+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Mouvementer
MOBILE
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
Eglise 2005 / Kirche 2005
Eröffnungsansprache der konstituierenden Sitzung
Samstag, dem 16. Januar 1999

Léif geeschtlech Matbridder, léif Schwësteren a Bridder alleguerten!

Sid all ganz häerzlech wëllkomm fir dës konstituéirend Sëtzung vun eiser Diözesanversammlung! Dës Versammlung zitt sech, wéi Der wësst, hin iwwert dëst ganzt Joer, fir dann am neie Jordausend, op dat mer als Kiirch ganz bewosst histeieren, hiren Ofschloss ze fannen. Deen Ofschloss soll awer wéi en neit Startsignal fir eis Kiirch sin. A mer all, déi mer dës Versammlung bilden, sin do an d’Flicht geholl. Ech soen Iech alleguerten merci fir déi Bereetschaft.

J’adresse un salut respectueusement fraternel à Son Excellence, Monseigneur Emmanuel Adamakis, évêque de Réghion, qui représente parmi nous l’Eglise-sœur orthodoxe et le Conseil d’Eglises chrétiennes au Grand-Duché de Luxembourg qu’il préside cette année. Tous les autres membres du Conseil d’Eglises chrétiennes ici présents sont les bienvenus. Je salue cordialement le Pasteur Jörg Hagen, président de l’Alliance protestante au Luxembourg, ainsi que le Père Clifford Poole, pasteur de la communauté anglicane au Luxembourg.

Chers frères et soeurs, soyez remerciés de votre présence en ce moment important où l’Eglise catholique s’apprête à réfléchir sur ses chemins d’avenir. Votre présence nous honore, mais elle nous encourage également à nous engager davantage encore avec vous sur le chemin œcuménique qui a comme noble but l’unité pour laquelle notre Seigneur a si ardemment prié. Merci d’avoir accepté mon invitation et merci spécialement aux vénérés frères de leur disponibilté de nous adresser la parole.

E Wëllkomm an e Merci gëlt de Vertrieder vun der geschriwener Press, de Radioen an der Televisioun.

E ganz warme Merci wëll ech de Mêmberen vun der Kommissioun “Kiirch 2005” soen, déi immens Arbecht geleescht hun, nämlech d’Begledung vun der Initiativ “Kiirch 2005” an hir Auswäertung, a schléisslech och d’Virberedung vun der Diözesanversammlung; ënnert hinnen sträichen ech besonnesch d’Sekretariat ervir.

Am viraus gëllt och mäi Merci der équipe technique, déi déi materiell Viraussetzunge geschafen huet an se och weider assuréiert, fir dass dës Versammlung kann iwwert d’Bühn goen.

Merci am viraus denen, déi bereet waren, fir haut ze intervenéieren.

Léif geeschtlech Matbridder, léif Schwësteren a Bridder am Glaf!

Wéi mer den 10. November 1996 um Graf vum hellege Willibrord an eis Pastoralinitiativ “Kiirch 2005” agetrueden sin, do sot ech a ménger Usprooch, datt d’Haaptfro, ëm déi sech dat Ganzt géif dréinen, grad ewéi um II. Vatikanesche Konzil déi hei wär: “Wéi solle mer de Glaf, an domat Christus un déi kommend Generatiounen weiderschenken? Wéi séng Präsenz an dat nächst Jorhonnert a Jordausend erandroen. Wéi Zeechnës ofleën, fir datt eis Matmënschen am Evangelium eng valabel Liewenspist fannen?” Et steet keng kiirchlech Nabelschau un, well déi géif all onzefridde maachen, mä et geet drëm, fir mat engem neien Elan an enger neier Hoffnung d’Wierk vun der Evangeliséierung weiderzeféieren.

Schon a sénger 1. Enzyklika “Redemptor Hominis” huet de Poopst Jean Paul II. kloer gemaacht, dass de Mënsch den eigentleche Wee vun der Kiirch as, an en as nët midd gin, dat ëmmer an ëmmer erëm ervirzesträichen. Wa mer dat eescht huelen, da gëlt et, den Ufankssaz vun der Pastoralkonstitutioun vum Konzil opzegräifen an an d’Praxis ëmzesetzen “Les joies et les espoirs, les tristesses et les angoisses des hommes de ce temps, des pauvres surtout et de tous ceux qui souffrent, sont aussi les joies et les espoirs, les tristesses et les angoisses des disciples du Christ, et il n’est rien de vraiment humain qui ne trouve écho dans leur cœur.”

A fir deër consigne gerecht ze gin, hu mer eran an d’Vollek gelauschtert, hu mer eng Ëmfro lancéiert, se ausgewäert an analyséiert. An iwwert d’Resultat dovun wëlle mer elo zesummen an d’Gespréich kommen. Firwat? Jo einfach fir och dat, wat weider an der Pastoralkonstitutioun steet, elo ze praktizéieren, anzeüben an et zu engem feste Bestanddeel an eiser Kiirch gin ze loossen: den Dialog. “Cela exige en premier lieu qu’au sein même de l’Eglise nous fassions progresser l’estime, le respect et la concorde mutuels, dans la reconnaissance de toutes les diversités légitimes, et en vue d’établir un dialogue sans cesse plus fécond entre tous ceux qui constituent l’unique peuple de Dieu, qu’il s’agisse des pasteurs ou des autres chrétiens. Ce qui unit en effet les fidèles est plus fort que ce qui les divise: unité dans le nécessaire, liberté dans le doute, en toutes choses la charité.”

Mer mussen, esouwuel an eise gemeinsame Sëtzungen ewéi och an den Arbechtsgruppen, zu engem echten Dialog kommen. Et geet ëm d’Schwätzen, ëm d’Wuertergräifen - als Delegéiert sid der nët heihikomm fir näischt ze soen. Mä et geet och ëm d’Lauschteren. Jiddereen huet d‘Recht fir sech ze äusseren, mä en huet och d’Recht, datt op e gelauschtert gët. Wa mer an enger Haltung intervenéieren, déi den Nächsten méi héich aschätzt wéi sech selwer, dann as eng wiesentlech Viraussetzung geschaf, fir datt den Dialog geléngt. Da sti mer an der Charitéit, a nëmmen wat an der Charitéit geschitt, baut op; alles wat soss geschitt, zerstéiert. D’Charitéit an de géigesäitege Respekt erwaarden, dass een konstruktiv intervenéiert, op d‘Saach ageet an sech un déi virgeschriwen Riedezäit hält. An et geet natiirlech och nët drëm, ze schwätze fir ze schwätzen, am Sënn vun “l’art pour l’art”; mä et geet drëm, eis Aarbecht an domat d’Resultat vun der Versammlung virunzebréngen. Wa mer äis vun der Charitéit leede loossen, da gët eisen échange en echten Dialog, gët zu engem Dialog fir Lëtzebuerg, an eis Diözesanversammlung gët zu engem événement d’Eglise.

Mer däerfen an eiser Optik nët de konkrete Mënsch aus dem A verléieren. Hie gëlt et a séngem Sichen no Sënn, no Gléck, no Léift a Gebuergenheet, no perséinlecher a gemeinschaftlecher Entfalung eeschtzehuelen a mam Evangelium vu Christus a Verbindung ze bréngen. Wéi kënne mer also eise Matmënschen vun haut, um Terrain, an eise Poaren, d’Frou Nouvelle vu Christus nobréngen, fir datt se hiren déifste Sehnsüchten gerecht gët? Wéi kënne mer als chrëchtlech Gemeinschaften, andeems mer vun eisen ureegene Quellen ausgin, dem Mënsch vun haut en Déngscht erweisen, och a gerad deem Mënsch, deen sech nët zou äis zielt, an och ouni hien ze vereinnahmen?

Mer mussen äis virun Aen halen, dass d’Kiirch kee Selbstzweck as, datt et nët ëm hirt Iwwerliewe geet. Mä et geet ëm de Mënsch, nët ëm de Mënsch vu gëschter, mä vun haut a vu moar. Fir dee Mënsch as d’Kiirch do, fir him de befreienden a begléckende Message vu Gott, dee Papp as an de Mënsch immens gären huet, gleefwierdeg nozebréngen.

Fir dass dat geschéie kann, musse mer äis d’Fro stellen: Kiirch, wouhi gees du ? Déi Fro gët, leider, nët mat aller Konsequenz gestallt. Mer dréinen oft ëm d’Fro: Kiirch, wou stees du? Stees de riets oder lénks, bass de konservativ oder progressiv, traditionalistesch oder fortschrëttlech? Da gin dobäi Vokabelen ewéi d’Kiirch vun uewen oder d’Kiirch vun ënne gebraucht. Et geet nët ëm eng Kiirch vun uewen oder vun ënnen, mä ëm d’Kiirch aus der Mëtt, an et geet drëm dës Mëtt erëmzefannen. Déi Mëtt as Jesus Christus, deen duurch säi Geescht wierkt. Dee Geescht as all Gedeften geschenkt, fir datt en sech vun him leeden loosse soll, zum Opbau vum Ganzen.

Ier mer openeen lauschteren, musse mer esouwuel als eenzel wéi och als Gemeinschaft op de Geescht lauschteren, fir erauszefannen, wat hien äis soe wëllt. An dat fanne mer eraus am Gebiet. Un éischter Stell mussen mer also eng Kiirch sin, déi biet! Eng Kiirch sin, déi wéi d’Urkiirch aus dem Zenakel eraus an eran an d’Welt opgebrach as. Dat hu mer haut de mueren jo an der Kathedral gemaach. Mer hu gelauschtert op d’Wuert aus der Schrëft, dat ëmmer en aktuellt Wuert as. Mer hun mat dem Wuert gebiet an derfir merci gesot, mer hun et ëm Orientéierung fir äis befrot.

An elo si mer hei, fir äis un d’Aarbecht ze maachen. An dat aus dem feste Glawen eraus, datt Gott mat äis as, dass fir äis d’Wuert vu Jesus Christus sech elo an hei realiséiert: “Wou der zwee oder dräi a méngem Numm zesummesin, do sin ech an hirer Mëtt.”

Mer hun also dat 1. Element, wéi et an der Zwëschebilanz vun eiser Pastoralinitiativ 2005 festgehalen gouf, verwiirklecht. Mer waren a mer mussen dat bleiwen, jo op alle Niveauen, wou d’Kiirch sech realiséiert, méi gin: eng Kiirch, déi lauschtert a biet . Eng Kiirch, déi lauschtert a biet, entdeckt onweigerlech, datt se eng geschéckte Kiirch as, dass si eng Sendung huet eran an d’Welt. Esou eng Kiirch kreest nët ëm sech selwer, mä si gët - an dat as dat 2. Element, déi zweet Viraussetzung, déi an der Zwëschebilanz opliicht - eng offen a mënschefrëndlech Kiirch . Eng Kiirch, deër keng Fro, keng Suerg, keng Nout friem däerf sin. Ouni complexe d’infériorité stellt si sech eiser Zäit mat hire Liicht- a Schiedsäiten. Esou eng Kiirch geet op d’Mënschen zou, hëllt se eescht a stellt sech an hiren Déngscht mat der gudder Nouvelle, mat dem Evangelium. Si gët eng Kiirch, déi d’Invitatioun vu Jesus Christus virlieft: “Kommt all bei mech, déi der mat Suergen beluede sid.” Mä da muss awer och de Mënsch, dee kënnt, konkret dat anert Jesus-Wuert experimentéieren: “Wer zu mir kommt, den werde ich nicht abweisen.”

Doraus muss dann en 3. Element aus der Zwëschebilanz verwiirklecht gin, nämlech eng dialogesch, gemeinschaftlech a schwësterlech Kiirch ze sin. Et as eng Kiirch, fir déi den Titel gëlt, deen den evangeleschen Theolog Jörg Zink séngen Erënnerunge gin huet: “Sieh nach den Sternen - gib acht auf die Gassen.” D’Kiirch weess sech hirem göttlechen Opdrag verflicht, weess dass Gott op kromme Linie riicht schreiwe kann, an datt an der Kiirch alleguerten Schwësteren a Bridder, Kanner vum selwéchte Papp sin. Déi en Amt an der Kiirch hun, wëssen, dass hiren eenzege Privileg deen as, am Déngscht vun denen aneren ze stoen, an datt hir Aufgab déi as, Eenheet ze schafen: eng Eenheet, déi am Zesummenhandelen an am Zesummestoen aus der Léift eraus opgebaut ka gin. D’Kiirch gët zur dialogescher a schwësterlecher Kiirch, wann den Eenzelne bereet as, an dësem Sënn an zum Wuel vum Ganzen och emol vu sénger Meenung zréckzestoen an op den aneren ze lauschteren. Wann der méi dat maachen, dann entsteet Gemeinschaft. An eng Kiirch, déi sech ëm d’Eenheet beméit, gët dann zu enger missionarescher Kiirch : Dat as dat 4. Element, dat d’Zwëschebilanz ervirsträicht. Eng Kiirch eran an d’Welt, jo an déi verschidde Welten, déi vun der Familjen, vun der Politik, der Wirtschaft, dem soziale Beräich, der Fräizäit, hin zu denen Marginaliséierten, zu denen, déi friem an ouni Heemecht sin. D’Kiirch muss, wéi et am 5. Element vun der Zwëschebilanz heescht, zou enger Kiirch déi dengt an einfach as gin. Hirt Virbild bleift do Jesus Christus, deen sénge Jünger d’Féiss gewäsch huet, also de niddregsten Déngscht geleescht huet. Eng Kiirch, déi nët déngt, déngt zu näischt, huet e franséische Bëschof emol gesot. Den Déngscht, deen d’Kiirch leeschte soll, as facetteräich. Am Fong besteet do keng Aschränkung. Mä déngen muss si virun allem denen, déi keng Stëmm hun, doduurch datt si zu hirer Stëmm gët; do as si haut besonnesch erausgefuerdert. Si as Déngerin fir d’Mënscherechter, och fir déi elementarst, wéi d’Recht op Liewen vum ongebuerene Kand.

Dës 5 Elementer kënnen nët vunenaner getrennt sin. Do wou si realiséiert gin, gët d’Kiirch zu enger charmanter, attraktiver Kiirch. Bei allen Iwwerleungen mussen dës Elementer äis guidéieren; un hinnen musse mer äis orientéieren, corrigéieren a motivéieren. Well duurch si schwieft äis eng Visioun vu Kiirch vir, déi hirer Missioun méi gerecht ka gin.

Wa mer um Mënsch äis ausrichten, wann de Mënsch eise Wee as, dann as domat d’Ausriichtung vun eiser Diözesanversammlung kloer virgezeechent. Hir Ausrichtung muss pastoral sin. Dëst däerfe mer nët vergiessen. Mat deër Visioun steet a fällt d‘Daseinsberechtegung vun eisem Zesummekommen. Et kann also nët drëm goen, fundametal a säiteschwéier Dokumenter hirzestëllen, déi nëmmen hiren Auteuren géife Satisfaktioun gin a sech nieft anere gudden Dokumenter am Bicherschaf géifen erëmfannen. Mer musse kuurz, prägnant a kloer Empfielungen opstellen, déi dann zu de pastorale Richtlinien a Prioritéiten am neien Jordausend gin. Nei Prioritéiten opstellen, heescht op aneres verzichten, heescht och sech d’Fro stellen: Wéi a mat wiem kënnen se realiséiert gin? Dat musse mer zesumme maachen, geleed vum Geescht vu Jesus Christus, fir d’Mënschen.

Erlaabt mer nach kuurz, mech selwer an deem Ganzen ze situéieren. Mat Iech sin ech Chrëcht a mat Iech sëtzen ech am Boot vun der Kiirch hei zu Lëtzebuerg. Mat Iech delen ech d’Léift zu dëser Kiirch an d’Suerg fir dës Kiirch, well et as jo déi Kiirch, durch déi de Plang vum Härrgott, deen en Heilsplang as, u jidderengem vun äis an och allgemeng realiséiert soll gin. Mat Iech stellen ech mer duefir ëmmer erëm d’Fro: Hun ech dës Kiirch gären, esou wéi se as? Fir dës Kiirch wëlle mer Richtlinien fir d’Pastoral opstellen, dobäi däerfe mer awer nët vergiessen: Et as nët eis Kirch, mä d’Kiirch vu Jesus Christus. Duerfir musse mer respektéieren, wat nët am Bëmiessen vun der Kiirch läit fir ze changéieren. Wat vu Christus hir uvertraut gouf, dat muss d’Kiirch an der Trei zu him verwalten. Opschon an der Lokalkiirch d’Universalkiirch sech realiséiert, kann awer eng Lokalkiirch näischt ënnerhuelen, wat nët dem allgemengen kiirchleche Konsens entsprécht, a wann se et nach esou gutt géif mengen. Doniewend awer gin et immens vill Méiglechkeeten, déi an de Kompetenzbereich vun der Lokalkiirch falen a wou si kann nei Akzenter setzen.

Bedenke mer eent: Et geet nët, an et kann nii ëm d’Upassung vun der Kiirch un d’Verhältnësser vun der Welt goen, déi permanent changéieren. Et geet nëmmen, an dat as äis opgedroen, ëm d’Erneierung an der Kiirch an ëm hir nei a wichteg Präsenz an der Welt, enger Welt, déi mer gären hun an déi äis vill bedeit.

Wat och ëmmer d’Versammlung géif beschléissen, déi Leschtverantwortung fir eng Diözes dréit de Bëschof, déi kann hien nët delegéieren. Gläichzäiteg as awer och de Bëschof agebonnen an d’Bëschofskollegium vun der universaler Kiirch, a Gemeinschaft mat dem Nofolger vum Péitrus. Wann e Bëschof dëser duebeler Verantwortung gerecht well gin, kann hien weder en ausféirend Organ vun der réimescher Kurie sin, nach kann e séng Verantwortung lassgeléist vun der Universalkiirch wouerhuelen. E Bëschof as virun allem beruff an och verflicht, en intermédiaire ze sin zwëschen der Lokalkiirch, déi him uvertraut as, an der Universalkiirch. Hie muss dat opgrond vu séngem Amt an denen zwou Richtunge sin.

Ech gesin méng Aufgab doran, mat Iech zesummen op dat ze lauschteren, wat de Geescht äis soen wëllt, a gläichzäiteg op dat ze lauschteren, wat Dir ze soen hut.

Léif geeschtlech Matbridder, léif Schwësteren a Bridder am Glaf! Loosse mer zesummen op deem ageschloene Wee weidergoen an op d’Antrieden bei Gott vun eiser Stad- a Landespatréinesch, der Tréichterin, a vum hellege Willibrord vertrauen. Loosse mer elo an d’Arbechten vun eiser Diözesanversammlung antrieden! Mer wëllen et maachen no der consigne, déi de Willibrord sénge Missionaren mat op de Wee gin huet:

In Dei nomine feliciter!

 
Fernand FRANCK Mgr
Archevêque . Erzbischof
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à Luxembourg Kontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/pelerinages-wallfahrten/octave-oktave/octave-2012-28-abrell-bis-13-mee/homelies-2012-priedegten-2012/

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés