1. De grousse russesche Schrëftsteller Leo Tolstoi erzielt folgend Geschicht : « Zur Zäit vun der Leibeigenschaft a Russland huet e Verwalter de Baueren ës esou zougesat mat der Corvée, datt sie beschloss hunn, hien ëmzebréngen. Just de rouege Petruschka Mischejew war dergéint : « Domat maacht dir eng grouss Sënd, huet hien an enger geheimer Versammlung geruff, mir hu kee Recht iwwer Liewen an Dout. Eis bleiwt nëmmen d’Gedold. Wanns du den éischte bass, dee Gewalt benotzt, da mierkst du op eemol, wéi dat Béist an dir sëtzt. Ech méngersäits plouen op alle Fall d’Feld souguer op Ouschterdag, wann hien dat géif verlaangen. Den Herrgott eleng weess, wem séng Sënd dat dann ass ! » D’Bauere konnten zu kenger Entscheedung fannen a wéi de Uerder komm ass, op Ouschteren d’Huewerfeld vum Domän ze plouen, huet kee sech widdersat.
No engem üppige Festiessen huet de Verwalter sech vum Duerfscheffen, den d’Aarbecht kontrolléiert huet, de Rapport maache gelooss. « Wéi ass et ? Knouteren d’Baueren ? » - « O jo, sie knouteren, huet de Scheffe gemengt, sie soen : E gleewt net u Gott. » - « Dat gefällt mir, huet de Verwalter gelaacht. Knoutert dat Mëschtstéck vu Petruschka och ? » - « Nee, mat kengem Wuert ! Ech hu mech béis iwwert hie gewonnert. » Op déi Nouvelle huet de Verwalter eng däischter Minn gemaach. « Komm schonn, erziel mir, wat huet e neess fäerdeg bruecht ? » - « Et war ganz komesch, ass den Duerfscheffen weidergefuer, ech hunn e scho vu wäitem d’Ouschterpsalme sangen héieren, en hat säi beschte Kostüm un an en hat eng Käerz op séngem Plou fest gemaach, déi net ausgaang ass a mol net am Wand geflackert huet, souguer wann hien de Plou gedréit huet. » - « A wat huet e gesot ? » - « En huet all de Baueren, déi en ausgelaacht hu, just zougeruff : « Fridden op der Äerd an de Mënschen ee Wuelgefalen ! »
Do ass de Verwalter op séngem Stull zesummegesackt an a Grübelei verfall : « En huet mech dru kritt, huet e gejéimert, hien huet gewonnen ! » An e war de ganzen Dag äusserst schlecht gelaunt.
2. Dës Geschicht, léif Schwësteren a Bridder, féiert eis d’Wichtegkeet vum Sonndeg a vun de Feierdeeg virun Aen. Säit hirem Ursprong huet d’Kiirch sech den éischten Dag an der Woch, de Sonndeg, an der Erënnerung un den operstanene Christus versammelt fir ze bieden, ze feieren an auszetauschen. Dësen Dag ass spéider, wou d’Chrëschte majoritär gi sinn, als fräien Dag agefouert ginn. Eng onvergläichlech kulturell Leeschtung an der Geschicht vun der Mënschheet ! Keng aner Zivilisatioun hat dat bis dohi fäerdeg bruecht a méi wéi ee Gottes- a Mënsche veruechtende Régime huet dee fräien Dag neess ofgeschaf (no der franséischer Revolutioun, ënnert de kommunistesche Régimer wéi haut nach a China a Vietnam).
Et ass nämlech geféierlech fir esou Régimer, wann d’Mënschen zou sech kommen an ufänke nozedenken ! Et ass geféierlech, wann sie sech der ëmmer méiglecher Versklavung duerch d’Aarbecht entzéien an zu de Wuerzele vun hirer Fräiheet zréckfannen ! Et ginn zwar all méiglech Ursaachen ugefouert fir dat ze rechtfertigen, mee am Fong lafe sie ëmmer drop eraus, de Mënsch als geeschteg a séilescht Wiesen ze veruechten an hie sou wäit wéi méiglech als Produktivkraaft auszenotzen. Déi Bedenken hunn ech och an eise moderne Gesellschaften, wann ëmmer méi oft sonndes d’Geschäfter op sinn, wat bedeit, datt Honnerte vun Ugestellten kee fräie Sonndeg hunn.
A wann Dausende vu Matbierger hire Sonndeg bal nach méi wéi d’Wäertesdeeg verplangen oder ë benotze fir ze schaffen, geet hinnen do net eppes ganz Wesentleches verluer ? Lafe sie do net Gefor, ënnerlech ze verkëmmeren a laanscht sech selwer ze liewen ? Alles, wat zu méi Begéinung, Austausch an Ausspane féiert, zu Ofwiesslung vum Alldag, ass natiirlech ze begréissen. Mee lenke mir eis net vläicht heiansdo esou vill of, datt mir derno guer net méi den Zougang zu eis selwer fannen ?
« Gläicht iech net der moderner Welt un ! » heescht et an der Lesung aus dem Bréif vum hl. Paulus un d’Réimer. An der Weltstat Roum waren d’Chrëschten der Versuchung ausgesat, grad wéi déi aner just nach fir Brout a Spiller ze liewen. Fir de Paulus läit doranner eng grouss Gefor, nämlech de Bléck op Gott ze verléieren an dat net ze maachen, « wat säi Wëll ass, wat him gefällt, gutt a vollkommen ass » (Réim 12,2).
Schonn op den éischte Säite vun der Bibel, am Schöpfungsbericht, gëtt dee Wëllen awer esou ausgeluegt, datt de Mënsch de 7. Dag wéi Gott selwer raschte soll. E soll zou sech kommen, sech ausrouen a säi Schöpfer an Här luewen an éieren. Fir d’Chrëschte gouf et mat der Operstehung vum Jesus nach e Grond méi fir deen Dag als 1. Dag vun der Woch ze éieren. An der Operstehung vum Jesus ass nämlech d’Fräiheet Grond geluegt, déi Christus eis erlaangt huet duerch säin Dout a séng Iwwerwannung vun alle negative Kräften, déi eis Erfëllung behënnere kéinten. Dofir huet d’Kiirch och duerch d’Jorhonnerte sou e grousse Wäert drop geluegt, datt déi Gedeefte sech an de Paren zesumme fannen an d’Eucharistie feieren an der Erënnerung un hir Erléisung. Esou sollt d’Erléisung vun all Form vu Versklavung konkret ageübt ginn duerch d’Hiwendung zum Jesus a séngem Papp, duerch d’Stäerkung mat dem Brout vum Liewen.
3. Et stëcht also wäitaus méi hannert dem Sonndesgebot, wéi en dat géing mengen. Den Enjeu ass rieseg : loosse mir eis einfach vun der Gesellschaft oder der Wirtschaft e Rythmus opzwängen, den ongesond ass ? Iwwerloosse mir eis nëmmen dem Spill vun eisen Trieber no nach méi Spaass, Ausgeloossenheet an individuellem Pläséier ? Oder bestëmme mir selwer, wat mir wëllen an huelen dofir de Jesus a séng Botschaft als Riichtschnouer ? Nom Paulus geet et drëm, eis selwer (wiirtlech : eise Läiw) Gott als liewegt an hellegt Affer duerzebréngen ; doranner besteht de richtigen an ugemiessene Gottesdéngscht. Mir kënnen eis awer nëmmen da Gott hirginn, wa mir eis och selwer besëtzen, wa mir mat eis selwer am Rénge sinn. Wee sech selwer friem ass, ka näischt vu sech mat ginn, wem séng Perséinlechkeet aus lauter ausernee gefalene Mosaikstängercher besteht, ka kaum selwer eppes mat sech ufänken ! All echt Léift, ouni Heuchelei, an der Uechtung viru jidderengem, an der Empathie mat alle Leidende, brauch eng méiglechst integréiert Perséinlechkeet.
Dozou kann de Sonndeg als Dag vun der Rou a vun der chrëschtlecher Versammlung am Gebied eis féieren ! An der Feier vun der Eucharistie kréie mir nämlech « op eng ëmmer méi erwuessen a bewosst Art a Weis Deel um göttleche Liewen » (Sacramentum Caritatis, Nr. 70). Do geschitt eng progressiv Verwandlung vun de Mënschen, déi aus Gnod derzou beruff sinn, d’Ebenbild vum Sonn vu Gott ze ginn (Nr. 71). Sou datt d’eucharistescht Brout sech manner an eis verwandelt wéi datt mir duerch d’Kommioun geheimnisvoll verännert ginn. An der Mass vun Affer ze schwätzen fënnt hei séng ganz existenziell Dichtheet : et geet net ëm kleng Détailer, mee de ganze Mënsch wëll vun der Léift vu Christus erfaasst a verwandelt ginn. Dat soll sech am Alldag esou ausdrécken, datt d’Chrëschte, wéi den hl. Märtyrer Ignatius vun Antiochien et esou schéin ausgedréckt huet, « sonndesgeméiss liewen » (« sonntäglich leben », « iuxta dominicam viventes »).
Dëst « Sonndesgeméiss liewen » ass esou ze verstoen, datt mir e Stéck Fräiheet duerch de Jesus erëmfannen, dat hien eis mat séngem Affer erlaangt huet, an datt mir esou eis Existenz als Jo zur empfaangener Léift vun uewen ausfalen fir datt de Sieg vum Jesus fir all Mënsche ka sichtbar ginn (Nr. 72). An enger Welt, déi vill vun Zwang beherrscht ass, fällt eis déi nobel Aufgab zou, de Sënn vun der Zäit ze verkënnegen an ze hidden. Aus dem Sonndeg als « Urfeierdag » geet nämlech de chrëschtleche Sënn vum ganze Liewen erfir an eng nei Art a Weis, d’Zäit, d’Bezéiungen, d’Aarbecht, d’Liewen an den Dout ze erliewen (Nr. 73). En Dag an der Woch raschte relativéiert d’Aarbecht a stellt sie op hir richteg Plaz zréck : d’Aarbecht ass fir de Mënsch do, net de Mënsch fir d’Aarbecht ! (Nr. 74)
Dat hat dem Tolstoi säin einfache russesche Bauer Petruschka Mischejew kapéiert. Si mir éiere méi schwéier vu Begrëff wéi hien ? Mat dem Bléck op eis Patréinesch, d’Tréischterin am Leed, kann eis nei opgoen, wéi iwwerräich den Herrgott eis nach haut beschenkt, besonnesch och duerch de fräie Sonndeg an d’Massfeier, déi eis ëmmer neess ëm de Jesus versammelt.


Circle cathollu
Follow cathollu
Like cathollu
Permalink: http://www.cathol.lu/article924
Uewen

