+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Mouvementer
MOBILE
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
 
CREDO - Priedegten / Sermons
Ech gleewen un dat éiwegt Liewen

Mir verginn net am Doud – well den Härgott hëlt äis do eraus

Predigt iwwert de „Schluss“ vum Credo (Als Liesung kann de Psalm 49, 1-16 geholl ginn)

Virun e puer Méint hat si hire Mann verluer. Hien hat mussen an d’Clinique – eigentlich näischt Schlëmmes. Äwer du guef et Komplikatiounen. An hie war och net méi de Jiingsten. Hien huet vill musse matmaachen. An du guef se eng Kéier nuets geruff: Si soll séier kommen.

Ganz friddlich luech hire Mann an sengem Bett. Eng Infirmière hat eng Käerz ugefaang op sengem Nuetsdësch an ee kléngt Kräiz dobäigestallt. An deser Nuecht ass hire Mann gestuerwen, ganz rouig, ouni nach vill mussen ze kämpfen.

Ë puer Méint méi spéit – um Karsamsdig-Owend – war se an der Mass. A wéi se di kléng Ouschterkäerz an der Hand gehal huet mam Ouschterfeier, dunn huet se sich erënnert un di Käerz am Stierfzëmmer vun hirem Mann. Si erënnert sich un di ganz Opreegung vun deser Nuecht an der Clinique; di vill Gedanken, di vill Gefiller … an dann di Käerz, déi gebrannt huet um Nuetsdësch – sou stëll, sou friddlich.

A wéi se op di kléng Flamm vun der Ouschterkäerz kuckt an hirer Hand, do denkt se bei sech: „Neen, den Doud ass net dat Eenzigt an dat Lescht. Och an der Däischtert vum Doud gëtt et Liicht – eng gutt Hand matzen an eisem Ongléck. Mäi Mann ass elo ënzwouch, wou et hell ass a schéin a wou en Rou huet.” Si kuckt op di kléng Flam a spiirt niewt hirer Trauer a Péng och Hoffnung an Trouscht, jo seguer Dankbarkeet an Ërliichterung.

Vläischt sinn Äech, léif Leit, och schon sou Gedanken komm, dass eis Verstuerwen ënzwouch sinn, wou et hell ass a schéin, an dass et hinnen do gutt ergeet. Natiirlich ass dat alles net einfach mat der Operstehung: Dass den Härgott äis aus dem Doud eraushëlt – beweisen kann een dat net. An apropos beweisen: Virun Ouschterdag krutt eng Theologin eng Kéier vun engem Journalist telephonéiert. Hie wollt wëssen, ob de Jesus wierklich operstan ass – oder net. Hie bräicht eng Äntwert, fir een Artikel ze schreiwen – an zwar bräicht en eng klär an däitlich Äntwert, déi all Mënsch versteet. Also: Ass de Jesus operstan – richtig a wierklich? Oder ass dat-alles nemmen bildlich ze verstoen, am iwwerdroene Sënn, symbolisch, psychologisch oder wéi och ëmmer?
Do huet d’Theologin dat gemeet, wat d’Theologen gäre maachen. Si stellt dem Journalist eng Géigefro: „Wat géif sich dann fir Äech änneren, wann de Jesus wierklich operstan ass –bzw. wann en net operstan ass?“

De Journalist war e bëssen iwwerrascht: „Jo, wat géif sich änneren fir mech? Änneren géif sich wahrscheinlich näischt – weder an deem enge Fall, nach am aneren. T’ass mir am Fong egal, ob en operstan ass oder net. Ech wëll et just wëssen fir mäin Artikel.“

„An dat ass d’Uursaach“ erkläert d’Theologin, „virwat ech Äech kéng Äntwert op Är Fro ka ginn. Well d’Fro nom Jesus senger Operstehung, déi kann een net einfach sou stellen, nemmen fir sich ze informéieren. Bei deser Fro, do gëtt een an eppes mat-ra-gezunn. Do ännert sich engem-säi Liewen, well do kritt een ee ganz neien Standpunkt, vun deem aus een op d’Wierklichkeet kuckt.

Ët ass wéi mat der Fro: ‚Hues-De mich gär?’ Wann ech des Fro enger Persoun stellen, an déi Persoun äntwert mer: ‚Jo, ech hunn Dech gär. Ech hunn Dech gär vu ganzem Häerz. Ech hunn Dech gär wéi keen anre Mënsch … fir ëmmer & éiwig.’, dann ännert sich natiirlich alles fir mech. Da kann ech net einfach soen: ‚A sou ass dat!’ an da weiderliewen wéi virdrun fir mech eleng. Neen: dann entsteet eng Beziehung, ee Verhältnis tëschend der Persoun a mir. Eng nei Etapp vun eisem Liewen fänkt un. An sou ass et och mam Jesus senger Operstehung: Do geet et ëm eppes, wat mäi Liewen verännert. Ech kann net soen: ‚Ech gleewen, dass de Jesus operstan ass’ – an dann rouig weiderliewen wéi virdrun.“

Christus ass operstan, dat heescht: Ech sinn mat him operstan. Och ech liewen an enger anrer Wierklichkeet, mat neien Prioritéiten, mat neie Gewëssheeten. Ech liewen an der Wierklichkeet, dass den Doud eben net dat lescht Wuert huet – an och net dat Béist an och net dat Falscht.

Christus ass operstan. – Dat ze erkennen, ass dat Schéinst, wat mer konnt geschéien (deemols am Fréijäer virun 33 Jäer). Zënterhir gëtt et eng Beziehung tëschent Christus a mir – eng Beziehung, déi mich stäerk a selbstbewosst mecht – seguer vis-à-vis vum Doud an all sengem Misär.

Christus ass operstann. Dat heescht: Ech hunn eng Zukunft iwwert den Doud eraus. Eppes Grousses läit viru mer. An duerfir brauch ech mich elo net hetzen ze loossen vun der Angscht, eppes ze verpassen. Um Enn wäert op äis all eng grouss Vollendung, wou jiddwereen zu sengem kënnt – an do ass dann kee méi irgendwéi benodeeligt oder irgendwéi vergiess.

Natiirlich: Sou eppes ze gleewen ass verréckt. Alles schwätzt do dogéint. De Verstand seet: Doud ass doud – a fäerdig! Äwer an eisem Häerz spire mer: Neen, dat kann dach net sinn, dass mam Doud alles riwwer ass. Den Härgott huet äis gewollt an erschafen. Op eisem Liewenswee gëtt en äis ëmmer-rëm Courage an Hoffnung … an da soll en äis ausgerechent am Doud eleng loossen? Dat kann ech mer mam beste Wëllen net virstellen. Deen, zu deem ech mäi Liewe-laang Dag fir Dag „Papp“ soen (eise Papp am Himmel), deen léisst mich am Doud gewass op d’Nous falen! Den Härgott ass trei – A grad dann, wa mer hien am meeschte brauchen, an der Stonn vun eisem Doud, grad dann gi mer opgefaang vun senger Trei. An duerfir gleewen ech: Wa mer stierwen, da stierwe mer an dem Härgott seng Äerem eran, an säi Liewen. Eppes anichters passt einfach net bei den Härgott – net bei seng Léift, net bei seng Trei.

Fir opzehalen, just nach dat-hei: Mat eisem Glawen un d’Operstehung ass et wéi mat engem Kado: Och wann de Kado nach agepaakt ass, och wann een nach net richtig gesäit, wat dran ass, da weess een äwer schon, dass do eppes Schéines op een duerkënnt, eppes wou een sich elo schon driwwer freet.

An sou ass et och mam Glawen un d’Operstehung. Eis Operstehung ass nach ee Geheimnis; sie ass nach agepaakt. Mir wëssen nach net, wéi dat alles sich eng Kéier ofspillt. Äwer mir wëssen, dass äis do eng himmlisch Iwwerraschung blitt vun eisem gudde Gott. A wann de Kado dann ausgepaakt gëtt an der Stonn vun eisem Doud, da gesi mer klär an däitlich een fir-alle-mol, dass Christus operstan ass a lieft – an dass och mir mat him zesummen liewen iwwert des Welt an iwwert den Doud eraus. Amen.

D’Beispill vun der Wittfra ass aus dem PuK 2007/3, S.313.
D’Beispill vun der Theologin an dem Reporter ebd. S. 323

 
Michel MEYER
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à Luxembourg Kontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/pelerinages-wallfahrten/octave-oktave/octave-2012-28-abrell-bis-13-mee/homelies-2012-priedegten-2012/

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés