+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Mouvementer
MOBILE
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
Eglise 2005 / Kirche 2005
Opruff vum Erzbëschof

D’Pastoralinitiativ “Kiirch 2005” kënnt an eng decisiv Phase: fir d’Joer 1999 hun ech eng Diözesanversammlung ageruff, un deer ongeféier 120 Mêmberen deelhuelen. An dësen Deeg gët d’Geschäftsordnung vun deer Versammlung a Kraaft gesaat a publizéiert. An deer Versammlung sollen aus all deene Viirschléi a Suggestiounen, Kritiken an Iwwerleungen, déi an deene läschte Joeren gemaach goufen, konkret Prioritéiten fir di nächst Zukunft ausgeschafft gin.

Op der Schwell an e neit Joerhonnert sti mir als Kiirch zu Lëtzebuerg viru groussen Erausfuederungen: Wéi haut Chrëscht sin an de Mënschen op eng authentesch Aart a Weis d’Evangelium vu Jesus Christus proposéieren a bezeien?

Déi Fro, déi zugläich di bleiwend Sendung vun der Kiirch as, sprengt all enk Kiirchtuurmsperspektiven: all chrëschtlech Gemeinschaft, a sief se nach sou kléng, muss sech deer Fro stellen a sech als Bausteen, op dee nët ka verzicht gin, afüge loossen an di universal Missioun vun der Kiirch.

D’Diözesanversammlung wëllt en Ereegnis gin, dat frou mecht an Energieën an eiser Kiirch fräisetzt, en Evenement, dat wéi op Päischten Mënschen zu begeeschterten Zeie mécht, en Erliewnis, dat Zeeche vu Gemeinschaft an Hoffnung a Moossstief fir Dialog a geschwësterlecht Matenee setzt.

Iwwer wichteg Froe gët beroden: Wéi wëlle mir selwer am Glawe wuessen fir de Mënsche vun haut de Glawen u Jesus Christus kënnen ze proposéieren? Wéi kënne mir eise Glawe sou feieren am Gottesdéngscht an an de Sakramenter, datt déi Feieren e Stéck Liewen ausdrécken a veränneren? Wéi kann eise Glawen sech en authentischen an iwwerzeegenden Ausdrock verschafen am Emgank mat de Mënschen a virop mat deene Kléngsten a Schwächsten an eiser Welt? Wéi kënne mir als chrëschtlech Gemeinschaft op sin fir jong Mënschen an hinnen d’Invitatioun vum Jesus weidergin, mat him de Wee an e gegléckt Liewen ze goen? Wéi ka Kiirch haut an eiser Gesellschaft a Welt eng Präsenz liewen, déi am Dingscht vun der Wourecht, vum Fridden, vun der Gerechtegket an dem Respekt virun deem anere steet? Wéi soll ët mat eise chrëschtleche Gemeinschaften hei zu Lëtzebuerg weidergoen? Wéi ka Glawen a Kiirch deem eenzelnen eng Hëllef an eng Stäip sin, fir mat de Froen an de Problemer vum Liewe fäerdeg ze gin?

Froë brauchen Äntwerten. Nët alles ka gläichermoossen zréckbehaal gin. Prioritéite mussen definéiert gin, Entscheedunge musse getraff gin. Ech invitéieren dofir all Katholiken zu Lëtzebuerg, bei dëser wichtiger an decisiver Phas vun eiser Pastoralinitiativ Kiirch 2005 aktiv matzemaachen.

Fir d’éischt mol doduerch, datt si sech un der Wahl vun de Mêmberen fir d’Diözesanversammlung aktiv bedeelegen: an de fënnef Pastoralregiounen an an deenen anere Gremien gin di néideg Detailler zu deene Wahlen bekanntgemaach. Ech invitéieren ganz häerzlech no Méiglechkeet un deene Walen deelzehuelen.

Dann awer och duurch en aktivt Matschaffen bei de Berodungen vun der Diözesanversammlung: aus de Regiounen, aus de Servicer a Verbänn, aus de Kongregatiounen an de verschiddenen Sparten vun kategorieller a spezialiséierter Pastoral si Leit Mêmber vun der Versammlung. Mat deene Mêmberen kann a soll diskutéiert an ausgetosch gin, sollen d’Themen vun de Berodungen behandelt gin. Op denen eenzelne Plazen sollen dofir Terminer bekannt gemaach an ausdrécklech Invitatiounen ausgesprach gin.

Eng wichteg an onverzichtbar Dimensioun vun aktiver Bedelegung as d’Gebied: di ganz Pastoralinitiativ an och d’Diözesanversammlung si kiirchlech Ereegnisser, déi am Lauschteren op d’Wuert vum Härgott an am Glawe geschéien. Ech maachen e ganz häerzlechen Appell un all Katholiken, dës wichteg Versammlung am Gebied ze droen. Ganz bësonnesch invitéieren ech di al a krank Matchrëschten, hiir Gebriechen an hire Wéi am Gebied fir e gudd Geléngen vu “Kiirch 2005” ze schenken. An dene nächste Méint kommen Uledungen fir gemeinsamt a perséinlecht Bieden eraus; elo schon empfielen ech déi Hëllefen: ech sin iwwerzeegt, datt mir d’Wäiche fir di nächst Joeren an deem Mooss richteg kënne stellen, wéi eist Iwwerleën a Plangen vum Gebied vun alle gedroen gët.

Ganz bësonnesch invitéieren ech di jong Leit, sech un deem wat op der Diözesanversammlung berode gët, ze bedeelegen: de Reliounsprofesseren, de Verantwortleche vun der Jugendpastoral, vun de kathoulesche Jugendverbänn a vun anere Jugendgruppen leën ech un d’Häerz, de Jugendlechen d’Méiglechket ze gin, hir Menung ze soen an hir Erwaardungen, Hoffnungen a Wënsch anzebréngen.

Ech soen alle Mêmberen vun der Diözesanversammlung elo schon Merci fir hir Bereetschaft an hiirt Engagement: ët kënnt vill Aarbecht op si duer. An ech soen alle Katholiken zu Lëtzebuerg Merci: hiir Ennerstëtzung, hiir Mataarbecht, hiirt Gebied si gefrot a gi gebraucht.

Ech empfielen eis Initiativ dem Gebied vun der Muttergottes, eiser Tréischterin, a vum hellge Willibrord. Op eisem We vu Sichen a Froen, vun Dialog an Austausch soll äis senen Gott, eise Papp, Jesus Christus, säi Sonn, an den Hellge Geescht.

Lëtzebuerg, de 7. November 1998,um Fest vum hellge Willibrord

 
Fernand FRANCK Mgr
Archevêque . Erzbischof
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à Luxembourg Kontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/pelerinages-wallfahrten/octave-oktave/octave-2012-28-abrell-bis-13-mee/homelies-2012-priedegten-2012/

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés