|
CREDO - Priedegten / Sermons
Ech gleewen u Jesus Christus
I. «Ich glaube … (und) an Jesus Christus»Deen zweeten Artikel vum Credo fänkt un mam Saatz: «Ich glaube … und an Jesus Christus». «Jesus Christus», ass dat een Numm oder ass ët eng Aussoo iwert iirgend ee Mensch oder wat a wien och ëmmer? Schon un dëser Froo gesi mir, dass ët relativ komplizéiert gëtt. Dë Jesus, vun deem eis Bibel schwetzt, gouf ët dee wiirklech? Ass hien een historësch gréifbare Mensch gewiescht? Doriwer ass vill nogeduecht an och nogeforscht gin. Wann een um Bichermaart kuckt, wéivill Bicher sech matt dëser Thematik befaassen, da kann ët engem scho bal schwindelech gin. Zenter ville Joëren gëtt sech driwer ‘gestridden’, wien dat war dee Jesus vun Nazareth, vun deem eis Evangelien erzielen. Gouf ët deen als Mensch wiirklech? Vill Zäitgenossen vun haut si séier ferdeg an deklaréieren, wann ët kee Jesus als historësche Mensch gouf, dann ass dë chrëschtlechen Glawen an déi ganz Religioun hifälleg an op eng Liggen opgebaut. Da kann een si vergiessen. Awer ass ët wiirklech fir eis Religioun, fir eise Glawen noutwendeg, dass ët ee Jesus gouf, ee konkreten Mensch, deem säi Liewenslaf mir iirgendwann kënnen komplett rekonstruéieren? Wat bedeit dee Moment dat Bekenntnis ‘Ich glaube’? Un eppes, wat real existéiert, brauch een nët ze gleewen. Ee Mensch, deen ët wiirklech echt gin huet, kann nët dë Géigenstand vun engem Glawe sin. Un een historëschen Jesus kann ech nët gleewen. Deen huet ët entweder gin oder och nët. Dat ass eng Froo vun historëschem Beweis, deen dee Moment ze féieren ass. Awer ë kann nët gegleewt gin. Mä mir hun an eisem Ufankssaatz vum Glawensartikel iwert dë Jesus jo nach een weidert Wuert: ‘Christus’. Ech schecken viraus, dass ët nëmmen gudd an och richteg ass, dass dat esou an nët aaneschters an eisem Credo steet. Nëmmen duurch dë Zousaatz vun dësem Begrëff ‘Christus’ kann een iwerhaapt bekennen ‘Ich glaube’. Kucke mir eis dësen Ausdrock un. Christus heescht an der griechëscher Sprooch näischt aaneres wéi dee Gesalbten. Dë Jesus ass dee Gesalbten, deen dann am Hebräischen ‘Messias’ heescht. Dën Titel vun engem Messias oder vun deem Messias schlechthin aus dem AT gëtt also hei op dë Jesus iwerdroën. Vun him gëtt duurch dësen Titel eppes ausgesot. A genee dat ass ët, wat mir gleewen sollen. Dë Jesus ass deen, vun deem d’AT schwetzt. Hien ass dee Messias, deen Hoffnungsträger fir d’Vollek Israel. D’Vollek Israel hat eng ganz bewegten Geschicht. Dee ‘Gesalbten’ war eigentlech an éischter Linn dë Kinneg. Dëse Kinneg war dee ‘Gesalbten vu Gott’. Seng Würd huet dë Kinneg duurch d’Auser-wielen duurch Gott selwer kritt. Wéi awer d’Kinnegtum an Israel ënnergaangen ass, goufen all kin-neglech Messiaserwaardungen op eng charismatësch priesterlech Hoffnungsfigur iwerdroën, dë Messias. D’Profeten an d’Psalmisten setzen hir Hoffnung op dëse Messias, deen dëm Vollek Heel brengt, Befreiung, Fridden, Gleck asw. Dë Messias ass also deen, deen nei Hoffnung an Zukunft brengt, dee rett a befreit, deen tréischt an erem opriicht. Dëse Messias, sou bekennen ët eis Schrëf-ten vum Neien Testament, ass am Jesus vun Nazareth realiséiert. Dë Jesus ass dë Messias. Dë Péit-rus seet ët: «Du bass dë Christus!» (Mk 8,29). Dë Péitrus schwetzt hei fir all déi aaner Apostelen a Frënn vum Jesus. Si gesin am Jesus d’Messiaserwaardung erfëllt. Fir si war dëse Mensch Jesus, dë Messias. Natiirlech gouf ët och schon demols vill Menschen, déi eben just dat nët esou gesin hun. Dëm Jesus säin Optrieden huet kengesfalls an allem deene klassëschen Erwaardungen un ee Mes-sias entsprach. (Dat soll och eis drun erënneren, dass mir eis nët een zevill festgeluechtend Bild vum Jesus sollte maachen. Well ët si schliesslech nët eis Wonschgedanken, déi wichteg sin, mä dat wat wiirklech ass. Mir Menschen kënnen eis ee Bild definéieren, awer dat muss nët deem ent-spriechen, wéi Gott wëll dë Laf vun der Geschicht bestëmmen.) Schon demols war ët also esou, dass do Menschen waren, déi am Jesus dë Messias, dë Christus gesin hun an aanerer eben nët. Wat awer mecht dë Jesus zum Messias, zum Christus? Dë Johannes dën Deefer hat demols schon och ee wéineg Zweifel, op dë Jesus wiirklech deen erwaarten Messias soll sin. Bäim Matthäus stin déi folgend interessant Sätz dozou: «2 Johannes hörte im Gefängnis von den Taten Christi. Da schickte er seine Jünger zu ihm 3 und ließ ihn fragen: Bist du der, der kom-men soll, oder müssen wir auf einen andern warten? 4 Jesus antwortete ihnen: Geht und berichtet Johannes, was ihr hört und seht: 5 Blinde sehen wieder und Lahme gehen; Aussätzige werden rein und Taube hören; Tote stehen auf und den Armen wird das Evangelium verkündet.» (Mt 11, 2-5) Dë Jesus stellt sech selwer heimadder an d’Spur vun der Heelserwaardung vun der Bibel, déi helleft an opriicht. Hien bekennt sech dozou, dass dëm Mensch muss gehollef gin, dass dë Mensch geheelt muss gin. Dass Blanner erem gesin a Schlammer erem kënne goën, sin Biller, déi mir nët einfach nëmmen wuertwiertlech sollen huelen. Si sin metaphorësch Beschreiwungen fir dat, wat dë Jesus un dë Menschen real wiirkt: hien huet dë Leit d’Aan op gemaach, hien huet ermiddegt derzou, fir virun ze goën, hien huet déi Ausgestoussen an d’Gesellschaft zereckgeholl, hien mecht geeschteg Doude-ger erem lieweg a virunallem verkënnegt hien eng frouh Botschaft, déi grad deenen op der Basis vum Vollek Achtung entgéint brengt. Bäi him gëtt all Mensch a senger Persoun eescht- an ugeholl. Duurch seng Aart gëtt hien dë Menschen Selbstvertrauen an weist hinnen, dass Gott och fir si do ass. Menschen kënnen sech also opriichten. Si gin duurch dë Jesus zu Persounen matt Wert a Würd. Dë Jesus ass dë Messias, dë Christus duurch seng Aart fir un dë Menschen ze handelen, duurch seng Botschaft, déi hien verkënnegt. Dë Glawen un dë Jesus als dë Messias setzt also viraus, dass ech selwer seng Botschaft an säi Wee unerkennen, dass ech gleewen, dass hien Menschen ugereegt huet fir selwer elo säi Wee weider ze goën. Wann ech am Credo bekennen, dass ech un Jesus Christus gleewen, dann huet dat Konse-quenzen fir mech, fir mäi Liewen, fir mäi Wee, deen ech gin. Wann ech éierlech bekennen, dass ech u Jesus Christus gleewen, dann ass dë Jesus nët een einfachen Wanderpriedeger, deen zu enger be-stëmmter Zäit geliewt an do muneches bewiirkt huet, mä dann ass hien och elo nach präsent a men-gem Liewen. Da bedeit hien eppes fir mech. Dann ass hien eng Riichtschnouer fir mäin Handelen an der Welt vun haut. ‘Ech gleewen u Jesus Christus’ ass nët dë Glawen un eng historësch Persoun mä ët ass dë Glawen un dë Messias, dee mir haut a perséinlech eppes ze soën huet. Vum John Hen-ry Newman gëtt ët ee schéint Wuert dozou: «Leider erfassen wir nur langsam die große Wahrheit, dass Christus sozusagen unter uns wandelt und uns durch einen Wink seiner Hand, seines Auges, oder durch ein Wort seines Mundes einlädt, ihm zu folgen. Wir verstehen es nicht, dass sein Ruf etwas ist, was sich jetzt ereignet. Wir denken, sein Ruf sei in den Tagen der Apostel ergangen, aber wir glauben nicht an ihn und lauschen nicht auf ihn, wo er uns selbst betrifft.» Dë Glawen u Jesus als dë Christus heescht, dass ech iwerzeegt sin, dass hien mech perséinlech rifft, dass hien elo am Moment bäi mir ass an dass seng Erléisung geschitt u mir an un deenen Menschen, deenen ech selwer als Christus-Gleewegen dëm Jesus seng Guddheet a Léift zoukomme loossen. Glawen heescht nët nëmmen bekennen, mä och sech ruffe loossen fir selwer d’Léift vu Christus ze liewen. Amen. II. «Und an Jesus Christus, seinen eingeborenen / einzigen Sohn»Eist Glawensbekenntnis wëll eis a kuurzen formelhaften Sätz soën, wien dë Jesus ass, wat eis kierchlech Gemeinschaft vun him denkt oder gleewt. Wien ass dëse Jesus? Dën Christus-Titel, deen dë Jesus kritt ass déi wuel äälsten Beschreiwung. Aus dem jüdëschen Denken eraus war dat dat höchst, wat iwert dë Jesus auszesoë war. Hien war deejéinegen, deen d’Erléisung brengt, deen dë Menschen een neien Wee gewissen huet aus hirer Nout eraus. Scho ganz fréih awer fanne mir an dë Schrëften vum Neien Testament eng weider Beschreiwung vum Jesus, déi dann och an eist Glaw-ensbekenntnis iwerholl gouf. Hien gëtt als ‘Sohn Gottes’ bezeechent. An eben just an eisem Glaw-ensbekenntnis gëtt an deenen folgenden Sätz dess Gottessohnschaft dann och weider ënnermauert. ‘… seinen eingeborenen Sohn, unseren Herrn, empfangen durch den Heiligen Geist, geboren von der Jungfrau Maria,’ heescht ët am Text. Hei ass ganz däitlech op d’Lukas- an op d’Matthäusevan-gelium Bezuch geholl. Fir dën Lk an dë Mt ass dë Jesus op wonnerbar an göttlech gewierkten Ma-néier Mensch gin aus der Jongfraa Maria. D’Glawensbekenntnis leet sech also op eng Deitung aus dem NT fest. Als ‘Sohn Gottes’ ass dë Jesus also hei ee Wiesen, dat esou wäit iwert eis allen aane-ren Menschen steet. Mir Menschen am allgemengen, mä awer och mir als gleeweg Chrëschten din eis vläicht grad haut ee wéineg schwéier matt dëser Konzeptioun. Jesus Christus ass bal unnahbar fir eis gin. Ass dat déi eenzeg Méiglechkeet fir dë Jesus ze gesin? Ech lueden iech an, fir ee wéineg am NT ze liesen. Wat steet do nach iwert dë Jesus an iwert seng ‘Gottessohnschaft’? Dën Apostel Paulus schreiwt a sengem Bréif un d’Réimer dat hei: «1 Paulus, Knecht Christi Jesu, berufen zum Apostel, auserwählt, das Evangelium Gottes zu verkündigen, 2 das er durch seine Propheten im voraus verheißen hat in den heiligen Schriften: 3 das Evangelium von seinem Sohn, der dem Fleisch nach geboren ist als Nachkomme Davids, 4 der dem Geist der Heiligkeit nach eingesetzt ist als Sohn Gottes in Macht seit der Auferstehung von den Toten, das Evangelium von Jesus Christus, unserem Herrn.» (Röm 1, 1-4) Interessant ass hei nët dat, wat dë Paulus iwert sech selwer seet, mä wat hien iwert dë Jesus seet. Dë Jesus huet eng menschlech Oofstaamung. Hien ass een echte Mensch, matt enger Geschicht, matt enger Famil: ‘dem Fleisch nach geboren (ist) als Nachkomme Davids’. Dann awer huet dë Jesus souzesoën eng zweet Oofstaamung. Hien ass dëm Geescht no vu göttlecher Oofstaamung. Zur ‘Gottesohnschaft’ ass hien auserwielt oder agesat gin matt Muecht. Zu deem, wat hien ass, nämlech ‘Sohn Gottes’ ass hien gemaach gin. Dë Paulus seet eis och duurch wat, nämlech duurch d’Oper-stehung vun dën Doudegen. Fir dë Paulus ass dë Jesus also nët Sohn Gottes opgrond vun enger wonnerbarer Gebuurt, wéi dën Lk an dën Mt ët soën, mä eenzeg an alleng duurch eng muechtvoll Erwielung vu Gott. Ët ass een Akt vu Gott, deen deen um Kräiz gepengegten a gestuerwenen Mensch Jesus aus dëm Beräich vum menschlechen Doud erausrappt an ee göttlecht Liewen. Eng nach ee wéineg aaneschters Deitung fanne mir bäim Evangelist Markus. «9 In jenen Tagen kam Jesus aus Nazaret in Galiläa und ließ sich von Johannes im Jordan taufen. 10 Und als er aus dem Wasser stieg, sah er, dass der Himmel sich öffnete und der Geist wie eine Taube auf ihn herabkam. 11 Und eine Stimme aus dem Himmel sprach: Du bist mein geliebter Sohn, an dir habe ich Gefallen gefunden.» (Mk 1,9-11) Hei ass dë Jesus ‘Sohn Gottes’ duurch eng Berufung duurch Gott, déi un dë Jesus um Ufank vun sengem öffentlechen Optrieden ergeet. Bäi der Daf hat dë Jesus eng ‘Beruf-fungsvisioun’ oder ee ‘Beruffungserliefnis’. Vun elo un trëtt hien öffentlech op a vertrëtt eng eegen-stänneg Botschaft, déi dann vill Menschen a säi Bann zitt. Wichteg ass fir eis, dass unsech dë Jesus hei ‘Sohn Gottes’ ass well an zenter dass Gott hien dozou erklärta beruff huet. Dëm Evangelist Mk seng christologie kann als ‘adoptianësch’ bezeechnen, well Gott dë Jesus souzesoën als ‘Sohn Gottes’ adoptéiert. Gott erwielt sech ee Mensch als säi Jong a gëtt him domadder eng besonnësch Muecht. Nach eng aaner Deitung vun der ‘Gottessohnschaft’ vum Jesus fanne mir dann am Johannesevange-lium. Dën Prolog zu dësem Evangelium seet iwert d’Göttlechkeet vum Jesus eigentlech dat maxi-maalt Méiglecht aus. Dë Jesus ass hei schon nët nëmmen méi ‘Sohn Gottes’, mä hien ass quasi Gott selwer. «Im Anfang war das Wort, und das Wort war bei Gott, und das Wort war Gott. - » (Joh 1,1) Dën ‘Logos’ ass dë Geescht, deen alles lenkt a gestalt. Dën ‘Logos’ ass dat, ‘was die Welt im Innersten zusammenhält’. Dësen gött-lechen ‘Logos’ ass am Jesus Mensch gin. «Und das Wort ist Fleisch geworden und hat unter uns ge-wohnt und wir haben seine Herrlichkeit gesehen, die Herrlichkeit des einzigen Sohnes vom Vater, voll Gnade und Wahrheit.» (Joh 1, 14) Bäim Joh ass dë Jesus ‘Sohn Gottes’ nët erréischt vun der Operstehung un wéi bäim Paulus, nët vun enger Berufung un wéi bäim Mk an och nët vun senger Gebuurt un wéi bäim Lk an Mt, mä hien ass ët vun der Erschaaffung vun der Welt un, jo esouguer schon virun der Erschaaffung, well hien am Fong nët ‘Sohn Gottes’ ass, mä Gott selwer. Alleng dëss Beispiller weisen eis, dass eis Bibel vill duurchaus ënnerschiddlech Konzeptiounen vun deem Begrëff vun der ‘Gottessohnschaft’ vum Jesus kennt. Eist Glawensbekenntnis huet sech op eng Deitung fokusséiert. Interessant bleiwt awer fir eis als gleeweg Chrëschten dëss grouss Ver-schiddenheet vum NT. An dat ass och wierklech gudd esou. Hei kann jidfereen fir säin eegenen Glawen eng schéin a gudd Deitung fannen, wien a wat dë Jesus ass a wat hien fir een perséinlech ka sin. Dë Jesus ass wuel demols schon dë Menschen ganz ennerschiddlech begéint. Déi eng hun dësen Aspekt un him endeckt aanerer erem deen. Awer iirgendwéi hun déi, déi him begéint sin, gespuert, dass si eng Gottesbegéignung haten. Am Jesus ass hinnen Gott begéint, ass hinnen Gott a seng Bot-schaft méi no komm. An deem, wat dë Jesus gesot a gemaach huet, ass dem Härgoot seng Léift a seng Wourecht spierbar gin. Dat war dat Wichtegt. Dë Jesus hat d’Fähegkeet, fir dë Menschen dat ‘Göttlecht’ ze vermëttelen. Wien him begéint ass, deen huet d’Erfahrung gemaach, dass hien be-schenkt gouf. Nët seelen gi mir jo och als Kanner vu Gott bezeechent. Mir selwer wëllen eis als Kanner vu Gott gesin. Do ass dann elo d’Froo un eis, op mir dann eventuell och ënnert dëse Begrëff vum Glawens-bekenntnis vum ‘Sohn Gottes’ kënne faalen. Zumindest zwou Konzeptiounen aus dem NT, déi ech opgezielt hun, kéinten fir eis perséinlech vu Bedeitung sin. Als éischt emol steet do dem Mk seng Idie, dass Gott auserwielt, dass Gott berifft. Duurch eis Daf si mir als Chrëschten beruff fir an eiser Zäit déi göttlech Botschaft ze liewen an ze verkënnegen. Fir wat sollen nët och aaner Menschen un eis an duurch eis eppes vun deem göttlechen Liewen spire kënnen. Eist Handelen an der Welt soll eben och d’Léift an d’Wourecht vu Gott realiséieren. Maache mir dat? Si do ‘Söhne’ an ‘Töchter’ vu Gott? Ech denken vun der Säit vu Gott aus besteet d’Angebot an dën Optrag. Just mir misten deen elo nach unhuelen an ausféieren. Déi zweet Konzeptioun, déi och op eis kann zoutreffen, ass déi vum Paulus aus dem Réimerbréif. Mir sin alleguer wéi dë Jesus zur Operstehung bäi Gott beruff. Vertraue mir dropp, dass dëm Här-gott seng Verspriechen och eis gëllen, dass mir zu engem Liewen a senger Härlechkeet auserwielt sin? Da bréichte mir eist Liewen nët vun sengem irdëschen Enn hir ze kucken, mä vun senger Zu-kunft hir. An eben an deem Fall kéinten mir elo schon als Erléisten duurch eist Liewen goën an villfach eng méi frouh a glecklech Welt opbauën an eiser Zäit. Amen.
|
An dëser Rubrik
|


Circle cathollu
Follow cathollu
Like cathollu
Permalink: http://www.cathol.lu/article1808
Uewen


