+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Kierchlech Mouvementer
+Uerden
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
1993
Am Anfang schuf Gott Himmel und Erde (Gen 1, 1)
Der Schöpfer - der Allmächtige

Déi Säit aus dem Prophéit Jesaja, déi mer elo grad héieren hun, as nieft enger Rei vu Psalmen (vgl. Pss 8, 19, 24, 104) nëmmen ee vun dene villen Texter, mat denen d’Bibel an domat och d’Liturgie vun der Kiirch den Härgott als de Schëpfer an den Här vun der Welt luewen a séngem härleche Wiirk, dat hie geschaf huet. An Honnerte vu Kiirchelidder a kënschtleresche Vertounonge fanne mer datselwecht Thema an ëmmer neie Variatiounen erëm: “Die Himmel rühmen des Ewigen Ehre!”

Den Härgott léisst sech aus sénger Schëpfong erkennen

De Schëpfer léisst sech aus de Spure vun der Schëpfong erkennen: dat as d’Iwwerzegong vum Alen a vum Neien Testament. “Töricht waren von Natur alle Menschen, denen die Gotteserkenntnis fehlte. Denn von der Größe und Schönheit der Geschöpfe läßt sich auf ihren Schöpfer schließen.” Esou heescht ët am Buch vun der Wäisheet (Weish 13, 1.4-5). An ewéi am Echo op dat Wuert schreift den hellege Paulus am Réimerbréif iwwert den Härgott: “Seit Erschaffung der Welt wird seine unsichtbare Wirklichkeit an den Werken der Schöpfung mit der Vernunft wahrgenommen, seine ewige Macht und Gottheit” (Röm 1, 20).

“Die Himmel rühmen die Herrlichkeit Gottes, vom Werk seiner Hände kündet das Firmament” (Ps 19, 2). Dat as duurch d’Joërdausenden d’Grondhaltong vum glewege Mënsch.

Vill Mënsche fanne sech haut an engem immensen Universum verluer

Mä an enger Zäit, wou alles oder bal alles a Fro gestallt gët, do schéngt och déi Haltong nët méi selbstverständlech. Dat, wat äis misst mat Bewonnerong erfëllen, déi ëmmer méi genee an déif Erfuerschong vun de Rätsele vun der Natur - am onendlech Klengen, bis an d’Strukturgesetzer vum Atom eran, an am onendlech Groussen, wou mer mat Distanze vu Milliounen a Millioune Liichtjoërn rechnen, an d’Grenze vum Weltall sech Dag fir Dag auswäiten - dat alles léist bei ville Mënschen éischter Angscht aus. Wat sech breet mecht, as e Gefill vu Verloossenheet an Onbehaustheet an engem immense Weltall, wou eise klengen Äerdball - ee Planéit vun enger Sonn, där ët Dausenden an Dausende gët - äis ewéi e verluerene Sandkär virkënnt. As ët do iwwerhaapt nach plausibel, datt den Härgott sech un deem Stëbskär, Äerd genannt, interesséiert a sech dorëm Suerge mecht?

En ähnlecht Gefill kann opkommen, wa mer un déi immens Zäitraim denken, an denen d’Welt sech bis zu hirer Gestalt vun haut entwéckelt huet. Um Ufank den Urknall, de “Big Bang”, an dann um Enn vun enger laanger, laanger Evolutiounsketten, de Mënsch. As do wiirklech d’Hand vun engem Schëpfer um Wiirk, oder as ët den Zoufall?

Derbäi kënnt nach, datt mer haut, am Zesummenhank mat der Ëmweltkris ganz sensibel reagéieren op déi Ufällegkeet fir Stéierongen, déi an der Schëpfong draläit. Och wa mer wëssen, datt d’Ëmweltkris wuel méi op de Mënschen hiren onverantwortlechen Ëmgank mat der Schëpfong zeréckzeféieren as ewéi op Defiziter an der Schëpfong selwer, datt mir also fir d’éischt eist Verhalen ännere missten, stelle mer äis dach déi baang Fro, wéi laang dat nach weidergeet, an op tatsächlech d’Ressource vun der Äerd nët enges Dag zu Enn sin.

Alles an allem fënd de Mënsch an deem offene moderne Weltbild, obschon ët un a fir sech duurchaus mat dem Glaf vereinbar as, nët méi déi Gebuergenheet, déi en an deem geschlossenen antike Weltbild fond huet. Hie fillt sech an deen onendleche Raum erageworf a verlooss. Ëmsou méi as ët néideg, datt mer äis dës Glaf un den Härgott, deen Himmel an Äerd geschaf huet, op en neis vergewësseren. Dat Bekenntnës zum Härgott, deen d’ganz Welt geschafen huet a se erhält a regéiert, huet grad haut eng besonnesch Aktualitéit.

De Schëpfongsglaf vum Alen Testament

Schëpfongsglaf an engem offene moderne Weltbild, an engem Klima vu Ongebuergenheet a villäicht esouguer vu kosmeschem Pessimismus: wat léisst sech duerzou soën?

Fir d’éischt emol, datt dee Klima, déi Situatioun guer nët esou nei sin. Ët war grad an der Zäit virum Babyloneschen Exil an am Exil selwer, also an enger Zäit vun äusserster Bedrängnës a Glawensufechtong vum Vollek Israël, wou an der Helleger Schrëft d’Zuel vun denen Texter wiisst, déi d’Bekenntnës zum Schëpfer thematiséieren.

Dat fënd virun allem säin Néierschlag an enger ganzer Rei vun Texter am Zweete Buch Jesaja. Een dervun hu mer d’éinescht an der Liesong héieren: “Der Herr ist ein ewiger Gott, der die weite Erde erschuf. Er wird nicht müde und matt, unergründlich ist seine Einsicht. Er gibt dem Müden Kraft, dem Kraftlosen verleiht er große Stärke. … Die dem Herrn vertrauen, schöpfen neue Kraft, sie bekommen Flügel wie Adler. Sie laufen und werden nicht müde, sie gehen und werden nicht matt” (Jes 40, 28-31).

An där iwwergrousser Nout soll d’Vollek erëm Vertraue an Hoffnong schäffen aus der Glawensiwwerzegong, datt den Härgott jidfer eenzelnen an d’ganzt Vollek, jo all Mënschen an all Natioune geschaf huet (cf. Ps 33). Domat sin och déi Natiounen, déi Israel ënnerdrécken, am Härgott sénger Gewalt, an esou huet hien d’Muecht, d’Richtong vun der Geschicht ëmzedréinen, esouguer andeems en e ganz friemen Herrscher, de Perserkinnek Cyrus auswielt, fir Israel aus der Babylonescher Gefaangeschaft ze befreien an erëm heemzeféieren.

An därselwechter Zäit kritt och de Schëpfongsbericht, deen op der éischter Säit vun der Bibel steet, séng lescht Form: “Im Anfang schuf Gott Himmel und Erde. … Und Gott sah: es war gut, es war sehr gut.” Ët gët een Här vun der Welt. Aus sénger Hand as alles ervirgaang. A sénger Hand as ët opgehuewen a gedroën. A sénger Hand huet alles séng gutt Uerdnong.

A Jesus, séngem Sonn, seet den Härgott op en neits jo zu sénger Schëpfong

Dat as dat Urvertrauen, dat aus denen Texter schwätzt. Vun deem Urvertrauen as dann och d’Liewen an d’Verkënnegong vum Jesus gedroën a ganz duurchdrongen. Hie schwätzt äis vun engem Härgott, dee sech ëm séng Schëpfong suergt: ëm d’Vigel um Himmel an d’Liliën um Feld, mä virun allem ëm d’Mënschen. “Äre Papp am Himmel weess, wat dir braucht” (Mt 6, 8.32). Den Härgott vu Jesus Christus as nët en Härgott, deen dem Weltlaf aus enger onendlécher Distanz nokuckt, mä ët as säi Papp, dee sech hei an haut ëm all Mënsche suergt.

A schliisslech as en deen Härgott, deen äis a Jesus Christus immens nokomm as. Hie wollt, datt säi Jong an dës, eis Mënschewelt erakéim an ee vun äis géif gin. An him huet den Härgott sech onwidderrufflech, op “Gedeih a Verderb”, mat der Mënscheet a mat der ganzer Schëpfong verbonnen. Domat huet hien dat Wuert vum Ufank: “Ët as gutt, ët as ganz gutt”, op eng Manéier widderholl, déi sech nët iwwerbidde léisst. Well doduurch, datt deen, “duurch deen alles erschaf an ouni deen näischt erschaf as” (Joh 1, 3), den Éischtgebuerene vun der Schëpfong (Kol 1, 15), deen, “deen d’All duurch an duurch beherrscht” (Eph 1, 23), an d’Welt agetrueden as, gouf der Schëpfong eng nei Kraaft, eng nei Dynamik agestëft: “Alles as duurch hien an an him erschaf. An hien as virun allem, an alles besteet an him” (Kol 1, 17).

Mat Beruffung op dee Paulustext beschreift den Teilhard de Chardin d’Plaz vu Christus am Universum mat dëse gewaltege Wierder: “Fir d’éischt as Christus buchstäblech deen, deen alles erfëllt: ët gët a kengem Ament vun der Welt iirgendengt Element vun der Welt, dat sech ausserhalb vu séngem Fluidum, dat alles leed, bewege géif oder je bewegen däerft. Raum an Zäit sin erfëllt vun him. Esou as dat ganzt Universum vu séngem Charakter gepräägt, vu séngem Choix gezeechent, vu sénger Form beséilt. All Linjhe vun der Welt konvergéieren a verschlénge sech an him, deen dem ganze Gebai vun der Matière a vum Geescht séng Bestännegkeet schenkt.”

Eng Perspektiv vun Hoffnong a Verantwortong

An där Perspektiv as keng Plaz fir e kosmesche Pessimismus. Den Härgott kann séng Schëpfong guer nët am Plang loossen. Mir däerfen op séng Trei zielen, och wann dat äis nët vun eiser Verantwortong fir d’Schëpfong entbënd, mä se am Géigendeel nach verschäerft. Mir däerfen, jo mir mussen hoffen och fir d’Schëpfong, fir d’Welt vun de Mënschen, well dee bei äis as, vun deem den Ufank vum Hebräerbréif schwätzt: De Sonn, den Ierwe vum Universum, duurch deen och d’Welt erschaf as, … hien dréit (an erhält) d’Weltall duurch d’Muecht vu séngem Wuert (Hebr 1, 3). Duurch hie gët och d’Schëpfong, déi elo nach an der Péng as an a Gebuertwéië läit, befreit zur Fräiheet an zur Härlechkeet vun de Kanner vum Härgott (Röm 8, 21f), déi Härlechkeet, déi elo schon opliicht u Christus, deem operstanenen Här, an u Maria, sénger Mamm.

Fir dës Weltzäit iewel bleift äis d’Gewëssheet, datt dem Härgott säi Geescht den Äerdkreess ërfëllt: “Du sandtest deinen Geist, um den Bau zu vollenden” (Jdt 16, 14).

“Emitte spiritum tuum et creabuntur, et renovabis faciem terrae - Sende aus deinen Geist, und alles wird neu geschaffen, und du wirst das Antlitz der Erde erneuern” (Ps 104, 30; cf. Röm 8, 23 f).

Zusamenfassung

“Seit Erschaffung der Welt wird Gottes unsichtbare Wirklichkeit an den Werken der Schöpfung mit der Vernunft wahrgenommen, seine ewige Macht und Gottheit” (Röm 1, 20; vgl Weish 13, 1. 4-5). Das ist über Jahrtausende hinweg, die Grundhaltung des gläubigen Menschen: “Die Himmel rühmen des ewigen Ehre!” In Hunderten von Kirchenliedern und Vertonungen großer Komponisten kehrt das Thema wieder.

Aber in unserer Zeit, die alles in Frage stellt, scheint auch diese Haltung nicht mehr selbstverständlich. Was uns mit Bewunderung erfüllen müßte - die immer genauer und tiefer erforschten Strukturgesetze der Natur, die Größe des Universums, das sich ständig ausweitet - löst bei vielen Angst aus: ein Gefühl der Einsamkeit und Unbehaustheit in einem unendlichen Weltall. Nimmt da unser kleiner Erdball, ein Planet in einem Sonnensystem unter ungezählten anderen, sich nicht wie ein Sandkorn aus? Ist es da überhaupt noch einleuchtend, daß Gott an diesem Stäubchen Interesse hat?

Ein ähnliches Gefühl kann aufkommen, wenn wir uns die Zeiträume vergegenwärtigen, in denen sich die Welt bis zu ihrer heutigen Gestalt entwickelt hat: Am Anfang der Urknall und dann, am Ende einer schier endlosen Evolutionskette - der Mensch. Ist da wirklich die Hand eines Schöpfers am Werk, oder ist alles Zufall?

Auch die Störanfälligkeiten der Schöpfung, für die wir heute im Zusammenhang mit der Umweltkrise besonders feinfühlig sind, zeitigen, obschon zumeist von Menschenhand bewirkt und vom Menschen zu verantworten, bei vielen ein Gefühl der Unsicherheit.

Insgesamt findet der Mensch in dem offenen modernen Weltbild, wenngleich dieses an und für sich durchaus mit dem Glauben vereinbar ist, weniger Geborgenheit als in dem geschlossenen Weltbild der Antike. Um so dringlicher ist es, daß wir uns auf den besinnen, der das ganze in seiner Hand hält.

*

Glaube an den Schöpfergott in einem offenen modernen Weltbild, in einem Klima der Ungeborgenheit und des kosmischen Pessimismus!?- Es mag angesichts dieser Geisteslage tröstlich und hilfreich sein zu wissen, daß im Volk Israel der Glaube an den Schöpfer des Himmels und der Erde, an den Herrn der Welt und aller Nationen, gerade in einer Zeit äußerster Bedrängnis - während der babylonischen Gefangenschaft - seine höchste Blüte erreichte. Aus dieser Zeit stammt auch die Endfassung des ersten biblischen Schöpfungsberichtes (Gen 1, 1 - 2, 4a), in dem es heißt: “Im Anfang schuf Gott Himmel und Erde. … Und Gott sah: es war gut, es war sehr gut.” Alles ist aus seiner Hand hervorgegangen, in seiner Hand aufgehoben und von seiner Hand getragen. In seiner Hand hat alles seine gute Ordnung.

Von dem Urvertrauen, das in diesem Text zum Ausdruck kommt, ist auch das Leben und die Verkündigung Jesu ganz durchdrungen. Er verkündet einen Gott, der für seine Schöpfung sorgt: für die Vögel des Himmels und die Lilien des Feldes, vor allem aber für den Menschen (Mt 6, 25-34).

Und schließlich hat Gott sich in Jesus Christus mit der Menschheit und der ganzen Schöpfung “auf Gedeih und Verderb” verbunden. Dadurch daß er, “durch den alles erschaffen, und ohne den nichts geworden ist” (Joh 1, 3), in die Welt eingetreten ist, wird der Schöpfung eine ganz neue Kraft und Dynamik eingestiftet. “In ihm wurde alles erschaffen im Himmel und auf Erden …; alles ist durch ihn und auf ihn hin geschaffen. Er ist vor aller Schöpfung, in ihm hat alles Bestand” Kol 1, 16-17).

Mit Berufung auf diesen und andere Schrifttexte konnte Teilhard de Chardin schreiben: “Zunächst ist Christus physisch und buchstäblich der, der erfüllt: es gibt in keinem Augenblick der Welt irgendein Element der Welt, das außerhalb seines lenkenden Fluidums bewegt würde, sich bewegte oder sich je bewegen dürfte. Raum und Zeit sind erfüllt von ihm. So ist das ganze Universum von seinem Charakter geprägt, von seiner Wahl gezeichnet und von seiner Form beseelt. Alle Linien der Welt konvergieren und verschlingen sich in ihm, der dem ganzen Gebäude der Materie und des Geistes seine Beständigkeit verleiht.”

Fürwahr, in dieser Perspektive gibt es keinen Grund und keinen Platz für einen kosmischen Pessimismus, sondern allen Grund zur Hoffnung, auch für die Schöpfung, daß sie dereinst aus der Sklaverei und Verlorenheit, in die der Mensch sie mit hineingerissen hat, befreit wird zur Freiheit und Herrlichkeit der Kinder Gottes (Röm 8, 21f).

 
Mathias SCHILTZ
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à LuxembourgKontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//culture-et-patrimoine-geschichte/article/eglises-ouvertes-oppe-kierchen

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés