1. “Pfingstsonntag” ass dës kleng Notiz iwwerschriwwen, déi ech an engem Buch gelies hunn: “Der Pfarrer auf der Kanzel vergleicht den Pfingstgeist mit Sturm und Feuer. Aber keine Angst! In den Kirchenbänken bleibt es ruhig. Mein Nachbar sieht verstohlen auf seine Uhr” (L. Zenetti, Texte der Zuversicht, München 1972, 84).
Do huet ee gutt observéiert. Vu Stuerm a Feier ass wéineg ze spieren an eise Kierchen. An och op deem nächste Päischtsonndeg verleeft alles grad esou roueg wéi op deenen anere Festdeeg.
2. Beim éischte Päischtfest war dat nach anescht. Wat do geschitt ass, war esou gewalteg, datt de Lukas, den Auteur vun der Apostelgeschicht, et nëmmen a Symboler beschreiwe konnt: an de Biller vum Stuerm a vum Feier. “Op eemol gouf et e Kraache vum Himmel, wéi bei engem gewaltege Stuerm” (Apg 2,2). An dat zweet Symbol: d’Feier. “Et sinn hinnen Zonge erschénge wéi vu Feier, déi sech verdeelt an op jidderee vun hinnen néiergeluecht hunn. All goufe se mam Hellege Geescht erfëllt” (Apg 2,3f). Dat as d’Erfahrung vu Päischten: eppes Gewalteges wéi Feier a Stuerm.
“Ech gleewen un den Hellege Geescht” – déi Eeler ënner äis, déi hire Katjëssem gutt geléiert hunn, déi wëssen nach: Den Hellege Geescht ass déi drëtt Persoun vun der Hellegster Dräifaltegkeet. Awer wat notzt äis dat Wëssen? Hëlleft et am konkrete Liewe virun? Sécher, eng Kéier am Jor feiere mir Päischten, d’Fest vum Hellege Geescht. Mä wat ass déi aner 364 Deeg? An do gëtt et jo och nach d’Firmung, d’Sakrament, dat besonnesch mam Hellege Geescht ze dinn huet. Wann et gespend gëtt, dann ass dat meeschtens mat engem méi groussen Opwand verbonnen: Firmvirbereedung, de Bëschof kënnt, eng feierlech Mass, e Familljefest – an alleguer sange se aus vollem Häerz: “Esprit de Pentecôte” oder “Komm, Schöpfer Geist, kehr bei uns ein!” Sange mir dat och nach méi spéit, mat där selwechter Innegkeet?
3. Wou wierkt den Hellege Geescht? Wou hannerléisst hie seng Spuren? Wa mir nëmmen op Päischten a bei der Firmung un den Hellege Geescht denken, dann entgeet äis esou munneches. Den Hellege Geescht ass méi wéi nëmmen de Prétexte fir e kierchleche Feierdag am Fréijoer oder fir e Familljefest bei Geleeënheet vun der Firmung. Den Hellege Geescht weist äis souzeson, wéi den Herrgott an eiser Zäit um Wierk ass. Den Herrgott léisst äis net eleng. Hien iwwerléisst äis net eisem Schicksal. Hie wëllt äis zu engem Liewe verhëllefen, dat réusséiert. Hie wëllt äis tréischten an opriichten: net iergend eng Kéier, net nëmmen op Päischten an um Dag vun der Firmung, mä ëmmer, all Dag op en Neits. “Den Hellege Geescht ass deen, deen äis Courage mécht”, huet eng Kéier e Kand am Reliounsunterrecht gesot, an et huet domat eppes, wat schwéier ze beschreiwen ass, ganz gutt ëmschriwwen.
4. An engem Helleg-Geescht-Lidd heescht et: “Der Geist des Herrn durchweht die Welt gewaltig und unbändig; wohin sein Feueratem fällt, wird Gottes Reich lebendig” (Magn 249,4). “Feierotem” – an dësem Wuert sinn déi zwee Symboler zesummegefaasst, déi d’Wierke vum Hellege Geescht däitlech maache wëllen.
Do ass d’Feier. Feier mécht hell, a Feier wiermt. E Feier am oppene Kamäin, dat schaaft Atmosphär, dat gëtt e Gefill vu Gebuergenheet. Hei léisst sech gutt bleiwen a wunnen. An dat gëlt och am iwwerdroene Sënn: Den Hellege Geescht ass do um Wierk, wou Mënschen d’Erfahrung maachen: een ass frou mat mir, ech sinn ugeholl, ech däerf mech wuel fillen. Dat ze spiere mécht d’Liewe méi liicht a méi hell. Et ass net selbstverständlech, datt d’Mënsche gär liewen a Freed un der Welt hunn; et ass e Geschenk vum Hellege Geescht. “Wohin sein Feueratem fällt, wird Gottes Reich lebendig”.
Feier vermëttelt awer net nëmme Wäermt a Liicht. Feier kann och eng gewalteg Kraaft entwécklen a schlëmmstefalls vill Schued maachen, jo souguer alles zerstéieren. An der Glous vum Feier gi Metaller geschmollt an dat, wat ze gebrauchen ass, vun deem getrennt, wat net ze gebrauchen ass. Wat iwwreg bleift, ass am Feier geleitert a gehäert an domat wäertvoll a stabill. Sou kann et och am Liewe gon, wann Décisiounen ze huele sinn tëscht Wichtegem an Onwichtegem, wann haart Zäiten duerchzestoe sinn voller Spannung a Suergen – wann ee sech virkënnt wéi an engem Feieruewen, da gëtt dem Herrgott säi Geescht d’Kraaft, auszehalen an duerchzehalen an aus esou engen haarde Liewesphasen net geschwächt, mä geleitert a gestäerkt erauszekommen. Am Liewe ginn et ëmmer neess Spannungen, bannen an äis an och dobaussen – den Hellege Geescht schenkt äis d’Kraaft, un dëse Spannungen ze wuessen a räif ze ginn, amplaz un hinnen ze zerbriechen. Wa mir scho keng aner Wiel bleift, ass wéi mech de Spannunge vum Liewen ze stellen, da wëll ech wéinstens e breede Réck kréien, fir se och aushalen ze kënnen! – Wien esou denkt a biet, deen huet eppes vum Hellege Geescht verstan.
5. Dat zweet Symbol, dat d’Wierke vum Hellege Geescht verdäitlecht, ass den Otem, de Wand, de Stuerm. Mir kënnen äis d’Welt, d’Liewen, ouni dem Herrgott säi Liewesotem net virstellen. Ruach seet d’Bibel fir dëse Liewesotem, dës Schëpferkraaft vum Herrgott, déi vun Ufank un um Wierk ass an alles an d’Liewe rifft. “Am Ufank huet den Herrgott Himmel an Äerd erschafen; d’Äerd awer war duercherneen an eidel, Däischtert louch iwwert der Déift, an dem Herrgott säi Geescht ass iwwert dem Waasser geschwieft” (Gen 1,1f), mat dëse Wierder fänkt d’biblesch Erzielung vun der Erschafung vun der Welt a vum Mënsch un. An zënterhir gëlt: Wou d’Liewen zum Zoch kënnt, do ass den Hellege Geescht um Wierk. Wou Mënschen neess opootmen an Hoffnung schäffen, do spiere si eppes vun där Kraaft vum Herrgott sengem Geescht, déi Liewe schaaft.
De Stuerm als Symbol fir d’Wierke vum Hellege Geescht – ech stelle mir e waarmen, schmeiere Summerdag vir, wou d’Loft esou déck ass, datt ee se schneide kann, alles schweesst an ass ewéi paralyséiert, an da kënnt stënterlech e frësche Wand op, deen déi déck Loft op d’Säit dréckt an eng agreabel kill Lëftche verbreet. Am Liewe kann dat och esou sinn; och do gëtt et déi wuertwiertlech “déck Loft”: Erfahrungen, wou mir wéi paralyséiert sinn an net méi viru wëssen. Do mierken d’Mataarbechter: De Kolleg drénkt, et richt een et jo, an et gesäit een och, wéi seng Hänn zidderen! Awer kee wot et, de Verdacht oppen auszespriechen. Oder eng Koppel spiert: Iergendeppes stëmmt net méi tëscht äis, de Partner ass op eemol esou zou an et ass kee Gespréich méi méiglech! Awer kee vun deenen zwee huet de Courage, dëst Gefill beim Numm ze nennen. “Déck Loft” – do géif wierklech e klenge Wand gutt doen, deen alles neess a Beweegung bréngt an d’Saache méi kloer mécht. Do géif et gutt doen, sech e Stouss ze ginn an de Kolleg unzespriechen: So mol, hal op, dir an äis eppes virzespillen! Du brauchs Hëllef, soss mécht den Alkohol dech komplett futti! Do géif et gutt doen, iwwert säi Schied ze sprangen an zu sengem Partner ze soen: Looss äis emol an aller Offenheet iwwer dat schwätzen, wat tëscht äis läit! Dat ass net ëmmer einfach. Dat kann och ënnerlech wéi doen. E Stuerm bréngt net nëmmen Erfrëschung. E Stuerm kann och Äscht briechen a Beem aus dem Buedem rappen. Mä meeschtens sinn dat nëmmen déi dier an déi faul, an herno ass Plaz geschaf fir déi Äscht a Beem, déi lieweg sinn a Fruucht droen.
Dem Herrgott säi Geescht, d’ruach, déi alles an d’Liewe rifft, wierkt do, wou Mënschen neess de Wee zum wierkleche Liewe fannen an d’Kraaft hunn, op dësem Wee ze bleiwen. “Der Geist des Herrn durchweht die Welt gewaltig und unbändig; wohin sein Feueratem fällt, wird Gottes Reich lebendig”.
Ëm deen Hellege Geescht biet d’Kierch, biede mir ëmmer neess, Sonndeg fir Sonndeg an eisem Glawesbekenntnes. Eng Kierch, déi et zouléisst, datt den Hellege Geescht an hir wierken däerf fir d’Liewe vun de Mënschen, eng Kierch, déi et zouléisst, datt den Hellege Geescht an hir wierken däerf mat der Kraaft vu Feier a Stuerm, esou eng Kierch brauch – trotz allem wat an hir schief leeft – ëm hir Zukunft net ze baangen. Ech gleewen drun, datt dem Herrgott säi Geescht, den Hellege Geescht, ëmmer neess um Wierken ass an datt hie jidderee vun äis – an domat och seng Kierch – erneiere kann! “Der Geist des Herrn durchweht die Welt gewaltig und unbändig; wohin sein Feueratem fällt, wird Gottes Reich lebendig”


Circle cathollu
Follow cathollu
Like cathollu
Permalink: http://www.cathol.lu/article1809
Uewen

