|
Kuckt och ...
|
DräiSchrëtt
Projet “DräiSchrëtt”, Pastoralbréif
Léif Schwesteren a Bridder am Glawen, Déi gréisst a schéinst Erfahrung um Weltjugenddag zu Köln war déi vun der Gemeinschaft vu sou ville jonke Leit, déi trotz allen Ennerscheeder zesumme Freed a Stëllt gedeelt an e grousst Fest vum Glawe gefeiert hunn. Eppes vun der Freed a vum Schwonk vun de Weltjugenddeeg soll an eist kierchlecht Liewen agoen. “Wie Christus entdeckt huet, muss anerer bei hie féieren”, huet de Poopst Benedikt XVI. de Jugendlechen zu Köln zougeruff. Dat ass eng Kuerzformel, fir d’Missioun vun der Kierch, och hei zu Lëtzebuerg, auszedrécken. Villes an der Gesellschaft huet sech verännert; mir mussen äis deene neie Bedingunge stellen a matenee Weeër sichen, op deene mer Mënschen haut bei Jesus Christus kënne féieren. Jiddereen huet do eng Verantwortung, a kee ka seng Verantwortung op en aneren ofwälzen. Eng éischt Verantwortung heescht: den eegene Glawen stäerken, den eegene Glawe kennen, am eegene Glawe frou ginn. E Sprëchwuert seet: Dat frëschst Waasser ass bei der Quell. Eise Glawen, eist Chrëschtsinn an eis Kierch mussen hir Lieweskraft un d’Quell siche goen: an déi Quell ass Jesus Christus. No Berodung mat mengen engste Mataarbechterinnen a Mataarbechter a no der Virbereedung a verschiddene Gremien an Aarbechtsgruppen hunn ech decidéiert, datt de Projet “Kierch 2005” weidergefouert gëtt am Pastoralprojet “DräiSchrëtt”: an deem Projet ginn d’Geschenk an d’Gnoden, déi den Härgott an den dräi Sakramenter vun der chrëschtlecher Initiatioun matdeelt, nei bewosst gemaach an als Kraaftquelle vum Liewen a vun der Gemeinschaft erfuer. Di dräi Sakramenter Daf, Firmung an Eucharistie markéieren d’Aglidderung vum Mënsch a Christus a seng Opnahm an d’Gemeinschaft vun der Kierch; duerch déi dräi Sakramenter gëtt e Mënsch am volle Sënn Chrëscht a Member vun der Kierch. De Projet “Kierch 2005” huet äis eragestallt an den Horizont vun der Erneierung: a Jesus Christus Kierch sinn fir d’Mënsche vun haut. Eng wichteg Dimensioun vum Projet gëtt realiséiert an der Schafung vun de 57 Parverbänn. Villes ass do op de Wee bruecht, villes bleift secher nach ze realiséieren. Strukture si wéi d’Äscht un engem Bam. Wann d’Wuerzelen déif am Buedem Nährstoffer ophuelen kënnen d’Blieder an d’Friichte wuessen. Am Projet DräiSchrëtt wëlle mer mateneen de Wee iwwert d’Wuerzelen bei d’Quell goen. Bis zum Joer 2008 steet all pastoralt Aarbechtsjoer ënnert dem Zeeche vun engem vun den dräi Sakramenter vun der Initiatioun: Daf - Kommioun - Firmung. Jidder Sakrament ass dat Element zougeuerdnet, wat derzou gehéiert: Waasser, Äerd, Feier a Wand. Wéivill ass do opzedecken, wat verstoppt an duerch vill aneres zougedeckt ass! Wéivill Gnod kann a muss “nei entfacht” ginn (2) ! Ech proposéieren, datt mer iwwert e puer Weeër deem Geschenk an der Gnod vun de Sakramenter méi no kommen. Am Ënnertitel vum DräiSchrëtt sinn déi Weeër ugedäit: sech opmaachen - deelen - wuessen. Sech opmaachen ass eng éischt a grondlegend Attitüd: D’Geschenk vum Härgott gët proposéiert, mä de Mënsch muss sech opmaachen an et unhuelen. Wien am Glawe Jo seet, dee seet och Jo zu deem neie Liewen, dat Gott schenkt, an zu de Konsequenzen, déi sech doraus erginn. D’Gof vum Härgott ass ëmmer och Aufgab: Chrëschte sinn Zeien. Chrëschten an hir Gemeinschaften däerfe sech nët verstoppen. Si hunn eng Perspektiv fir d’Mënschheet, fir d’Gemeinschaft a fir d’Zukunft: et ass dem Jesus seng Visioun vum Räich Gottes, dat hie mat sengem Liewen a Wierken, mat sengem Stierwen an Operstoen ugefaang huet. Sech opmaachen heescht dofir och, jidderengem Ried an Äntwert stoen, dee no eisem Glawen an eiser Hoffnung freet (3) , heescht och, äis aktiv a kreativ abréngen an d’Gestaltung vu méi enger mënschefrëndlecher, fräier a friddlecher Welt, heescht och, äis zesummendi mat allen, déi sech asetzen fir de Mënsch, säi Liewen, seng Rechter, seng Ëmwelt a säin Zesummeliewen. An eis Gemeinschafte ginn ëmmer rëm nei Memberen duerch di dräi Sakramenter vun der Initiatioun opgeholl. Meeschtens sinnn et Kanner a Jugendlech. Deelen an dësem Kontext huet mat Accueil ze dinn: wéi ginn d’Elteren, déi e Sakrament froen, opgeholl, wéi gët mat hinnen an hire Kanner Glawen a Gemeinschaft gedeelt? A wéi ginn Erwuessener, déi an d’Kierch antriede wëllen, opgeholl a begleet? Wat ugefaang gëtt, muss sech entfalen a wuessen: an de Sakramenter hu mer dat neit Liewen am Glawe geschenkt kritt. Dat Liewe muss wuessen oder et drechent an. Mir all mussen eppes fir eise Glawe maachen, och an eise Gemeinschaften, fir datt d’Gof vum Härgott net ëmsoss ass (4) . Di dräi Weeër gräifen anenee, mol ass deen een am Ufank, mol deen aneren: sou entsteet e Ganzt, an deem sech d’Gnod vun de Sakramenter kann entfalen. Am DräiSchrëtt gi Propositioune gemaach, fir op deene Weeër weider ze goen. Ech ruffen Iech all op, jiddereen op senger Plaz am Pastoralprojet DräiSchrëtt aktiv matzemaachen. Kee muss alles maachen, wat proposéiert gëtt, kee soll awer och näischt vun all deem opgräifen. Keng Gemeinschaft, a sief se nach sou kleng, soll sech aus dem Projet ausschléissen. Ech wënschen äis all, datt mer duerch de Pastoralprojet DräiSchrëtt Freed a Schwonk an eis Kierch brengen, datt mer mateneen zu engem méi festen a froue Glaf kommen. Eise gemeinsame Wee, all Parverbänn a Gemeinschaften a jiddereen empfielen ech dem Schutz vun der Tréischterin am Leed a vum hellge Willibrord a froe fir äis all Gottes gudde Seegen. Lëtzebuerg, um Fest Mariä Gebuurt, (1) 1 Kor 1,26 Fernand FRANCK Mgr
Archevêque . Erzbischof
|
An dëser Rubrik
|


Circle cathollu
Follow cathollu
Like cathollu

Permalink: http://www.cathol.lu/article643
Uewen


