|
CREDO - Priedegten / Sermons
Ech gleewen u Gott, de Papp, den Allmächtegen
„Ich glaube an Gott, den Vater, den Allmächtigen,
den Schöpfer des Himmels und der Erde“ Mer gleewen u Gott! Dat maache vill aner Mënschen och. Se soen: Et muss eppes iwwert äis ginn. Mat dësem Eppes menge si Gott. Fir Chrëschte, Judden a Moslem ass Gott net Eppes, mä Een, eng Persoun. Alles, wat mir Chrëschte vu Gott wëssen an erwaarden, wësse mer vu Jesus Christus. Hien ass de Wee. Hie weist äis, wie Gott ass. 1. U watfir e Gott gleewe mer also? „Ech gleewen u Gott, de Papp“, steet als éischt am Credo. Den Herrgott ass méi wéi eng onperséinlech Existenz; méi wéi e Mier vu Liewen an Energie. Hien ass Een, an zwar Papp. Hien ass virun allem de Papp vum Jesus an duerch hien och eise Papp. Mer liewen net ënnert dem kille Bléck vun engem Gott, deen äis ging nokucken oder kontrolléieren – Big Brother is watching you. Neen, mer liewen ënnert senge wuelwëllenden Aen. Ech sinn net eleng: Et kuckt een mech un. An ech sinn a senger gudder Hand gebuergen an opgehuewen, „sub manu solius Dei – ënnert der (seegnender) Hand vu Gott alleng“, wéi de Wopesproch vun der aler Abtei Iechternach noleed. Gott schwätzt äis un. Saache kënne net schwätzen, e Papp wuel. Gott schwätzt mam Abraham a mam Moses, mat Prophéiten a Weisen am Alen Testament. Esou ginn och mir seng Gespréichspartner. Wat e Gléck, mer kënne mat Engem schwätzen. Gott gesäit äis un als erwuesse, fräi a responsabel. Datt hie säi Wuert un äis riicht, weist seng grouss Estime: Mer sinn derwäert, vun him ugeschwat ze ginn. Mer si valabel Interlocuteure fir hien. A wann e sech un äis adresséiert, da well en erwaard, datt och mir an Dialog mat him trieden; datt mer seng Alliéiert ginn a mat him Geschicht schreiwen. Domat si mer méi wéi Interlocuteuren, mer gi seng Compagnon’en op engem gemeinsame Wee. Wa Gott mat äis schwätzt, dann a leschter Instanz, fir äis gär ze hunn. Wie mat engem schwätzt, wëllt him jo méi nokommen a nosinn. Gott ass net nëmme mäi Papp oder de Papp vun engem auserwielte Vollek, mä de Papp vun alle Mënschen. Duefir ass d’ganz Mënschheet eng grouss Famill, iwwert all Faarwe, Sprooche, Rasse, Kulturen a Reliounen ewech. Dat weist och, dass Gott net fir d’Uniformitéit ass: Hie wëllt all Faarwen, net nëmme Gro. Domat ass och kloer, datt alles dat, wat d’Äerd produzéiert u Friichten an u Schätz, och alle Mënschen zougeduecht ass. Kee vun äis ass Proprietär, all si mer just Verwalter. 2. Den Herrgott ass och allmächteg, seet eist Glawesbekenntnis. Dass Gott alles kann, huet näischt mat Kraaftprotzerei oder Iwwermuecht ze dinn. Den déifsten Ausdrock vu senger Allmacht ass d’Tatsaach, datt hie Mënsch konnt ginn, am Jesus. Senger Allmacht begéine mer duefir an der Krëpp, un der Huwwelbänk beim Jousef zu Nazareth an um Holz vum Kräiz. „Wann ech schwaach sinn, da sinn ech staark“ – dee Saz vum Paulus (2 Ko 12,10) gëlt un éischter Stell fir Gott selwer. Mir eisersäits verbanne jo éischter Allmacht mat Gewalt a Muskelkraaft oder sosswelleche Machtphantasien. Mä d’Allmacht vu Gott ass d’Allmacht vun der Léift. „Ich bete an die Macht der Liebe“, sange mer an engem Lidd. Gott ass esou allmächteg, datt en sech ohnmächteg weise kann; esou grouss, datt en sech kleng, verwondbar an aarm maache kann; esou grouss, datt en esougur verzeie kann. Als säi Bild hu mir dëse Gott erëmzespiggelen: andeems mir selwer déngen an anerer gär hunn, selbstlos a net muechtbesiesse sinn. Ni weise mer besser eis Muecht an déi vu Gott wéi dann, wa mer äis erbaarmen a Verzeiung schenken. Esou gëtt d’Iddi vun der Muecht op d’Kopp gekéiert: Et geet net drëm, ze kréien oder ze eroberen, mä ze ginn an ze verzeien (donner et par-donner). An eis Opmierksamkeet deene Klengen a Schwaachen ze widmen, well hinne wend d’gëttlech Allmacht sech mat Vierléift zou: deem klengen David géint de riisege Goliath, der Judith géint de mächtegen Holofernes, der schmächteger Esther géint den Aman. Maria séngt an hirem Magnificat, an si huet d’Erfarung perséinlech gemat: „Hien erhieft déi demüteg.“ (Lk 1,52) Dat ass och fir äis Programm. Dee gréissten Akt vu gëttlecher Allmacht ass awer säin Triumph iwwer den Dout – esou geschitt an der Operstehung vu sengem Jong. Gott rifft déi Doudeg aus de Griewer eraus. Net fir näischt fängt de Credo u mam Bekenntnis un den allmächtege Gott an der Schëpfung an hällt op mat der Unerkennung vun deërselwechter Allmacht an der Operstehung vun den Doudegen an am éiwege Liewen. Den Herrgott ass allmächteg vun Ufank bis un d’Enn. 3. Gott ass de Schëpfer vun Himmel an Äerd, soe mer. De Weltall ass méi wéi eng Usammlung vu Stären a Planéiten an d’Natur méi wéi eng riiseg Maschinn, déi vu sech aus funktionnéiert. Se si vu Gott geschafen a belieft, dat ass wäit méi. D’Schëpfung gläicht engem groussen Organismus, dee vu Gott mat Lieweskraaft an Energie gefëllt gëtt. D’Welt ass net einfach vun hirem Erbauer virprogramméiert. Si entwéckelt sech weider, vu sech a well hien un hir weiderschaaft. Gott ass iwwerall an trotzdeem verschidde vu senger Schëpfung – kënne mer duefir eppes aneres wéi staunen a bewonneren? Den hl. Augustinus, deen op der Sich no Gott war, schreift: Ech hunn d’Welt gefrot an si huet mer geäntwert: „Net ech sinn däi Gott!“ Alles wat lieft oder besteet, huet mer déiselwecht Äntwert ginn. Ech hunn de Wand gefrot, an e sot mer: „Net ech sinn däi Gott, mä sich méi héich!“ Ech hunn Himmel, Sonn a Stäere befrot. All hu se mer geäntwert: „Mir sinn net de Gott, deen s du sichs.“ Du sot ech: „Ma da schwätzt mer dach vu mengem Gott, wann der et net selwer sidd; verzielt mer dach eppes iwwert hien!“ An dun hu se mer zougeruff, mat hirer mächteger Stëmm: „Hien ass et, deen äis geschafen huet!“ Fir eppes vun him gewuer ze ginn, hunn ech se nëmme brauchen ze kucken, an hir Äntwert war: hir Schéinheet. Och de Mënsch ass vu Gott geschafen, hien ass esougur seng Lieblingskreatur. Dat gëtt all Mënsch eng ongeheier Dignitéit. Mer liesen an der Bibel, dass Gott dem Mënsch seng Schëpfung uvertraut huet. Hie mécht e gewëssermoossen zu sengem Gouverneur a Gérant. De Mënsch däerf alles uerdnen, beaarbechten a bebauen. E soll awer och alles respektéieren an erhalen, wat en emfaang huet. De Mënsch ass duefir net nëmmen deen, deen an der Natur entdeckt, mä och deen, dee matschaaft, erbaut an der Welt eng Gestalt gëtt. Kooperator vu Gott! Gott schützt an erhällt dat, wat e geschafen huet. Esou huet et och beim Mënsch ze sinn, deen säi Liewe vu Gott kritt huet. Well Gott e „Frënd vum Liewen“ ass (Weish 11,26), duefir trëdde Chrëschten hirersäits a fir d’Liewe vun der Emfängnis bis zum natierlechen Dout, a wann d’“Kultur vum Dout“ hiren Imperium och nach esou ausbreed. Léif Bridder a Schwësteren! Aus alldeem ergëtt sech: Eise Glawen ass eppes Freedeges – de Kardinol Danneels iwwerschreift eng Brochure „la joie de croire“. An d’belsch Bëschofen, un deenen dës Gedanke sech inspiréiere, schwätzen zu Recht vun „eisem schéine Glawesbekenntnis“ (la belle profession de foi). Eise Glaf huet Charme! En ass net nëmmen eng Oplëschtung vu Wourechten, mä di lieweg Galerie vum wonnerbare Wierke vu Gott – mirabilia Dei – zugonschte vun äis Mënschen. Dëse Schaz vun eisem Glaf wëlle mer nei entdecken an dru frou ginn. Amen.
|
An dëser Rubrik
|


Circle cathollu
Follow cathollu
Like cathollu
Permalink: http://www.cathol.lu/article1807
Uewen


