+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Kierchlech Mouvementer
+Uerden
Kontakt
Plang vum Site
Presse
 
Lueden...
Dir sidd heiHomepage >Prier et célébrer . Beten und feiern >Pèlerinages . Wallfahrten >Octave . Oktave >Homélies . Predigten >2005 >
Kuckt och ...
An dëser Rubrik
2005
Priedegt vum Erzbëschof Fernand Franck bei der Eröffnung vun der Octave 2005

Wéi kéinte mer bei der Eröffnung vun der Oktave haut den Nomëtteg net e ganz memorable Moment äis an Erënnerung ruffen: de Besuch vum Poopst Jean-Paul II. de 15 a 16. Mee 1985 hei zu Lëtzebuerg.

Loosse mer säin Appell, deen en hei virum Gnodebild de 15. Mee, virun 20 Joer, un d’Katholiken vu Lëtzebuerg geriicht huet, nei opgräifen. E gëllt fir äis ganz besonnesch an der Oktavzäit, un därem Ufank mer elo erëm eng Kéier stinn.

Hien huet alleguerten déi, déi hei bei eiser Patréinesch Trouscht sichen, encouragéiert - an dobäi besonnesch déi krank an eeler Matmënschen - mat dësem Opruff: « Wie oft mag im Laufe der Jahrhunderte hier der Gruß aus der Festmesse dieses Gnadenortes erklungen sein: Ave Maria! Ave spes nostra! (...) Diesen Gruß bringt heute auch der Nachfolger des Apostels Petrus der Mutter des Herrn dar! Ave Maria! Ave Patronin dieser Kirche, ave Schutzherrin dieser Stadt und dieses Landes, ave Maria, Trösterin der Betrübten! »

« Ave Maria, ave spes nostra » « Sief gegréisst Maria, du eis Hoffnung » erkléngt ëmmer erëm an dësen zwou Wochen an eisem Nationalhellegtum. Et erkléngt och erëm den 1. Mee, um Schlusssonndeg, wann ech am Numm vum Vollek Maria erëm zu eiser Stad- a Landespatrounin erwielen, war mer se wéi de Jesus et elo grad am Evangelium dem Johannes gesot huet, nei mat eis heem huelen.

Mer stinn alleguerten sécher och nach ënnert dem Androck vun de Biller, dei virun zwou Woch an eis Heiser bruecht goufen. Honnerten an Honnerte vu Mënschen, gleeweg an och netgleeweg, a ganz besonnesch Jonker, hunn stonnen- an nuechtelaang op der Péitersplatz de Poopst a senger Agonie mat hire Lidder a Gebieder begleet. Millioune si komm, fir virun sengem am Péitersdoum opgeboerte Läichnam him eng lescht Éier ze erweisen. Ech hu selwer zu Roum déi kilometerlaang Schlaangen vu Mënschen erlieft, déi bereet waren 12 bis 14 Stonnen unzestoen, fir nach e leschte Bléck op de Verstuerwenen ze werfen. Dat war beandrockend an emouvant. An dann d’Begriefnësfeierlechkeeten selwer, e Freideg virun 8 Deeg. Wéi hien op senge Reesen Mënschen zesummebruecht huet, esou huet hien nach eng Kéier Mënschen aus der ganzer Welt, Katholiken, Chrëchten aus anere Konfessiounen, Judden, Muslim an aner Gleeweg an och netgleeweg Mënschen zesummebruecht. Jo, Staatspräsidenten, deenen hir Länner mateneen verfeint sinn, hunn sech beim Friddensgrouss d’Hand gereecht.
Besonnesch betraff war ech vun engem Moment, et war mer wéi wann e seng lescht Priedegt « Urbi et Orbi » fir d’Stad Roum an d’ganz Welt géif halen. Ech hat d’Emfannen, wéi wann et säi leschten Témoignage wier. Wéi d’Luet an de Péitersdoum, ënner groussen Applaus an och ënnert Tréinen, gedroe gouf, hunn d’Dréier se beim Agank vum Doum nach eng Kéier ëmgedréit an e bëssse schiif gehalen, an do huet een ënnen um Deckel säi stiliséierte Wappen gesinn : d’Kräiz an ënnert engem Balken dervun e groussen M, fir Maria.

War dat net ewéi eng beweegend Verkënnegung vun eisem Oktavevangelium, dat äis elo grad verkënnegt gouf an dat an dësen Deeg ëmmer nei proklaméiert gët?
Wéisou gët, wa mer - wéi an der Oktav - festlech gestëmmt sinn, grad dëst eescht Evangelium verkënnegt? Wéisou gët Maria äis grad an dëser Héichzäit vu kierchlechem Liewen zu Lëtzebuerg an deër Situatioun virun Ae gefouert, wou si am meeschte gelidden huet, jo wou si gläichsam d’Verloossenheet vun hirem Jong aus déifstem Mammenhäerz mat erlidden an duerchgestanen huet ? Jo, wat ka Maria äis grad an dëser Situatioun fir déi Kierchestonn, an deër mer stinn, soen? Wou läit hei fir äis de Message vun Encouragement, vun Trouscht ?

Duerch säi Wierken a seng Verkënnegung, jo duerch säi ganzt Liewen, bis eran a seng Gebriechlechkeet, seng schwéier Krankheet a säi Stierwen kann de verstuerwene Poopst äis eng Äntwert ginn. Hien huet buchstäblech, an der Kraaft vum Hellege Geescht, dat gelieft ëm dat och mir, leider oft gedankenlos, bei der Schlussoratioun vun eiser Oktavmass bieden:

- “Schenke uns die Kraft,
- mit der Mutter Jesu
- unter dem Kreuz zu stehen
- und das Leiden ihres Sohnes zu teilen,
- damit wir auch teilhaben
- an seiner Auferstehung”

Maria wollt hien ugehéieren, hir huet en sech geschenkt, duefir säi Wappesproch “TOTUS TUUS”. Hie wousst ganz genee, dass Maria näischt fir sech behällt, mä alles weiderleet bei hire Jong: Jesus Christus, de gekräizegten an operstanenen Här.
A kenger Etapp vu sengem Liewen huet de Jesus méi seng Léift zum Mënsch gewisen ewéi a senger Gottverloossenheet um Kräiz. Do huet hien all Leiden, all Leed, all Stierwen vun jidferengem Mënsch ganz perséinlech ugeholl an en duerch sein Kräizesdout, gläichsam duerch seng Säitewonn erduerch, op déi aner Säit gezunn. An deër Situatioun war Maria derbäi. Et ass dat, wuertwiertlech geholl, de kruziale Moment an der Erléisungsgeschicht, déi äis opweist, wéi wäit d’Léift vu Gott zum Mënsch geet. Duerfir och d’Kräiz am Poopstwappen.

Seng staark marianesch geprägte Spiritualitéit huet hien inspiréiert an der Ausübung vun sengem Péitrusdingscht. Wéi keen aneren verkierpert jo de Poopst de petrinesche Prinzip an der Kierch. Hie selwer huet gesot, dass awer och de marianesche Prinzip an der Kierch deem gläichwäerteg wier. En huet esou gläichsam a senger Persoun déi petrinesch an déi marianesch Dimensioun zesummefléisse gelooss, an déi sinn op seng Aart a Weis d’Poopsttum auszeüben zum Ausdrock komm: kloer Léier engersäits an grouss Mënschlechkeet op deër anerer Säit. Seng Léift zum Mënsch war fir hien esou fundamental, dass e gläich a senger éischter Enzyklika definéiert huet, dass de Mënsch de Wee vun der Kierch ass. Déi Definitioun, déi eng regelrecht Consigne ass, gëllt als säin Testament: “De Mënsch ass de Wee vun der Kierch!” De Wee vun der Kierch ass den eenzele Mënsch an de ganze Mënsch, de Mënsch a gudder Gesondheet an a voller Liewens- a Schaffenskraft, awer och de kranke Mënsch, ob jonk oder al, nach net gebuer oder stierwend. Duefir säin onermiddlechen an onerbittlechen Asaz fir d’Würd an d’Fräiheet vum Mënsch, fir d’Rechter vum Mënsch, besonnesch dat fundamentalt Recht op d’Liewen. Well hien duerch den Dout vu Christus um Kräiz ëm den immense Wäert vun all Mënsch wosst, ëm all Mënsch seng Eemolegkeet an Onwiderhuelkbarkeet, war hien de Poopst vun de Mënscherechter, de Poopst vum Liewensschutz, vum Fridden an der Versöhnung. An oft op senge Reesen gouf hien zur Stëmm vun deenen, déi keng Stëmm hunn.

Aus senger Léift zum Mënsch ass och säi Respekt vis-à-vis vun all Mënsch ervirgaangen. Hien huet d’Fräiheet vun all Mënsch respektéiert, duerfir konnt hien och an den Dialog mat de Mënschen trieden, déi seng Iwwerzeegungen net gedeelt hunn, déi anescht gegleeft hunn oder sech als ongleeweg bekannt hunn. Hien war op fir jidfereen, deen éierlech an opriichteg den Dialog gesicht huet. Aus Léift an aus Respekt vum Mënsch konnt hien zwee liewensveruechtend Totalitarismen gleeweg duerchstoen an aus hinnen am Glaf an a senger Iwwerzeegung gestäerkt ervirgoen. Ni huet hien de Mënsch ugegraff oder veruecht, mä ëmmer nëmmen d’Systemer. Do ass hien beispillhaft an huet regelrecht d’Kultur vum Mateneen-Ëmgoen virgelieft. An deër Haltung këinnt hien fir munch een vu senge Kritiker eng heilsam Lektioun sinn.
Wéi opmierksam a wéi perséinlech seng Léift zum eenzelne Mënsch war, huet mech u folgendem Beispill frappéiert. Nom Dout vum Poopst huet en däitsche Fernsehjournalist dësen Témoignage ginn. Hie war 1995 fir Ouschteren am Péitersdoum. Duerch en Autoakzident war hien deemols am Rollstull. Net nëmmen ass de Poopst beim Anzug an den Doum op hien duerkomm an en huet sech mat him ënnerhalen, mä och no der Feier huet en no him gesicht, a wéi en e fond huet ënner deene ville Mënschen, huet en ëm seng eegen Ouschterkäerz geschenkt. Dat war Jean-Paul II.!

Seng Ganzheet, seng Authentizitéit hu ganz besonnesch déi jonk Leit verstanen, duerfir déi honnertdausenden op deene verschiddenen Weltjugenddeeg, duerfir déi vill Jugendlech op der Péitersplatz. Fir si huet sein Häerz bis zum Schluss geschloen. Den Owend virun sengem Dout, sot een vun deenen, déi bei sengem Stierfbett stungen, zu him: “Op der Péitersplaz bieden dausende vu Leit fir iech, a besonnesch vill Jonker.” Mat ongeheirer Kraaftopwendung äntwert hien: “Ech hunn ëmmer d’Jugend opgesicht, an elo sinn si komm. Ech soen en Merci.”

Léif Schwësteren a Bridder! D’Liewen geet weider, d’Kierch steet och weider an hirem Optrag, d’Evangelium alle Mënschen ze verkënnegen. Fir dem Optrag vun der Kierch weider gerecht ze ginn, versammelen sech 114 Kardineel vun e Méindeg-Nomëtteg un an der Sixtinescher Kapell fir e neie Péitrusnofolger ze wielen. D’sinn wuel Mënschen déi wielen, mä et ass de Geescht Gottes, deen se beweegt. An dësen Oktavdeeg wëlle mer besonnesch hei virum Gnodebild, op d’Firspriechen vu Maria den Hellege Geescht op si erofrufen.

Loosse mer mat Hoffnung a Vertrauen an dës Oktav erantrieden a gestärkt aus hir ervirgoen. Ech sinn fest iwwerzeegt, dass den Oktavpriedeger, den Här Paschtouer Edmond Ries, äis duerch seng Priedegten Impulser gët a Perspektiven opweist. Ech emfiele hien a seng Verkënnegung eiser Tréischterin.

D’Kierch huet Zukunft, well si huet d’Zouso, dass Christus mat hir bis zum Enn vun den Zäiten ass. Dat kënnt symbolesch an eiser Oktav doduerch zum Ausdrock, dass déi éischt Pilger moar um éischten Dag mueres an der Fréi déi Jugendlech sinn. Den Zyklus vun den Oktavpriedegten geet esou och an der Jugendmass un. D’Kierch zu Lëtzebuerg soll och all deene Gleewegen, déi aus anere Länner kommen, d’Gefill ginn, dass si net friem sinn, mä an hir Heemechtsrecht hunn. Dat kënnt wonnerbar an der “Messe du Peuple de Dieu” zum Ausdrock.

Loosse mer äis also op de Wee maachen an nom Motto vun der Oktav kommen ”fir hien unzebieden.”

Amen.

Fernand FRANCK

Archevêque . Erzbischof

 
 
© Église catholique à LuxembourgKontakt
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/pelerinages-wallfahrten/octave-oktave/homelies-predigten/2005-85/article/priedegt-vum-erzbeschof-fernand

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés