+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Mouvementer
MOBILE
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
DräiSchrëtt
Echternach, 4 octobre 2005: Lancement diocésain
Priedegt vum Mgr. Fernand Franck, Erzbëschof vu Lëtzebuerg

Nei gebuer gin am Waasser an am Hellge Geescht - an d’Räich Gottes kommen.
Dat ass den Horizont, an deen äis d’Johannesevangelium stellt: am Gespréich mam Nikodemus definéiert de Jesus gewëssermossen d’Verbindung tëscht Äerd an Himmel, tescht Welt a Räich Gottes.
Béides, den Ufank, di nei Gebuurt an d’Zil, d’Räich Gottes si Geschenker, Geschenker vum Härgott.
Mir stin deemno op deem Wee, dee vum Ufank an d’Vollendung féiert, mir stin am Floss, deen zilstrebeg dohi fléisst, wou emol Gott selwer alles an allem ass.
Fir am Bild vum Floss ze bleiwen: mir gi beschenkt mat dem Waasser, wat vun uewen, aus der Quell kënnt - a mir sin auserwielt a beruff, dat Waasser weider fléissen ze loossen an et weider ze reechen.
D’Kiirch ass kee Barrage, deen d’Wasser, wat vun der Quell kënnt ophällt an zréckhällt. D’Kiirch ass vill éischter wi eng Géisskaan, wéi e Bewässerungssystem, dat Waasser schäfft an ët da grousszügeg weider verdeelt.

De Pastoralprojet DräiSchrëtt weist äis e Wee, op dee mer an deene nächsten dräi Joer weidergoe wëllen. Ech wëll ganz kloer ënnersträichen, datt mer weider goe wëllen! Dat heescht: net stoe bleiwen, nët verléift an d’Vergaangenheet hannerécks kucken. Mä: äis an de Floss vum Härgott eranzéie lossen, äis matrappe loossen an d’Richtung Räich Gottes!

Eng staark Stréimung dréit äis: et ass den onermiessleche Räichtum vu Gottes Gnod a Geschenk. An de Sakramenter fléisst äis dat neit Liewen zou, an deem mer kënne liewen. Ouni Verdingscht, ouni Viirleeschtung gët äis geschenkt, wat äis zu neie Mënschen, zu Kanner Gottes mecht.
Vill ze dacks ass dat Neit on Onerhéiert äis ze selbstverständlech. Mir si Chrëschten, well dat eben an eise Géigenden sou ass. Well mer an enger chrëschtlecher Famill gebuer goufen, well mer an enger chrëschtlecher Umgebung opgewuess sinn, well mer d’Chance vu glewegen Elteren, Erzéier oder Frënn a Kollegen haten.

Mä: näischt ass selbstverständlech. D’Daf ass a bleiwt e Geschenk. Mir sin auserwielt - ënnert Milliounen, jo Milliarde Mënschen. Auserwielt an ausgezeechent! Gott rifft äis mat eisem Numm, Gott huet äis a seng Hand geschriwwen, Gott huet äis mat de Bande vu senger Léift u sech gezunn. An der Hellger Schrëft fannen sech vill Ausdréck, fir dat Onerhéiert ze soen: Gott rifft Mënschen ganz no bei sech; Gott beschenkt, jo iwwerheeft Mënsche mat Léift an Zouwendung, mat Zäertlechkeet a Viirsuerg.
D’Waasser vun der Daf, wat sou lieweg a fruchtbar ass, fléisst grousszügeg, jo verschwenderesch. Kaum ee ka sech bewosst gin, wat him geschenkt ass. All Dag kann ee nei staunen a sech wonneren: Gott huet mech gären, Gott huet mech ausgewielt, Gott huet mech beschenkt; ech si gedeeft, ech heeschen a sinn e Kand Gottes, ech gehéieren zu Gottes Vollek, ech sinn ee vun deenen, déi scho sichtbar an erfahrbar maachen, wat Gott mat de Mënschen a mat der Welt viir huet!
De Projet DräiSchrëtt invitéiert dofir un aller éischter Stell zu Freed an Dankbarkeet. En invitéiert, e Moment stoen ze bleiwen an an äis ze goen; an dann a Luef a Merci anzestëmmen. “Aller au cœur de la foi”, schreiwen di franzéisch Bëschofen. Am Häerz vun eisem Glawen steet d’Handelen vum Härgott, steet säi Geschenk, steet d’Gnod vum Neien, déi an de Sakramenter vermëttelt gët.

Eis chrëschtlech Gemeinschaften si keng Zweckbündnisser, si keng Interessigemeinschaften, si keng performant Organisatiounen. Eis chrëschtlech Gemeinschaften sin un aller éischter Stell eng Gnod! Nët mir maache Kiirch oder Par oder Parverband, Uerden oder Kongregatiounen! Mir gin derzou gemaach! D’Initiativ läit bei Gott, d’Aktioun läit bei Gott. Déi, di mat mir Kiirch sinn, si mir geschenkt, sou wéi ech selwer der Kiirch, der Gemeinschaft geschenkt sinn. Do get et keng Ausnahm: keen ass Member vun der Kiirch vu Gebuurt aus, oder duurch eegent Kënnen, oder duurch iirgendwellech Verdingschter. All Gedeeften sinn e Geschenk fir d’Gemeinschaft vun der Kiirch - och nach deen, vun deem mir eventuell guer näischt halen, deem mir am allerléiwsten seng Zougehéieregkeet zur Kiirch géngen oofspriechen.
Gott mécht äis zu senger Kiirch. Hien eleng ass den Här a Meeschter. Mir all bleiwen Beruffener, Auserwielter, Kanner. Mat deer selwechter Dignitéit, mat deer selwechter a gläicher Würde vu Kanner Gottes, vu Schwësteren a Bridder vu Jesus Christus.
Wellech formidabel Konsequenzen kënne sech doraus ergin; wat e neit Liewen an Zësummeliewen kann doraus an eise Parverbänn a Gemeinschaften erwuessen! Wat fir frou an dankbar Versammlungen kënnt et da ginn, wat fir frou an erléist Mënschen kënne sech da versammelen a feieren a liewen a firenaner do sinn!
Dat ass Erneierung vun eiser Kiirch, Erneierung, déi aus dem Ufank, aus der Quell kënnt! Aus dem Häerz vun eisem Glawen - aus Gott selwer.

Mir brauchen Gefässer, an deene mer dee kostbare Schatz opfänken an droen. D’Parverbänn, d’Gemeinschaften a Kléischter sinn d’Formen, an deene mer mateneen d’Geschenk vum Härgott unhuelen an doraus liewen.
D’Gefäss muss dem Inhalt entspriechen - nët ëmgekéiert! Eise Versammlungen a Gemeinschaften muss een umierken, wat se erfëllt a beséilt. Wéi mir eist Zësummeliewe gestalten, wéi mir mateneen ëmgin, wéi mer zuenee stinn, wéi mir firenaner do sinn: doru muss sech oofliese loossen, woraus mer liewen. De Préifstand vun all eisen Institutiounen an Organisatiounen, vun alle Gemeinschaften a Veräiner, Gruppen a Mouvementer, Kongregatiounen a Parverbänn muss d’Transparenz fir Gottes Gnod a Geschenk sinn. Wat verstoppt a verdeckt, wat onduurchsichteg an onduurchlässeg ass, muss opgebrach gin. Gottes Geschenk verdréit keng Staumaueren a keng Zëttären, wou dat liewegt Waasser zreckgehal gët. Waasser muss lafen, muss kënnen déi Plazen erreechen, wou ët dränkt a beliewt.
De Projet DräiSchrëtt kann a muss äis dozou bréngen, eis Kiirch an jidderee vun äis zum gudden a performante Kanal vum göttleche Waasser ze maachen.

Well, an dat ass di aner Dimensioun vu Gottes Geschenk, duurch äis soll d’Gnod anerer erreechen. D’Geschenk ass kee Besëtz. D’Sakramenter si kee Besëtz vun der Kiirch. Wat mir geschenkt kritt hun, ass emmer och eng Propositioun fir anerer; all Mensche sollen Undeel kréien un der Gnod, solle Kanner Gottes sin an elo scho Biergerinnen a Bierger vun der neier Welt vum Räich Gottes.
“Gitt bei all Völker, maacht all Menschen zu menge Jünger, deeft se a léiert se halen, wat ech iech opgedroen hun!” Joer fir Joer, jo Mount fir Mount klappe Menschen un eis Diiren a froen e Sakrament oder en Dingscht vun der Kiirch. Hir Ufro ass dacks onbehollef, mat Kéieren onkloer an souguer fuedernd. Mä et ass eng Ufro, hannert deer sech e Kreesch no Hëllef oder einfach no méi verstoppt. Jiddefalls ass et eng Ufro, déi absolut eescht ze huelen ass.
Virun der Fro vu Mënschen weist sech, wat fir eng Kiirch mir sinn! Wat fir en Accueil si mir amstann ze maachen?

Di nächst dräi Joer welle mer eis Praxis vun de Sakramenter nei bedenken a wann et muss sinn erneieren: di dräi Sakramenter vun der chrëschtlecher Initiatioun mussen rëm fir eis Gemeinschaften a fir déi Menschen, déi se froen, zu Propositiounen vu Gottes Gnod a Geschenk gin. Sakramenter si keng Mëttelen vu Kiirchendisziplin! Mir sin nët d’Häre vun de Sakramenter, allefalls d’Verwalter. A vun engem Verwaléter gett Rechenschaft gefuedert - hien huet nämlech da wat him uvertraut as ze verwalten am Sënn vu sengem Här.
Dofir sinn dës Joeren vum DräiSchrëtt virun allem drop ausgeriicht, de Wëlle vum Här ze begräifen, äis dem Wëlle vum Här ze stellen, an ëmmer besser a méi tréi Verwalter vu senge Geschenker ze ginn.

Haut maache mer e feierlechen Ufank: eis eegen Daaf stett am Mëttelpunkt. Mir kucke net fir d’éischt op di aner, op déi di kaum nach um Liewe vun eise Parverbänn a Gemeinschaften deelhuelen, och net op déi, di d’Daf froen an dacks nët méi wëssen wourëm et geet a wat fir Verspriechen a Verantwortung domatt verbonnen ass.
Mir kucken op äis: mir si gedeeft - et ass méi oder wéinger laang hier. Dacks hu mer eis Daafverspriechen schon berneiert: an der Ouschternuecht, zësummen mat de Kommiounskanner, bei der Firmung. Haut maache mer et ausdrécklech als Geeschtlech a Laien an Uerdensleit, déi eng Verantwortung an der Kiirch hun. Mir man et als déi, di an de nächste Méint a Joeren Träger sinn vun dem Pastoralprojet DräiSchrëtt. Mir man et an eisem eegene Numm!
Mir si gedeeft, mir si beschenkt, äis huet den Härgott mam Numm geruff, äis huet en auserwielt aus villen aneren, äis huet eng Missioun uvertraut, äis huet eng Verantwortung an der Kiirch, déi zu Lëtzebuerg ass, uvertraut.
Mir lossen äis am Waasser an am Hellge Geescht erneieren. Viru Goitt sti mer als eenzelner, als Persounen, déi hie voll a ganz eescht hëllt. D’Weihwaasser, dat ech lo seenen, ass fir jidder eenzelnen en Hiwäis op seng Daf - an et ass liewegt Waasser, dat duurch äis, duurch eis Trei zu eiser Daf wëll weidergereecht ginn un all Mënschen, déi no liewegem Wasser froen, déi Duuscht hu no dem liewege Gott.

 
Fernand FRANCK Mgr
Archevêque . Erzbischof
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à Luxembourg Kontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/pelerinages-wallfahrten/octave-oktave/octave-2012-28-abrell-bis-13-mee/homelies-2012-priedegten-2012/

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés