+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Kierchlech Mouvementer
+Uerden
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
2003
Jeder hörte sie in seiner Sprache reden
(Apg 2,6)
Im Pfingstereignis entsteht Kirche.

Här Ärzbëschof, léif Pilger a Pilgerinnen,

Mir bewegen ons während dëser Oktav ronderëm de Motto “Däi Wuert ass Liewen”.

Alles huet mat a bei der Erschaafung vun der Welt ugefaangen mam Wuert vum Härgott. Säi Wuert schaaft Realitéiten. Säi Wuert ass schöpferesch, kreativ. Waat Hee geschafen huet, befënd E fir gudd, jo esouguer fir ganz gudd.

Dem Mënsch huet den Härgott d’Welt an hir Entwécklung uvertraut.

A no munchem Duercherneen an der Geschicht tëscht Gott an dem Mënsch bleift den Härgott bei Sengem Ufangswëllen: De Mënsch kritt net nëmmen d’Responsabilitéit fir d’Welt, mee hie soll och an der Welt dem Härgott Säi Räich mathëllefen ëmzesetzen.

Dobäi huet Jesus Christus him de Wee gewisen an him an der Kraaft vun de Sakramenter eng Aufgab hannerlooss, deeër de Mënsch gewues ass. Am Geescht vu Jesus Christus solle mir d’Räich vum Härgott mat opriichten.

Dëse Geescht vu Jesus gëtt dem Mënsch als Geescht vun der Operstehung, als Hellege Geescht geschenkt. Päischtdag gëtt zur Gebuertsstonn vun der Kierch selwer.

7 Sie gerieten außer sich vor Staunen und sagten: Sind das nicht alles Galiläer, die hier reden?

8 Wieso kann sie jeder von uns in seiner Muttersprache hören (...)? (Apg 2,7-8)

Hei ass eng Ausso gemach fir eng lieweg Kiirch. “Jiddereen huet se a senger eegener Sprooch schwätzen héieren”. Dest ass een Votum géint eng kierchlech-chrëschtlech Privatsprooch, dei kee Mënsch méi giff verstoen, den nischt mat der Kierch um Hutt hätt. Stelle mir eis also duerchaus d’Fro, ob mir als Chrëschten an dëser Gesellschaft nach verstanen gin. Um Geescht vum Härgott kann et jo nit leien. Well deen wierkt nach ëmmer. Fanne mir Wierder a Säz déi eriwersprangen - an ons Gesellschaft, bei déi aner Mënschen?

Mir sin haut hei als Kierch virum Gnodebild vu Maria zesummen fir ons ze stäerken, fir eise Pilgerwee an der Welt no dësem Gottesdingscht behäerzt weider ze goen.

Dee symbolesche Gank, dee mir elo vum Glacis hei an d’Kathedral gemaach hun, soll ons un den eigentlechen Pilgerwee erënneren. Als Pilger hu mir eng besonnesch Aufgab an dëser Welt:

• mir bleiwen net op der Plaz stoen,

• mir kucken ons d’Welt vu verschiddene Standpunkten un

• mir bewegen ons, fir datt och d’Welt sech bewegt

• an onsen Häerzer droe mir de Glawen, déi déif Iwerzeegung, datt dës Welt schons gerett ass, an datt mir Onst doderzou kënne bäidroen.

An der Kathoulescher Aktioun, wou dës Männerwallfahrt wuel och hiren Ursprung huet, gëtt et eng einfach an efficace Method, fir de Pilgerwee vun de Chrëschten zu engem Instrument vum Change-management gin ze loossen.

voir - juger - agir

Ech wëll mech haut méi beim Kucken a Gesin ophalen, well et d’Fëllement vun der Method duerstellt.

• genau hikucken ass nämlech méi schwéier wéi ee mengt;

• waat ee gesäit, dat féiert, wann ee richteg urteelt, och zur Aktioun.

Geschicht vun de Kiselsteng

Vor langer Zeit, da jemand, der Geld schuldig war, noch ins Gefängnis geworfen werden konnte, hatte ein Londoner Kaufmann das Unglück, bei einem Wucherer mit einer hohen Summe in der Kreide zu stehen. Der Geldverleiher, der alt und hässlich war, hatte es auf die junge schöne Tochter des Kaufmanns abgesehen. Also schlug er einen Handel vor: Er sagte, er würde dem Kaufmann die Schuld erlassen, wenn er stattdessen das Mädchen bekäme.

Vater und Tochter waren entsetzt über diesen Antrag. Daraufhin riet der schlaue Wucherer, das Schicksal entscheiden zu lassen. Er erklärte den beiden, er würde einen schwarzen und einen weissen Kiesel in eine leere Geldkatze stecken und dann müsse das Mädchen einen der Steine herausholen. Erwische sie den schwarzen Kiesel, würde sie seine Frau, und ihrem Vater sei die Schuld erlassen. Gerate ihr der weisse Kiesel in die Finger, bleibe sie bei ihrem Vater, und dieser brauche trotzdem nichts zurückzubezahlen. Weigere sie sich aber, einen Stein aus dem Beutel zu nehmen, so wandere ihr Vater ins Gefängnis, und sie würde verhungern.

Widerstrebend gab der Kaufmann seine Einwilligung. Sie standen, während sie dies besprachen, in seinem Garten auf einem kiesbestreuten Weg. Der Geldverleiher bückte sich, um die zwei Steine aufzuheben. Das Mädchen, das die Angst scharfsichtig gemacht hatte, bemerkte jedoch, dass er zwei schwarze Kiesel nahm und in die Geldkatze steckte. Und nun forderte sie der Wucherer auf, jenen Stein herauszuholen, der über ihr Los und das ihres Vaters bestimmen sollte.

Das Mädchen steckte die Hand in die Geldkatze und zog einen Stein heraus. Ohne ihn anzusehen, stellte sie sich ungeschickt an und liess ihn zu Boden fallen, wo er sich sofort unter all den anderen verlor.

“Oh, ich Tollpatsch”, sagte sie, “aber es macht ja nichts. Wenn ihr in den Beutel seht, könnt ihr an der Farbe des anderen Steins feststellen, welchen ich genommen habe.”

(aus G. Stachel / D. Mieth, Ethisch handeln lernen. Einsiedeln, Zürich, Benzinger, 1978, S.106-108)

Dir gesidd also: wann een an enger moralescher Dilemma-Situatioun stécht, ass et nach méi wichteg, dass ee richteg dohinner kuckt, fir richteg ze gesin.

Des Geschicht weist eis Alternativen virun déi mir - och als Chrëschten heiansdo vun aneren gestallt gin! Munch vun dësen Alternativen sin genau esou brutal wéi dem Wucherer seng: Ech hätt gären d’Meedchen. An dofir wenden ech all Mëttelen un. Heen huet gefuddelt.

Mee d’Meedchen an dëser Geschicht huet och gefuddelt! Firwaat awer ass säi “Fuddelen” eisem moraleschen Gefill - wahrscheinlech - méi no a méi sympathesch, wéi dem Wucherer sain Trick? Ech mengen, d’Äntwert ass einfach a läit no: Mir fillen ons dem Schwaachen an dëser Geschicht verpflicht a sin him dofir och méi no. Den Trick vum Schwaachen gëtt wuel vun deene meeschte Leit éischter als Klugheet wéi als Hannerlëschtegkeet verstanen. An dach: zweemol een Trick? Dir gesidd, et kënnt op den gesamtenen moraleschen Zesummenhank un. Et kann een nit einfach eng moralesch oder politesch Handlung aus hirem Kontext erausrappen.

Wat léiere mir nach aus dëser Geschicht:

  • keng Angscht
  • mee ee schaarfe Bléck

An e puer héich aktuellen a kriddeleche Beispiller wéilt ech verdäitlechen, datt ee genaut Dohinner-Kucken noutwendeg ass, ier een sech eng Meenung bild an iwerdriwen schnell handelt:

Beim Ëmgank mat den agefruerenen Embryonen z.B. stelle sech déi heiten Alternativen: d’Embryonen doudmaachen oder awer als se Forschungs- respektiv Reparaturmaterial - dat ass dee vill zitéierten “Clonage thérapeutique” - ze gebrauchen an ze verbrauchen.

Virun esou loose-loose-Situatiounen däerf een net handlungsonfäheg gin. Wann ee genee dohinner kuckt, da mierkt een, datt hei eng Mogelpackung ugebuede gëtt, datt falsch Alternativen konstruéiert gin. Et muss ee sech jo dann net derzou verleede loosen, fir esou eng falsch an konstruéiert Alternative ze iwerhuelen oder esouguer unzehuelen.

Läit d’Léisung hei nit an enger drëtter Alternativ: den adulten Stammzellen? A misst dann nit alles gemaach gin, dat méi an dës Fuerschung investéiert gëtt, wéi an déi vun den embryonalen Stammzellen?

Loose mer ons nit virgaukelen loossen, et giffe keng Alternativen tëscht der Zerstéierung vun den agefruerenen Embryonen gin - entwder giffen si op deen ee Wee oder op den anere Wee zerstéiert gin. Wann ee genau kuckt, gesäit een, datt d’Alternativ schons parteiesch ass - an interessensgeleet.

Mat deem geschäerftene Bléck vum Glawen weess een, datt et ëmmer nach besser Solutiounen gët wéi déi vun der absoluter Alternativ.

Näischt op dëser Welt ass esou geschlossen, datt just nach eng negativ Wal iwregbleift. Wann schons de “Minus malum” gewielt gëtt, dann nit aus Verzweiflung, mee aus Iwerzeegung. Nët d’Schicksal soll entscheeden, mee ons Klugheet - ons lieweg Moral.

Et muss ee froen: Wee konstruéiert d’Alternativ zu wellechem Zweck?

Dat gehéiert mat zum “voir”.

An onser Beispiel-Geschicht stellt dee fiese Wucherer, dee gären mat engem Trick zu enger Fra giff kommen, d’Alternativen op.

• Applizéiert op de Fall vum clonage thérapeutique wären dat déi Leit, déi dee wëllen a Verleenheet bréngen, deen den Embryon wëllt schützen. Hee gëtt virun d’Alternativ gestallt: doudmaachen oder fir éiweg versuergen. Him gëtt suggeréiert, et wir besser ze forschen!

• Am Fall vun der Euthanasie: déi Leit, déi deen wëllen a Verleenheet bréngen, dee géint d’Doudmaachen ass. Him gëtt ënnerstallt, hee wär fir onmënschlecht Leiden. An dann heescht d’Alternativ: doudmachen oder schrecklech leiden loosen.

• Am Fall vun den refuséierten, deboutéierte Flüchtlingen: déi Leit, déi dee wëllen a Verleenheet bréngen, deen derfir ass, datt d’Flüchtlingen kënnen hei bleiwen, wann de Staat se net ënnert humane Bedingungen an zäitno zréck an hir Heemecht ka bréngen: him gëtt ënnerstallt, datt heen de Staat a säi Gesetz wéilt ënnerhillegen. An d’Alternativ heescht dann: bass Du fir de Rechtsstaat oder géint de Rechstaat. Och dës Alternativ - vu weem och ëmmer se gestallt gëtt - ass als absulut Alternativ falsch an irreféierend. Och si legitiméiert indirekt schons eng Positioun - nämlech déi vum Machthaber an déi vum Legalist. Esou wéi wann et keng aner Alternativen dertëschend giffe gin.

• Huele mer nach ee véiert a lescht aktuellt Bespill, wou eis Alternativen gestallt gin, déi nit opgin. Ech denken un den fälschlescherweis “Lex Greenpeace” genannten Projet de loi 5076. Déi Leit, déi dee wëllen a Verleenheet bréngen, dee géint dëst neit Maulkuerfgesetz ass, kréien ënnerstallt, si wéilten de Staat handlungsonfäheg machen oder loossen.

Handelt et sech bei deene 4 Beispiller net awer ëm Fuddelléisungen a falsch Alternativen ... wann ee genau dohikuckt? Huet deen, deen ons virun des Alternativen stellt, nit insgeheim schons entscheed, wat e wëllt? A wëllt en ons als Chrëschten mat onser “option préférentielle pour les pauvres” nit einfach a Verleeënheet bréngen an schlau austricksen?

Iwerall do, wou absolut Alternativen gestallt gin, ass et gudd, genau dohinner ze kucken. Stëmmen dës Alternativen - oder sin se just konstruéiert, fir dat deen, deen se stellt, zu Séngem kënnt?

De klore Bléck ass wichteg a Politik a Gesellschaft. Loosst mer ons d’Alternativen nit einfach vun aneren a vu baussen stelle loosen. A wann se esou gestallt gin, dann loost mer de Courage opbrengen, Fuddelléisungen a falsch Léisungen unzeprangeren an blousszestellen.

D’Chrëschten brauche keng speziell Léisungen! Hir Argumenter sin dem Verstand vun deenen anere Mënschen zougänglech, well et gëtt jo och an der Kierch - aneschters wéi bei verschiddene Politiker - net mat Gott selwer argumentéiert. Gott ass keen Argument. Hee soll net instrumentaliséiert gin.

Awer: de gleewege Standpunkt bréngt eng Perspektive an Iwerzeegungen, ee Standpnkt, mat an d’Spill, dee villen - och sougenannt chrëschtleche Politiker - feelt.

  • Optioun fir deen Aarmen
  • Phantasie

Maria huet dëst alles an hirem Liewe misse matmaachen. Dofir ass si ons e gudde Guide an esou Froen.

Dem Jesus seng Gebuert a seng Kräizegung waren ee Skandal.

Och Maria stung virun der absoluter Alternative: Huelen ech dëst Kand am Glawen un oder nit? Mat Gottes Hëllef huet si de Messias gebueren.

Si huet déi drëtt Alternative gesin: si huet verstanen an ugeholl. Esou huet si keen onehelecht Kand gebuer, mee dem Härgott Säi Jong selwer, de Messias.

Esou huet si hire Jong net als Gekräizegten an hire Schouss geholl, mee als Operstanenen aus dem Graw vum Doud.

Dëse Courage a dëse Bléck erbiede mir ons och haut den Owend vun hir. Si huet net gefaart, Jesus Christus als hire Jong unzehuelen. Si huet net gezéckt fir ënnert dem Kräiz stoen ze bleiwen, wou di aner schons all fortgelaf waren. Si huet och nit dru gezweifelt, dat heen op Éiweg giff weiderliewen a senger Operwechung vun den Doudegen.

A wa mir Jesus Christus elo am Brout an am Wäin vun dëser Eucharistie erëmerkennen als deen Operstanenen matzen ënnert eis, dann däerfe mir eis net wonneren, wann d’Aen ons nei opgin a mir nei gesin, wat an der Schrëft an an der Traditioun vum Chrëschentum steet, a wéi Säi Geescht och haut nach an der Welt wierkt.

Well: dem Härgott Säi Wuert ass Liewen.

Maria huet un dat Onméiglecht gegleeft an ass Mutter Gottes gin. Loosst och mir an eisem Glawen wuessen an d’Fënster fir d’Gnod vum Härgott grouss oploossen. Da brauche mir och keng Anscht ze hun, weder virun Pseudo-Alternativen nach virun Drohungen. Am Glawen an am Vertrauen ob den Härgott gëtt et keng Sakgaass. Dovunner ka Maria ons ee Lidd sangen: Hiren Magnificat!

Well dem Härgott sai Wuert ass Liewen!

Amen.

 
Erny GILLEN
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à LuxembourgKontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/pelerinages-wallfahrten/octave-oktave/homelies-predigten/2003-49/article/jeder-horte-sie-in-seiner-sprache

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés