+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Kierchlech Mouvementer
+Uerden
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
2003
“Alles ist durch das Wort geworden”
(Joh 1, 3)
Zur Eröffnung der Schöpfungs- und Erlösungsgeschichte.

Häer Erzbëschof, léif Pilger a Pilgerinnen, kommt mir lossen d’Diren vun dëser Kathedral, vun eiser Oktav grouss op, wa mer eis haut de Mëtteg hei virum Gnodebild vun der Mutter Gottes versammelen. Well si - d’Mutter Gottes - gehéiert ganz an d’Welt a ganz an d’Kierch eran. Loosst mer si eroofklamme lossen vun hirem Altor, eraus an d’Welt - an d’Liewen an der Welt soll erakommen an dës Kathedral, wou et higehéiert: Well dem Härgott säi Wuert ass Liewen.

Säi Wuert lieft an der Welt an an der Kierch. Duerfir loost mer eis als Chrëschten net aspäre loossen an de Kierchen - an loost mir Gott net eraushuelen aus der Welt.

Loost mer d’Diren grouss oploossen, fir eran an d’Welt ze gesin an d’Welt mat dem Bléck vu Maria, mat dem Bléck vum Glawen, ze kucken.

Mee, wat gesi mir? Wat deet sech an eiser Welt? Grad beim Thema vun dëser éischter Oktav-Andachtspriedegt, wou d’Schöpfung vum Härgott am Mëttelpunkt steet, gesin ech Fuerscher a Wëssenschaftler viru mir. An hiren Hänn hun si d’Liewen. An hiren Hänn entsteet neit Liewen. Ënnert hiren Hänn stierft a vergeet Liewen.

D’Dokteren an d’medezinesch Wëssenschaften droen haut an onser Welt a fir ons Welt eng schwéier a schwiereg Verantwortung. Mir alleguerten halen si un, alles ze maachen, alles ze gin, fir datt d’Liewen, besonnesch op eiser nördlecher Hallefkugel, su laang wéi méiglech dauert, sech a qualitativ héichwäerteger Potenz weiderentwéckelt. Mir, eis Gesellschaft, deet sech schwéier mat dem Handicap, deet sech schwéier mat der Kränkt, deet sech schwéier mat dem Alteren. Duerfir muss d’Wëssenschaft alles gin, fir ëmmer méi Liewen aus dem Liewen erauszeschloen, fir ëmmer méi Gesondheet aus der Gesondheet erauszehuelen.

D’Fuerschung ronderëm den Embryon an um mënschlechen Embryon selwer dingt och deem Zweck, a versprécht ons nei an onerwaarten Heelmëttel. Iwert d’In-Vitro-Fertilisatioun eraus annoncéieren sech d’Méiglechkeeten vun dem sougenanntenen “clonage thérapeutique”, also enger Technik déi Embryonen verbraucht, fir se am Gewebe vum kranke Mënsch als Ersatzmaterial ze verwerten. Haut nach en Dram vun der Forschung, mar awer scho vläicht eng nei a batter Realitéit.

Wa mir kucken, wéivill Opwand datt Wëssenschaft a Medezin bedreiwen, fir éischt Resultater a kleng Fortschrëtter ze erziilen, da liest sech d’Schöpfungsgeschicht do dergéint wéi e Kannerspill. Mat enger Facilitéit sonner gläichen schaaft den Herrgott duerch säi Wuert déi ganz Welt.

“Im Anfang schuf Gott Himmel und Erde; die Erde aber war wüst und wirr, Finsternis lag über der Urflut, und Gottes Geist schwebte über dem Wasser. Gott sprach: Es werde Licht. Und es wurde Licht” - an esou virun!

Bei sengem Versuch als Zauberlehrling, fir sech selwer, der Welt a firwat net och Gott ze beweisen, datt heen alles kann, betonnéiert de Mënsch sech a seng Fräiheet fest. Den Dram no engem geklonte Mënsch ass nëmmen een allze vill gudd Beispill, wou ee gesäit a versteet, datt de Mënsch, do wou e pseudo-kreativ wëllt gin, ausser sech selwer näischt Neies an der Lag ass ze erfannen. (Do wou de Mënsch mengt, eppes am Grëff ze hun, produzéiert en an der Regel Monokulturen, déi selwer awer méi ufälleg sin, wéi all déi diversifizéiert eenzel Naturprodukter.)

Am éischte Buch vun der Bibel, dem Buch Genesis, ergräift den Herrgott selwer direkt d’Wuert. Hee schwätzt, a Säi Wuert schaaft déi ganz Welt, schaaft déi verschidde Planzen, Déieren, a virun allem de Mënsch selwer. Wann den Herrgott schwätzt, da kënnt eppes derbei eraus. Hee schwätzt net ëmsoss. Hee verléiert keng Wierder fir näischt ze maachen. Säi Schwätzen ass kreativ; bei deem wat Hee seet, geschitt dat, wat Hee seet. Esou gët schon an den alleréischte Säz vun der Bibel kloer, datt dat Schwätze vum Herrgott Liewen ass. Säi Wuert ass d’Liewen; Säi Wuert schenkt d’Liewen.

Esou differenzéiert sech d’Wuert vum Herrgott vun deem vun de Mënschen. Wa mir Mënschen mat eise Wierder probéieren eppes ze bewegen, da musse mir eis éischter ustrengen an oft ganz vill Wierder maachen, fir Klenges a Bewegung ze setzen. Ween hätt net schons a sengem Liewen d’Erfahrung gemaach, wéi schwéier et ass, mat gudden an och mat manner gudde Wierder eppes ze erreechen. Esou probéieren d’Pappen an d’Mammen ëmmer erëm, hir Kanner mat Wierder ze erzéien, a mierken do derbei, datt hir Wierder net gehéiert gin, einfach verfléien, jo, näischt bewierken. Emsou méi impressionant ass et, wann dee Gott, vun deem mir an der Bibel geschwat kréien, ee Wuert seet, a schons ass et, a schons geschitt dat, wat e seet. Esou gëtt ons schons op den alleréischte Säite vun der Bibel déi gewalteg Muecht a Kraaft vum Herrgott séngem Wuert konkret a faktesch virun Aë gefouert. Mat séngem Wuert schaaft heen Realitéiten, schaaft heen d’Wierklechkeet.

D’Schafenskraaft vum Härgott séngem Wuert huet och d’Maria an hirem Liewen leibhafteg erfuer. Dem Herrgott säi Wuert, säi Geescht, huet an hir Liewen wakerech gemaach. Duerch dem Härgott säi Wuert ass si d’Mamm vu Jesus Christus gin. Dem Härgott säi Wuert schaaft a verännert d’Liewen vun de Mënschen, wann si et héieren an drop lauschteren. Maria, d’Meedche vun Nazareth, huet op säi Wuert gelauschtert, et héieren, verstanen an ëmgesat an hirem Liewen. Si huet gegleeft, datt dem Herrgott säi Wuert Neies a Liewen ka schaafen. Mat dem Herrgott sengem Wuert fänkt alles un. A Maria huet sech op dat Wuert ageloss a sech op ee schmuele Pad vum Mënsch-sin begin. Als Geschöpf vum Herrgott, als Mensch, huet si gewielt, de Wee vun der Onsécherheet, de schmuele Pad vun der Fräiheet ze goen.

Vun esou engem Pad ass och d’Rieds an enger Indianerlegend aus Latäinamerika.

Kon Tiki (Wirakotschka), der Schöpfer des Alls, der höchste Gott, war gerade mit der Erschaffung der Erde beschäftigt. Schon gab es Steine und Gebirge, Seen und Meere, Gesträuch und Bäume. Am Himmel hatte Kon Tiki die Sonne aufgehängt; sie war nicht nur das strahlende Gestirn, das Leben verbreitete, wohin ihr Licht drang, sie war Kon Tikis Stellvertreterin. Sie war die sichtbare Gottheit, damit die künftigen Menschen, die nur glauben würden, was sie sähen, etwas anbeten könnten. Die Allgegenwart des höchsten Schöpfers, Kon Tiki Wirakotschka, der über allem schwebte und in allem war, würden sie nicht erfassen können.

Gerade dachte Kon Tiki an die künftige Menschheit. Wie sie gestalten, damit sie seinem Ideal näherkämen? Als Geister irrten die zukünftigen Lebewesen noch im unsichtbaren Raume. Der Augenblick, ihnen eine irdische Hülle zu geben, war gekommen. Kon Tiki hörte alles, was im weiten Schöpfungsbereiche gesprochen wurde. Soeben waren zwei Wege daran, über ihre künftige Bedeutung zu streiten.

“Ich bin breit und gerade, führe durch die Ebenen, die sich grün und einladend nach allen Seiten dehnen. Zu mir werden die besten Geister kommen, denn sie vertrauen meiner Sicherheit ...” So sprach der eine der beiden Wege.

Der andere führte durch wilde Wälder, in denen er sich beinahe verirrte. Er wand sich unzählige Male, um vorwärts zu kommen; er stieg in die hohen Berge hinauf, steil und schmal, an Abgründen vorbei. Sein Ende war unsichtbar, denn es verlor sich in den Wolken.

“Die edelsten Geister werden mich vorziehen”, sagte der zweite Weg. “Ich biete ihnen, was sie am sehnlichsten erhoffen: Kampf und Gefahr, aber auch Aufstieg; Not, aber die Spannung des Ungewissen...”

“Wenn sie auf mir wandeln, finden sie das Glück. Offen liegt es vor ihnen ...” erwiderte der erste Weg in großem Selbstvertrauen.

“Gerade darum werden sie mich vorziehen”, entgegnete der andere nicht ohne Stolz, “die besten Geister werden das zu leicht errungene Glück missachten. Sie ziehen die Ungewissheit vor, den Kampf, die über alle Fehlschläge aufrecht erhaltene Hoffnung, ohne die das Glück, der Sieg keinen Wert besitzen. Sie wollen das Glück erringen, nicht geschenkt erhalten; es erobern, auch wenn der Kampf sie verwunden, schmerzen, ja beinahe töten sollte.”

Da unterbrach Inti, der Sonnengott, den Streit der beiden Wege.

“Schweigt! Dort kommen die Geister, die Kon Tiki in seiner Allweisheit geschaffen und auf die irdische Wanderschaft geschickt hat. Sie sollen wählen zwischen euch!”

Die Geister kamen. Und Inti sprach zu ihnen: "Dies hier ist der breite Weg. Wenn ihr auf ihm weiterschreitet, werdet ihr Ruhe, Wohlstand, Sicherheit finden. Weder Essen noch Frieden wird euch fehlen.

Dann gibt es noch jenen schmalen Weg dort: Er führt durch finsteren Wald; er überbrückt Abgründe mit schmalem Steig; er verliert sich in schwindelnde Höhen. Niemand weiß, wohin er führt, noch was den erwartet, der ihn wählt.

Denn wählen sollt ihr selbst, nach dem höchsten Willen Kon Tiki Wirakotschkas. Beide Wege stehen euch frei. Sucht selbst aus, welchen ihr gehen wollt."

Die Geister begannen sich zu scheiden. Viele wählten ohne zu zaudern die breite Straße der Sicherheit. Aber nicht wenige wagten sich kühn auf jenen Pfad, der sich im Ungewissen verlor.

Die den sicheren Weg wählten, machte Kon Tiki (Wirakotschka) zu Tieren. Den anderen aber, die den Weg der Ungewissheit, des Kampfes, der Unsicherheit wählten, denen gab Kon Tiki (Wirakotschka) die Gestalt des Menschen.

Déi Geeschter, déi de breeden, ongeféierleche Wee gewielt hun, sin an dëser Legend Déieren genannt gin. Déi awer, déi de schmuelen, geféierleche We gewielt hun, sin Mënschen genannt gin. Dat, wat an dëser Indianerlegend gesot gëtt, entsprécht och der Grondphilosophie vum jiddesch-chrëschtleche Glawen. De Mënsch huet d’Fräiheet geschenkt kritt an d’Aufgab, dës Welt ze gestalten.

Et ass sécher ëmmer méi einfach, Kritik un deenen ze üben, déi probéieren, gestalten, Echecen hun, wéi un deenen, déi an der schons gestalteter Welt en einfacht Liewen féieren, wou se vun de Fortschrëtter vun de Generatiounen virdunner profitéieren a sech kaum Rechenschaft doriwer ofleeën, wéivill Asaz datt néideg war, fir an deer Sécherheet, an deer gesontener Welt wéi mer se haut virfannen, kënnen ze liewen.

Jo, léif Pilger a Pilgerinnen, mir mussen ons agestoen, datt dem Härgott säi schöpferescht Wuert eng Welt a Gank gesat huet, déi net un hirem Enn ukomm ass. Si muss weider gedriwe gin, weider gedroe gin, weiderbruecht gin. An duerfir brauche mir d’Ustrengung vun den Mënschen.

De Risiko vun der Fräiheet, de Risiko vun der Recherche musse mir droen, su laang wéi e räsonnabel a verantwortlech ass, an e wierkleche Beitrag zu enger besserer, méi mënschlecher a méi gerechter Welt ka leeschten.

Or, genau hei ass ëmmer neess “la part des choses” ze maachen. Mir mussen ënnerscheeden, wat fir ee Wee - a sief en nach esou schmuel, nach esou geféierlech - mir aschloen a firwat mer en aschloen. Als Mënschen wësse mer ni am Virausser, wouhinner datt dee geféierleche Wee vun der Aventure “Mënsch” an “Schöpfung” eis féiert. Mir investéieren, vertrauen an d’Zukunft, well mer wëssen a gleewen, dat mir selwer aus dem Härgott Sengem Wuert hierkommen - an dat mécht ons zu Optimisten an dëser Welt, dat mécht ons zu fräie Mënschen, déi de Risiko net scheien, wann et drëms geet, dës Welt neess e Stéck virun ze bréngen, nach méi mënschlech ze maachen, jo besser ze maachen.

D’Fuerscher op dëser Welt sin net noutwendegerweis Monsteren, an déi, di a Rou op den Acquisen vun der Vergaangenheet liewen a sech keng Gedanken ëm d’Zukunft maachen, net noutwendegerwis eng Aart amorpht Wiesen, dat sech wuelspiert a senger Haut an a senger Ëmwelt, ouni missen un d’Zukunft ze denken.

Mir brauchen, léif Pilger a Pilgerinnen, e Gespréich iwert d’Zukunft vun onser Welt, eng Zukunft, déi iwert wellechen Zukunftsdësch och ëmmer hei zu Lëtzebuerg erausgeet. D’Zukunft vun dëser Welt läit och an eisen Hänn, mir hu se iwerdroe kritt. Un eis, drun mat ze schaffen.

Wann Maria hiert Jo-Wuert net zu “Jesus Christus” gin hätt, wann si de Risiko vun der Gebuert, vun der Erziehung a vun der Operstehung vun hirem Jong net agaange wir, giff haut kee méi vun him a vun hir schwätzen. Si muss eng ganz couragéiert Fra gewiescht sin, déi sech op en Experiment ageloss huet, déi hiert Kand begleet huet, och wann se et net ëmmer verstanen huet, déi zu hirem Kand stoung, och dunn nach, wou si nach ganz eleng ënnert sengem Kräiz stung. Maria ass déi “Mutter Courage”, déi eis incitéiert an invitéiert, iwert dat erauszegoen, wat natierlech an normal ass. Si léiert eis Vertrauen am Härgott Säi Wuert, am Härgott Seng Welt.

Loosst mer ons erausfuerderen loossen, vu Sengem Wuert, vu Sénger Schöpfung, well et ass e liewegt Wuert, eng lieweg Schöpfung, un deer mir haut ageluede sin, matzeschaffen a weiderzeschaffen. “Well alles ass duerch d’Wuert entstanen” (Joh 1,3).

Loost mer ons de Bléck vu Maria zueege maachen fir no vir ze kucken, a keng Angscht virum Experiment an dem Liewen ze hun. Et läit och an eisen verantwortlechen Hänn.

Amen.

 
Erny GILLEN
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à LuxembourgKontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/pelerinages-wallfahrten/octave-oktave/homelies-predigten/2003-49/article/alles-ist-durch-das-wort-geworden

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés