Hochwürdegsten Här Äerzbeschof, léif geeschtlech Matbridder, léif Pilgerinnen a Pilger hei an der Kathedral, léif Matchrëschten, déi der dës Andacht iwwert de Radio verfollegt,
Op den éischte Bléck schéngt et ee Paradox ze sinn: d’Bild vum gekräizegte Christus, dat äis am Gesätz: „der für uns gekreuzigt ist worden“ virun Ae gefouert gëtt, an de Gedanken vun der Fräiheet.
Fräiheet ass en Thema, dat eist ganzt Liewen duerchzitt, jo esouguer déi ganz Mënschheetsgeschicht. Net jidderee versteet ënnert deem Wuert datselwecht. Wat bedeit Fräiheet eigentlech? Wéi weist sech Fräiheet? De Poopst Benedikt XVI. schreift: „Der wahre Ausdruck der Freiheit ist vielmehr die Fähigkeit, sich für eine endgültige Hingabe zu entscheiden, in der sich die Freiheit dadurch, dass sie sich hingibt, selbst ganz wieder findet.“
Um Kräiz huet de Jesus sech aus Léift zu äis Mënschen ganz higinn. Jo, säi ganzt Liewe war Pro-Existenz, e Liewe fir déi aaner, e Sech-ganz-hiergi fir d’Liewe vun de Mënschen. Esou ass d’Bild vu Christus dem Gekräizegten am Fong geholl d’Bild vum total fräie Mënsch. Well nëmmen een dee fräi ass, get sech ganz. Aus Léift zum Mënsch léisst de Jesus sech vun de Realitéite vum Liewen beréieren, an hien ass bereet, Mënschen zu engem neie Liewen ze verhëllefen, ouni derno ze froën, wat anerer dovun denken: esou heelt hien um Sabbat Kranker, hie beréiert Aussätzeger, hie get sech mat Leit of, déi vun aneren aus der Gemeinschaft ausgeschloss gi sinn. Seng Fräiheet war also ganz op d’Liewe vum Mënsch ausgeriicht, och wann hie leschtenenns dofir säin eegent Liewen huet missen higinn. D’Léift mecht wierklech fräi.
Haut get Fräiheet ganz dacks op Käschte vun deenen aanere gelieft. Si get verwiesselt mat der Iddi: Ech ka maachen, wat ech wëll. Domat mecht den Eenzelen sech selwer zum Moossstaf vun der Fräiheet.
Oder Fräiheet get gläichgesat mat Onverbindlechkeet, Ongebonnenheet vis-à-vis vun enger Relioun, der Kierch, enger Institutioun, dem anere Mënsch.
Fräiheet get vu verschiddene gleichgesat mat Grenzelosegkeet.
Mee wouhin féiert dëst Verständnis vun der Fräiheet? Mir erliewen et Dag fir Dag. Leschtenenns si mer op déi do Manéier net fräi. Mee ween an déi Richtung denkt, ass am Fong esou u sech an u säi Wuelbefanne gebonnen, dass hien de Bléck fir d’Liewen vum aanere Mënsch verléiert, jo méi nach, hie ka fir sech selwer a fir de Matmënsch zu enger echter Gefor ginn. Ech denken hei un d’Amokleef, un dat onverantwortlecht Verhale vu Leit am Stroosseverkéier oder iwwerhapt un dat respektloost Verhale vis-à-vis vum anere Mënsch op wirtschaftlechem, berufflechem oder privatem Plang. Munnécheree wier vläit net an existenziell Problemer geroden, wann anerer sech net zweifelhaft Fräiheeten erausgeholl hätten.
Fräiheet ouni Grenze gëtt et net. Wann äis vu Kand u keng Grenze gesat ginn, dann hu mer keng Repère fir d’Liewen. Mir zerstéieren äis selwer an déi aner. An dann op eemol brauch een eng Supernanny oder e Camp an der Wildnis fir de jonke Mënsch zur Vernonft ze bréngen, fir dass deen d’Liewen erëm an den Grëff kritt. Dat kann et dach net sinn. An engem vergiessene Wierk „Dreizehn Linden“ do steet scho geschriwwen: „Freiheit sei der Zweck des Zwanges, wie man eine Rebe bindet, dass sie statt im Staub zu kriechen, frei sich in die Lüfte windet.“ Ouni Regele ka kee Liewen sech a Fräiheet entwéckelen.
Schon de Jesus huet gesot, wéi se him virgeworf hunn hie géng sech vis-à-vis vum Gesetz Fräiheeten eraushuelen, déi net erlaabt wieren: „Denkt net ech wier komm fir eent vun de Geboter opzehiewen. Ech sinn net komm fir opzehiewen, mee fir ze erfëllen.“
Fräiheet, léif Matchrëschten, bleift ëmmer eng begrenzte Fräiheet, ebe well mir Mënsche begrenzte Wiese sinn. Eis perséinlech Fräiheet hält do op, wou dem Matmënsch seng Fräiheet ugeet. Nëmme wa mer op déi richteg Manéier Fräiheet mateneen a firenee liewen, kann sech echt Fräiheet entfaalen.
Fräiheet huet eppes dermat ze dinn, dass een sech hierget. Echt Fräiheet realiséiert sech an der Pro-existenz, am Dosi fir aanerer, am Sech-selwer-lassloossen. Esou kritt een eng gesond Distanz zu allem. Wa mer an eisem Handelen d’Liewe vum Matmënsch virun Aën hunn, da gi mer och fräi vum Zwang, jidderengem missen nom Mond ze schwätzen, vum Zwang ëmmer an iwwerall misse gutt do ze stoën.
Fräiheet am chrëschtleche Sënn ass op der anerer Säit awer och ëmmer gebonnen un den Härgott, deen eise Schöpfer ass, an un dat Gesetz, dat Gott de Mënschen um Sinai uvertraut huet: d’10 Geboter. Den Dekalog ass dat séchert Gelänner, bannent deem mer äis an aller Fräiheet kënne bewegen, ouni äis selwer oder eisem Matmënsch ze schueden. Vun dem Moment un, wou mer et woën, de Beräich vun den 10 Geboter ze verloossen, schneide mer dem Matmënsch e grousst Stéck Fräiheet of, setze mer äis selwer ënnert een onheemlechen Drock an zerstéiere mer äis selwer an deen aaneren.
Déi 10 Weisunge fir d’Liewe sinn den Ausdrock vum Härgott senger onendlecher Léift zu de Mënschen, eng Léift, déi fir de Mënsch emmer erëm dee Raum schaaft bannent dem hie gutt liewe kann.
Fräiheet liewen heescht dem Gewëssen nogoën, ëmmer erëm dono striewen, dee Liewensraum dee Gott äis mat den 10 Geboter geschenkt huet, ze erhalen. D’Kierch als Gemeinschaft vun denen, déi Christus noginn ass dobäi eng Hëllef. An eisem Liewen als Chrëschte geet et jo drëms dem Jesus seng Liewenshaltung an eist Liewen ze iwwersetzen, also och déi Fräiheet déi hie gelieft huet.
Wien esou wéi hie fräi wëll sinn, muss sech lassloossen, sech hierginn, sech verschenken. Hie muss sech festneele loossen un d’Realitéiten vum Liewen an deene Grenzen, déi him gestach sinn. Hie muss emmer erëm op de Fräiraum, dee Liewensraum hiweisen, deen den Härgott äis a senger Léift geschenkt huet. Amen.


Circle cathollu
Follow cathollu
Like cathollu
Permalink: http://www.cathol.lu/article1537
Uewen

