Hochwürdegsten Här Erzbeschof, léif geeschtlech Matbridder, léif Pilgerinnen a Pilger hei an der Kathedral, léif Matchrëschten, déi der dës Andacht um Radio verfollegt,
Et gi Leit, wann déi sech mueres begéinen, dann as fir si den Dag gelaf. Bei aneren dogéint as en da gerett. Jo, d’Begéignungen am Alldag, si sin ganz verschidden a kënnen Wahnsinneges bewiirken an a Bewegung setzen. Jidderee vun äis huet secher schon d’Erfarung gemaach, dass en engem Mënsch begéint as, den esou eng positiv Ausstralung hat, datt hien ënnerlech d’Gefill hat, d’Sonn géif opgoën. Am Fong geholl stellen ech mer d’Begéignung tëscht der Elisabeth an der Maria esou ähnlech vir. Wéi d’Maria bei d’Elisabeth komm ass, ass fir d’Elisabeth d’Sonn opgaangen.
D’Begéignung mat hirer Cousine beweegt se bis an Déift vun hirem Wiesen eran. An d’Uursach vun deem, wat an deem Ablack geschitt as, vun deem wat vun der Maria ausgaangen as, dréckt d’Elisabeth mat de Wierder aus: „Glécklech as déi, déi gegleeft huet, datt sech erfëllt, wat den Här hir soë gelooss huet.“ Den onerschütterleche Glawen an dem Härgott säi Wuert vu Liewen, d’Bewosstsin vu senger Léift, d’Vertrauen a säin Heelsplang, gin der Maria eng eenzegarteg positiv Ausstrahlung. Déi Hoffnung, déi se a sech dréit a bei d’Elisabeth bréngt, stécht un a beweegt zudéifst.
Léif Pilgerinnen a Pilger, mir hun äis op de Wee gemaach fir hei an der Kathedral der Maria an duerch si dem Jesus ze begéinen. An och äis kann dës Begéignung a Bewegung setzen. D’Begéignung mat der Maria, eiser Schwëster am Glawen, a mat däer Hoffnung an dem Liewen, déi se a sech gedroën huet, schenkt äis Zouversicht, dass den Härgott fir äis do as an alle Situatiounen. Hie weist äis, an duerch äis den aanere Mënschen, datt hie wëllt, datt mer zu engem geglécktene Liewen fannen. Säin Heelplang zu dem d‘Maria a gleewegem Vertraue Jo gesot huet, gëlt och nach haut. Duerch d’Begéignung mat der Maria an hirem exemplareschen Glawe kréie mer Courage zur Standhaftegkeet geschenkt an dem villen Op an Of vun eisem Liewen a vun eiser Welt. Un hir gët däitlech, dass Gleewe bedeit d’Liewen ze woën, Liewen ze deelen. Grad ewéi d’Maria kënne mer ëmmer erëm de Schrack no vir woën a brauchen nët ängschtlech stoën ze bleiwen a bei all Geleënheet zréckzekucken.
Mir brauche virun de Schwieregkeeten am Liewen net ze flüchten. Esou ewéi d’Maria kënnen och mär drop vertrauen, dass mer a kengem Ablack vum Liewen eleng gelooss gin an dass mer am Glawen di néideg Kraft geschenkt kréie fir duerzehalen an och dat z’acceptéieren wat mer an eisem Liewen nët verstin. An nët zulescht encouragéiert äis d’Glawensbeipill vun der Muttergottes zur echter Begéignung mat aanere Mënschen. Et ass schon erschreckend, wéi iwwerflächlech mënschlech Begéignungen heiando kënnen oflafen. Et begéint een sech net op Aënhéicht, mee vun uewen erof. An da get laaschteneen diskutéiert, et get probéiert, sech coûte que coûte duerchzesetzen. Dat, wat den anere beweegt ass engem egal, domat muss e selwer eens ginn. Zu engem echten Austausch kënnt et dacks iwwerhaapt net. Grad d’Betrachtung vum zweete Gesetz vum freederäiche Rousekranz kann eist Behuelen an eng aner Richtung kéieren. Mir kennen äis opmaachen an op aaner Mënschen zouzegoën. Mir gleewen nämlech nët fir äis eleng, mee de Glawen dréit eréischt da seng Friichten, wa mer e mat aaneren deelen.
De Glawen befähegt äis, d’Nout vun eise Matmënschen ze gesinn a mat hinnen eise mënschechen, spirituellen a materielle Räichtum ze deelen. Als gleeweg Mënschen geet ët nët duer schéi Wierder ze maachen, mee et brauch konkret Doten, déi vun deër Hoffnung schwätzen, déi mer duerch de Glawen an äis droen. D´Maria huet sech am Evangelium op de Wee gemaach bei hir Cousine Elisabeth fir hir bäizestoën. Esou kënnen och mir herno vun hei fortgoën an eisen Alldag bei déi Mënschen, mat dene mer Dag fir Dag, an der Famill, op der Aarbecht an an der Fräizeit ze din hun, fir hinnen an hirem Liewen bäizestoën. U sech misste Mënschen, déi äis begéinen d’Impressioun kënnen hunn, ewéi wann d’Sonn géif opgoën. Eis positiv Austrahlung duerch de Glawen, eist Engagement fir di aaner, eis Eierlechkeet am Schwätzen an am Handelen, déi Hoffnung déi äis liewen deet, misst aanerer kënne soë loossen: „Ma glécklech bass de, well s de gleefs.“
Léif Pilgerinnen a Pilger,
D’Oktavzäit ass secher d’Zäit vun enger besonnesch priviligéierter Begéignung mat der Muttergottes an hirem Jong, eng Begéignung, déi äis erëm neien Elan gët, déi äis erëm nei bei äis a bei eise Matmenschen Spure vu Liewen fanne léisst. Wichteg as duerfir, datt mer och am Alldag dës Begéignung sichen z. B. duerch d’Gebied vum Rousekanz, wou no an no eise Bléck op eist Liewen an op de Matmënsch positiv ka verännert ginn, duerch d’Liesen vun der Helleger Schrëft, wou mer dat Wuert fannen, dat den Härgott äis haut wëllt soën an dat äis Orientéierung am Liewen schenkt, an duerch d’Feier vun der Eucharistie, wou mer am Hellege Brout deen emfänken, den d‘Maria der Welt geschenkt huet. Hien as déi Hoffnung, déi den Härgott fir äis parat hält, déi si a sech gedroën huet an déi d’Elisabeth am Ënnerste beweegt huet. „Glécklech, déi, déi gegleeft huet, datt sech erfëllt, wat den Här hir soë gelooss huet.“ Dëst trëfft op besonnesch Manéier op d‘Maria zou, awer doriwwer eraus op jiddereen, dee bereet ass grad ewéi sie d’Abenteuer mam Härgott anzegoën. Amen.


Circle cathollu
Follow cathollu
Like cathollu
Permalink: http://www.cathol.lu/article1528
Uewen

