Mënsch mat enger ganz besonnescher Beruffung war.

Och d’Ausso, datt Maria d’Kand als Jongfra empfaang huet a bis zu senger Gebuert Jongfra bliwwen ass, gehéiert an dësen Zesummenhang. De Matthäus wëll opweisen, datt sech domat eng Verheissung aus dem Alen Testament erfëllt an datt Jesus de Messias ass.

Bei den aneren Erzielungen iwwert déi fréi Kandheet vu Jesus steet d’Maria am Hannergrond a bleiwt passiv. Beim Besuch vun de Stärendeiter, bei der Flucht an Ägypten a bei der Ëmsiedlung op Nazaret gëtt iwwerall wéi eng Formel beigefügt, datt d’Maria an hirt Kand dobei waren. De Matthäus ass net weider un der Persoun vun der Maria intresséiert.

4. Lukas

Och de Lukas huet eng Kandheetsgeschicht vu Jesus un den Ufank vu sengem Evangelium gesat. Et si seng Geschichten, déi d’Veréierung vu Maria bis haut am meeschten beaflosst hunn. Beim Lukas spillt d’Maria eng aktiv, féierend a positiv Roll.

An der Verkënnegungszeen léiere mir si als e jonkt Meedchen aus Nazaret kennen, engem klengen, onbedeitenden Duerf an de Bierger vu Galiläa, wou virun allem arem Baueren liewen. Den Engel Gabriel behandelt d’Maria a senger Uried mat groussem Respekt. Wéi bei altestamentleche Beruffungsgeschichten, kritt si d’Geleenheet fir hir Meenung ze soën. D’Maria wonnert sech schon iwwert dem Engel seng Uried an äntwert dann och mat enger kritescher a verstänneger Objektioun. Si entscheed fräi, selbstänneg an ouni de Jousef, hire zukënftege Mann, ze froën, wat an der deemoleger Gesellschaft ganz ongewinnt ass. Obwuel hir Zouso mat villen Onsécherheeten verbonnen ass, hëllt si hir Beruffung couragéiert un. Andeems d’Maria d’Wuert vu Gott ophëllt, dru gleewt an duerno handelt, gëtt si vum Lukas als déi eischt an als eng virbildlech Jüngerin duergestallt.

Wa si sech selwer op dëser Plaz als eng “Magd” oder wiertlech “Sklavin Gottes” bezeechent, sou bedeit dat net, datt si sech ënneruerdent. Sklav oder Sklavin vu Gott ze sinn ass am Alen Testament en Eirentitel fir wichteg Perséinlechkeeten wéi den Abraham oder de Mose. Sklavin vu Gott ze sinn bedeit och: keen aneren Här wéi Gott z’akzeptéieren. An dem Sënn ass dësen Titel soguer subversiv.

Wéi d’Verkënnegung, ass och de Besuch vun der Maria bei der Elisabet eng reng Fraëgeschicht. Vum Hellege Geescht erfëllt, luewt d’Elisabet de Glaw vun hirer Cousine, an d’Maria beséngt an hirem Lidd Gott als deen, deen duerch si en neien Ufank mat sengem Vollek maache wëll. Si séngt vun enger Ëmstierzung vun den ongerechte Verhältnesser. Si huet dobei hir konkret Situatioun virun Aën: d’Ennerdréckung an d’Ausbeutung duerch déi réimesch Besatzungsmuecht. An enger prophéitescher Visioun beschreift si dem Jesus seng Missioun.

D’Gebuert vu Jesus geschitt ënnert ganz aremséilegen, beschwéierten Ëmstänn, grad fir d’Maria. Nom Lukas kënnt de Messias als Kand vun aarme Leit op d’Welt a stellt sech konsequent op d’Säit vun de Klengen a Schwaachen.

Och no der Gebuert vu Jesus bleiwt d’Maria aktiv. Zweemol - beim Besuch vun den Hiirten an op der Wallfahrt mam zwielef Jor ale Jesus op Jerusalem - gëtt gesot, datt si alles, wat geschitt ass, an hirem Häerz gehalen huet: si huet intensiv doriwwer nogeduecht an huet d’Evenementer a sech wierke gelooss. Och hei gëtt d’Maria als eng virbildlech Jüngerin duergestallt.

Nom Lukas sinn dem Jesus seng Elteren déif gleeweg Judden. Bei der ”ritueller Reinigung” vu Maria am Tempel, riicht den ale Simeon seng Prophezeiung un d’Maria, mam Wuert iwwert d’Schwäert, dat hir Séil duerchdrénge wäert. Vun Ufank un waren fir d’Mamm vu Jesus Freed a Leed mateneen verbonnen.

Dëst Motiv kënnt och an der Geschicht iwwert den zwielef Jor ale Jesus erëm. A senger Pubertéit geet de Jesus aner Weër. Wéi all Elteren, maache sech d’Maria an de Jousef Suergen. Hei ass d’Maria nees aktiv: mat hirem Mann zesummen sicht si nom Jesus a mecht him eng Reprosch, wéi si en erëm fënnt. Si gëtt zeréck gewisen. Och dem Jesus seng Elteren musse lassloosse léieren ...

An der “Seligpreisung” vu Jesus duerch eng onbekannte Fra gëtt an eischter Linn de Jesus geluewt, indirekt awer och seng Mamm. Dem Jesus seng Reaktioun weist d’Verherrlechung vun der Maternitéit (leibliche Mutterschaft) zeréck. Wann d’Maria geluewt gëtt, dann, well si op d’Wuert vu Gott gelauschtert an duerno gehandelt huet. Och hei kënnt d’Motiv vum Jüngerin sinn erëm.

Eng leschte Kéier fanne mir d’Maria beim Lukas am Ufank vun der Apostelgeschicht. Si ass zu Jerusalem, zesummen mat den Apostelen, mam Jesus senge Bridder a mat de Fraën, déi Jesus aus Galiläa nogefollegt sinn. Si waarden op den Hellege Geescht, dee Jesus hinne versprach huet, ier e si verlooss huet. D’Maria gehéiert elo zum Grupp vun de Jüngerinnen a Jünger. Mat den aneren zesummen erliewt si d’Gebuertsstonn vun der Kiirch. Wéi déi aner, kritt d’Maria duerch de Geescht eng nei Aufgab: d’Evangelium ze verkënnegen an zur Verbreedung vum Chrëschtentum beizedroën.

5. Johannes

Beim Johannes gëtt et nëmmen zwou Plazen, wou d’Maria eng Roll spillt: am Ufank an um Enn vum öffentleche Wierken vu Jesus. Si gëtt ni beim Numm genannt: Fir de Johannes ass si nëmmen an hirer Funktioun als Mamm vu Jesus wichteg. Duerfir gëtt si vu Jesus ëmmer mat “Frau” ugeriet.

Ofgesinn vun den Texter iwwert Jesus a seng Famill, ass d’Houchzäit zu Kana déi eenzeg Geschicht aus dem Wierken vum erwuessene Jesus, wou d’Maria ernimmt gëtt. Zu Kana erkennt d’Maria eng peinlech Noutsituatioun an deelt si dem Jesus mat. Si hëllt also d’Initiativ a weist de Wee, wéi de Leit gehollef gi kann. Si gëtt och net op, wéi de Jesus si zeréck weist, mä insistéiert nach, andeems si de Leit réit, dem Jesus seng Uweisungen ze befollegen. Am Géigesaz zu de Jünger, déi en Zeeche brauchen, gleewt si vun Ufank un un de Jesus.

De Johannes ass den eenzegen Evangelist, bei dem d’Maria zesummen mat dräi anere Fraën a mam Jünger ouni Numm, mat dem Jesus sou frou war, ënnert dem Kräiz steet. D’Spezialisten si sech doriwwer eens, datt dës Zeen net historesch verstane ginn daërf. Si ass eng theologesch Konstruktioun vum Johannes an huet eng symbolesch Bedeitung. Et ass d’Stonn vun der Verherrlechung vu Jesus, d’Stonn vun der Vollendung vu sengem Wierk an den Ufank vun enger neier Zukunft. Wat de Jesus an dësem Ament seet, huet de Charakter vun engem Testament. D’Maria an de Lieblingsjünger vu Jesus si Symbolfiguren, well si duerch hire Glaw e Virbild fir aner sinn. D’Maria repräsentéiert d’Gemeinschaft, déi u Jesus gleewt. Den onbekannte Jünger, deen d’Traditioun herno mam Johannes identifizéiert, steet fir de Krees vun de Jüngerinnen a Jünger. Hie garantéiert d’Kontinuitéit vum Jesus senger Missioun. Mam Addi vu Jesus huet och der Maria hir Roll als Mamm vu Jesus en Enn. Si gehéiert elo zur Famill vun de Kanner Gottes.

6. Resultater

Zum Schluss wëll ech versichen, e puer Punkten festzehalen:

 Mir hu gesinn, datt et am Neien Testament net nëmmen ee Bild vu Maria gëtt, mä op mannst véier.

 Wéi d’Evangelien am ganzen, sinn och d’Mariebiller net historesch, mä theologesch Aussoën.

 Déi biblesch Texter intresséieren sech an eischter Linn fir de Jesus. D’Maria gëtt ëmmer a Funktioun vun him gesinn.

 Déi neitestamentlech Texter ginn eis bal keng Informatiounen iwwert d’Maria als Persoun. Déi historesch Maria entzitt sech eis.

 D’Bibel bitt och keng historesch Grondlag fir Dogmen wéi d’onbefleckten Empfängnis oder d’Opnam vu Maria an den Himmel.

 D’Biller, déi mir haut vu Maria hunn, sinn dacks wäit eweg vun der biblescher Maria. Si stamen aus den Apokryphen, aus Legenden, aus der Konscht asw.

 D’Erkenntnis, datt déi fréi chrëschtlech Gemeinschaften keen eenheetlecht Bild vu Maria haten, ka fir eis befräiend sinn: grad wéi si däerfe mir eis op d’Sich no neie Mariebiller maachen, déi an eis Zäit passen an op eis Froën äntweren.


Literatur

 Simone Burster, Maria - auf der Suche nach der Schwester im Glauben, in: Simone Burster/Barbara Denz/Dorothee Foitzik Eschmann u.a., FrauenBande. Feministisch-theologische Themen für die praktische Arbeit mit Frauengruppen, Düsseldorf 1999, 139-158. (KlensVerlag)
 Hanna-Barbara Gerl, „Stern über dem Meer“. Marias symbolische und biblische Gestalt, in: Dies., Die bekannte Unbekannte. Frauen-Bilder in der Kultur- und Geistesgeschichte, Mainz 31993, 98-115. (Matthias-Grünewald-Verlag)
 Hanna-Barbara Gerl, Ist Vollkommenheit langweilig? Oder: Auf der Suche nach einer „anderen“ Maria, in: Dies., Die bekannte Unbekannte. Frauen-Bilder in der Kultur- und Geistesgeschichte, Mainz 31993, 116-127. (Matthias-Grünewald-Verlag)
 Herbert Haag/Joe H. Kirchberger/Dorothee Sölle/Caroline H. Ebertshäuser, Maria. Die Gottesmutter in Glauben, Brauchtum und Kunst, Freiburg-Basel-Wien 1997/2004. (Herder)
 Katholisches Bibelwerk Stuttgart/Schweizerisches Katholisches Bibelwerk (Hrsg.), Maria (Bibel heute 143), Stuttgart 2000. (kbw)
 Burkhard R. Knipping, Mensch Maria. Gottesmutter unter Menschen (Themenhefte Gemeindearbeit 37), Aachen 1999. (Bergmoser + Höller Verlag)
 Robert Mahoney, Die Mutter Jesu im Neuen Testament, in: Gerhard Dautzenberg/Helmut Merklein/Karlheinz Müller (Hrsg.), Die Frau im Urchristentum (Sonderausgabe von QD 95), Freiburg-Basel-Wien 31988, 92-116. (Herder)
 Elisabeth Moltmann-Wendel/Hans Küng/Jürgen Moltmann (Hrsg.), Was geht uns Maria an? Beiträge zur Auseinandersetzung in Theologie, Kirche und Frömmigkeit, Gütersloh 21991. (Gütersloher Verlagshaus)
 Annemarie Ohler, Maria, die Mutter Jesu, in: Dies., Frauengestalten der Bibel, Würzburg 31988, 132-156. (Echter)
 Stefanie Aurelia Spendel/Marion Wagner (Hrsg.), Maria zu lieben. Moderne Rede über eine biblische Frau, Regensburg 1999. (Verlag Friedrich Pustet)
 Johannes Thiele (Hrsg.), Die andere Maria. Neue Zugänge, Freiburg-Basel-Wien 1987. (Herder)

Die biblische Maria - Übersicht

Thema Paulus Markus Matthäus Lukas Johannes
Stammbaum Jesu 1,1-17 (3,23-38)
Verheißung der Geburt Jesu 1,26-38
Maria besucht Elisabet 1,39-56
Geburt Jesu Gal 4,4 1,18-25 2,1-7
Huldigung 2,1-12 2,8-20
Flucht nach Ägypten und Rückkehr 2,13-23
Darstellung Jesu im Tempel 2,21-40
Der 12jährige Jesus im Tempel 2,41-52
Hochzeit zu Kana 2,1-12
Die wahren Verwandten 3,20.31-35 12,46-50 8,19-21 (7,1-10)
Ablehnung Jesu in seiner Heimat 6,1-6 13,54-58 (4,16-30) (4,44);6,42
Seligpreisung 11,27
Unter dem Kreuz 19,25...
Die Jerusalemer Urgemeinde Apg 1,13...

Die Bibelstellen in Klammern sind Parallelen, die Maria nicht erwähnen.

Anastasia BERNET
anastasia.bernet@cathol.lu
 
Ä e r z b i s t u m    L ë t z e b u e r g   .   A r c h e v ê c h é   d e   L u x e m b o u r g    .   
YouTube
SoundCloud
Twitter
Instagram
Facebook
Flickr
Service Kommunikatioun a Press . Service Communication et Presse
Äerzbistum Lëtzebuerg . Archevêché de Luxembourg

© Verschidde Rechter reservéiert . Certains droits réservés
Dateschutz . Protection des données
Ëmweltschutz . Protection de l'environnement
5 avenue Marie-Thérèse
Bâtiment H, 1er Étage
L-2132 Luxembourg
+352 44 74 34 01
com@cathol.lu