+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Kierchlech Mouvementer
+Uerden
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
2004
Maria huet gehollef an hëlleft weider
Mass fir déi eeler a krank Leit. Lk 2,22-40

Hei am Evangelium ass rieds vun engem schéine Familljefest. Fir all jüddësch Famill woar et e freedegt Ereegnës fir deen éischtgebuerene Jong dem Härgott ze weien. De Simeon woar dëse Moment vum Härgott erwielt fir der Maria an dem Jousef an de Leit, déi derbäi woaren, d’Wiese vun deem Kand z’erklären. Den Numm “Jesus” spillt hei schon eng wichteg Roll, wëll “Jesus” heescht “Gott ass Heel” “Gott bréngt Heelung”.

De Jesus ass de Mann vum Widdersproch ginn

Wëll all Mënschen no Heelung an Heel verlaangeren, misst een am Fong geholl kënnen unhuelen, datt si all op de Jesus gewoart hunn. Bei Leiwen net! Grad um Jesus sénger Persoun gëtt spéider däitlech, datt d’Welt sech ënnert Heel an Heelung eppes anescht virstellt, wéi dat wat de Jesus bréngt. Et huet sech bis haut net vill geännert: haut erwoarde vill Mënschen Heel, Rettung a Gléck vu all Méiglechem, mee net vum Jesus. Deemools huet de Jesus e geféierlecht Liewen gefouert: hien ass de Mann vum Widdersproch ginn. Déi eng soen, hien ass en näiven Schwärmer, déi aner fannen hie lächerlech an nach anerer haassen hien a bréngen e schliislech ëm. Nëmmen e puer eenzelner erkennen an him de Wee zur Wourécht an zum Liewen. Obschonn also mat dësem Jesus déi grouss Méiglechkeet fir Heelung kënnt, gëtt hie vun de Mënschen op d’Säit gedréckt. Als Konsequenz dovun, ginn da mat him och déi op d’Säit gedréckt, déi zu him stinn a mat hinnen d’Maria, séng Mamm. Wëll wie vill gär huet, dee muss vill leiden. D’Leide vun der Léift kënnt vum Matleide vun deem deen ee gär huet.

D’Verbindung mam Jesus féiert zur Verbindung mam Kräiz

D’Verbindung mam Jesus féiert zur Verbindung mam Kräiz. Ausdrécklech soen d’Evangelien, datt deen, dee mam Jesus hält och mam Kräiz muss rechnen. Maria stellt sech bewost um Jesus séng Säit an domat och op d’Säit vum Kräiz.

Wëll dem Jesus säi Leidenswee mam Martyrium um Kräiz endegt, fanne mer Maria och ënnert dem Kräiz. Si ass zur Schräerzensmamm ginn. All déi, déi Leed a Misär hunn, krank a behënnert sinn, si gutt beroden hir Suerge bei Maria ze droen, déi fir äis all zur Tréischterin ginn ass. Mär trauen der Tréischterin zou, datt si äis versteet a bei hirem opertsanene Jong e gutt Wuert fir äis aleet. Ëmmer an iwwerall gesinn an héiere mer, datt Maria gehollef huet a mer vertraue fest, datt si och weiderhin hëlleft.

An deem Vertraue sinn am Lëtzebuerger Land gleeweg Mënschen schonn iwwer Joerhonnerte bei d’Tréischterin komm. Am Gebiet hu si hier Suergen an hiert Leed bei d’Muttergottes bruecht. Si hunn op Trouscht gehofft an Hëllef erwoart: si sinn net enttäuscht ginn.

Duerch eis Dankbarkeet veréiere mer d’Maria och

D’Veréierung vun der Muttergottes als Tréischterin huet bei äis am Land ugefaang am 16.-17. Jorhonnert an Zäite vu grousser Nout. Haut ass eis Nout nit méi esou grouss, jiddenfalls wat déi materiell Nout ugeet, an duerfir ass eis Veréierung vun der Muttergottes och vläit méi schwoach ginn. “Mär hunn alles, wat mer brauchen, firwat solle mer äis dann nach midd maachen?” heescht et bei ville Leit. - Wat sinn dat fir Mënschen, déi ze dacks nëmmen de Wee bei d’Muttergottes, eis Mamm an Tréischterin fannne, wann hinnen eppes feelt?. - Virun en etlech Jor hungen (hei) um Votivaltor nach eng Hellewull vu Krätschen, Béngelen a Votivhäerzer: alles Zeeche vun Dankbarkeet vu Leit, déi hire Merci un d’Muttergottes op dës Manéier wollten zum Ausdrock bréngen. - Mär wëllen d’Muttergottes nit nëmmen als eis Mamm ugesi, wa mer se brauchen: mär wëllen och dankbar sinn an dat grad an Zäite, wou et äis nach relativ gutt geet. Och duerch eis Dankbarkeet veréiere mär d’Muttergottes. Si woart op äis an vergësst äis sécher net.

Esou wëlle mer och an dëser Mass Merci soen an eis Suergen, eist Leed, eis Krankheet an all eis Uleiës virun d’Tréischterin bréngen. An dono kënne mer soen: «Ech hu mäi Leed bei dech gedron, du hues mech net verstouss» . - Amen.

 
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à LuxembourgKontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/pelerinages-wallfahrten/octave-oktave/homelies-predigten/2004-75/article/maria-huet-gehollef-an-helleft

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés