|
Kuckt och ...
|
Eglise 2005 / Kirche 2005
Den historesche Verlaf vun der Pastoralinitiativ
Wéi as de Gedanken zustane komm, fir eng pastoral Initiativ op Diözesanniveau zu lancéieren?
Den Ustouss vun den Iwwerléungen as duerch eng Strukturreform bedingt. Am Joër 1991 huet d’Kiirch hei zu Lëtzebuerg sech mat der Schafung vun de Pastoralregiounen eng nei territorial Struktur gin. Wéi déi nei Strukturen emol en place waren, hun sech déi verantwortlech Männer a Fraën vun deenen Pastoralregiounen zesumme mat de Responsabelen aus dem Bistum d’Fro gestallt, wéi neit Liewen an déi nei Strukturen an domadden an d’ganz Kiirch vu Lëtzebuerg kéint erabruecht gin. Dat, duerch e neie Geescht, e pastorale Courant, deen eis chrëschlech Gemeinschafte beliewt an deen an d’Zukunft weist. Am Fong as do am Joër 1994 an enger Klausurtagung vum Reginalrot de Grondstee geluecht gin, fir dat wat dann spéider “Pastoralinitiativ Kiirch 2005” genannt gouf. Den ënnere Motor vun der Initiativ waren dobäi Iwwerléungen vun Erneierung, e Wonsch no “Aggiornamento” - dat heescht op Däitsch eng “Verheutigung”, d’Wuert gët ëmmer am Zesummenhank mam Poopst Johannes XXIII. genannt, deen a sénger Zäit och wollt d’Diiren an d’Fënschteren vun der Kiirch wäit opmaachen, fir e neie Wand erakommen ze looossen. Sou war och de Plang hei, fir d’Kiirch fir dat neit Jorhonnert duerch eng Erneierung vum kiirchleche Liewen an Handelen an duerch eng Réckbesënnung op säin Zentrum - Jesus Christus - prett ze maachen. Déi symbolesch Zuehl 2005 sollt den zukunftsweisende Charakter vun der Démarche däitlech ënnersträichen. Wéi sin déi verschidden Etappen bis elo verloaf? Vun Ufank un war en dräijährege Programm geplangt - eng dräijähreg Zäit vu Reflexioun, vu Begéignung a Gespréich iwwer de Glawen op alle Niveau’en vum kiirchleche Liewen zu Lëtzebuerg. Direkt an d’Öffentlechkeet komm, war déi pastoral Démarche schon am März 1996 duerch eng éischt, méi kléng Brochüre mat enger Reih Texter, Iwwerléungen an Ustéiss fir d’Gespréich. An der Oktavzäit vum Joer 1996 war dunn den eigentlechen Optakt vun der diözesaner Initiative, déi den offizielle Numm “Kiirch 2005. Ennerwee: mat Jesus Christus - mateneen - fir d’Menschen” kritt hat. Eng weider wichteg Etapp um Wee vun der Pastoralinitiativ, fir se de Läit bekannt a gläichzäiteg méi no ze bréngen, war am November 1996 bei deem groussen Treffen zu Iechternach mat den deemols nei gewielte Poarréit. Bei déer Geléenheet sin d’Uleies vun der Pastoralinitiativ - d’Sich no enger Erneierung vun der Kiirch aus der Mëtt vun der Kiirch - am besonneschen de Poarréit am Land uvertraut gin, deenen hir Mêmberen jo bewosst a fräiwelleg eng Veantwortung fir dat kiirchlecht Liewen iwwerholl hun. Déi breed Basis huet d‘Pastoralinitiativ allerdings eréischt duerch en éischte grouss-ugeluechte Konsultatiounsprozeß zënter Januar 1997 erreecht, nodeems den Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, de Mgr Franck, eng eege Diözesankommissioun “Kiirch 2005” gegrënnt hat, fir de pastorale Prozeß intensiv virunzedreiwen an och ze begleeden. Zu déer Zäit war als Reflexiounshëllef och e Questionnaire mat “9” ausgeschafft a verbreed gin. D’Äntwerten, déi zréckkomm sin, hun dann och haaptsächlech op deem Questionnaire baséiert. Dësen éischte Konsultatiounsprozess huet vu Januar bis August 97 gedauert. Am ganze sin 700 Réckmeldungen erakomm - dovun 600 vun Eenzelpersounen an 100 vun Gruppen, dovun 50 vu Poarréit a weider 50 vun anere kirchleche Gruppen, vu Schoulklassen asw. 700 Réckmeldungen - Dir kënnt Iech vläicht virstellen, datt d’Phas vun der Systematiséierung an Auswertung vun der helle Wull vu ganz disparatem Material mat ganz ënnerschiddlechem Inhalt zimlech opwändeg a méihsam war. Fir awer näischt ënnert den Dësch falen ze loossen, as alles opgeholl a verwert gin. Um Enn hate war alles op 7000 Karteikoarte gespeichert - nëmmen fir eng Gréisstevirstellung vun der ganzer Auswertungsprozedur ze vermëttelen D’Resultat vun der éischter Emfro as bekannt: Et ass déi grouss Tëschebilanz vu Februar/ März 1997, vun déer ongeféier 5000 Stéck verbreed gi sin. D’Reaktiounen op den Tëschebericht waren duerch d’Bank äußerst positiv. Deen een oder deen aneren mag sech vläicht getrëppelt gefillt hun, wéi muncher Stand do ewechkomm as, an dobäi kann ee wiirklech nët soën, datt d’Extrempositiounen bei der Auswertung bevirzucht gi wiren. Vill gudd Reaktiounen op d’Tëschebilanz koumen och aus dem Ausland: Aus Däitschland, aus dem Frankräich, aus der Belge - bis hin an Italien. Mat der Publikatioun vun der Tëschebilanz war eng zweete Kéier opgeruff gin, fir un der Démarche “Kiirch 2005” ze partizipéieren -, dat während de Méint März bis Oktober 1998. Gefrot waren awer do virun allem Bäitreeg vu Gruppen a Gemeinschaften, nët méi vun Eenzelpersounen. Och d’Themen fir ze reagéieren, waren dës Kéier op déi bekannte sechs Schwéierpunktberäicher agegrenzt gin, déi sech op der Basis vun de Reaktiounen vun de Läit ergin haten: et sin déi, déi och den Inhalt vun den Aarbechtsvirlagen vun der Diözesanversammlung ausmaachen. Dat heescht also: Zukunft vum Glawen, Diakonie, Jugend a Kiirch, Kiirch an der Welt, Liturgie a Seelsorge. Bei dëser zweeter Emfro war d’Begeeschterung - verständlecherweis - nët méi esou hefteg wéi bei beim éischten Opruff: et koumen awer trotzdeem nach eng Kéier 52, deels ganz ëmfangräich Reaktiounen eran - wéi gesot vu Gruppen. Erëm eng Kéier gouf den Inhalt vun deene Bäitreeg ausgewert - wat dës Kéier natiirlech vill méi séier geschitt war. D’Resultat as an d’Aarbechtsvirlagen mat eragefloss, déi un d’Mêmberen aus de jeweilege Kommissioun ausgedeelt gin. Zënter dem Mount November 1998 as un der Redaktioun vun deene “virleefegen” Aarechtsvirlagen vu Mêmberen vun der Kommissioun “Kiirch 2005” zesummen mat anere Fachläit aus de jeweilege Beräicher geschafft gin. Well d’Diözesanversammlung zäitlech kloër op e Joër begrenzt as, sollten d’Kommissiounen nët bei Null ufänke mussen ze schaffen. Derbäi kënnt, datt ët jo och nët sënnvoll schingt, d’Diskussiounen erëm um Ufank unzesetzen, well mër jo och schon an engem längeren Prozeß drastin, dee jo och scho Resultater bruecht a Schwéierpunkten a Prioritéiten ugedäit huet. Ugangs Dezember huet d’Diözesankommissioun “Kiirch 2005” opgehalen ze existéieren - si hat do hiren Aarbechtsoptrag erfëllt: nämlech d’Dynamik “Kiirch 2005” ëmmer erëm unzestoussen an ze begleeden. Zënter hir sin d’Preparativen vum Dag haut vum nei forméierten Präsidium vun der Diözesanversammlung iwwerholl a begleed gin. Marianne HUBERT
|
An dëser Rubrik
|


Circle cathollu
Follow cathollu
Like cathollu
Permalink: http://www.cathol.lu/article214
Uewen


