+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Kierchlech Mouvementer
+Uerden
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
2009
Donneschdeg, de 14. Mee. 2009 - Andacht
“… der uns den den Heiligen Geist gesandt hat” oder “Wes Geistes Kind sind wir?”

Hochwürdegsten Här Äerzbeschof, léif geeschtlech Matbridder, léif Pilgerinnen a Pilger hei an der Kathedral, léif Matchrëschten, déi der dës Andacht iwwert de Radio verfollegt,

„Wéi geet ët mam Geescht?“

Wann een esou zu äis seet, dann ass kloër, dass hie mat eisem Schwetzen an Handelen, mat deër Positioun, déi mer vertrieden, nët d’accord ass, jo dass hien oder si äis nët ganz fir voll hëlt. „Wéi geet ët mam Geescht?“ Dat ass am Fong geholl déi Fro, déi d’Betrachtung vum 3. Geheimnis vum glorreiche Rousekranz: „der uns den Heiligen Geist gesandt hat“, äis no leet. Jo wéi geet ët mat dem Geescht, deen op dem éischte Päischten op dem Jesus seng Jünger erofkomm ass a si befähegt huet erauszegoën fir d’Evangelium ze verkënnegen op geleeën oder ongeleeën. Wéi geet ët mam Geescht, dee Mauren ofgebaut a Gemeinschaft tëscht Mënschen vun de verschiddenste Sproochen an Origine gestëft huet, wéi geet ët mam Geescht, den bei der Erschafung vun der Welt a vun dem wat lieft wesentlech bedeelegt war, an deen den Härgott dem Mënsch agehaucht huet fir, datt e lieft. Wéi geet ët mam Geescht, den äis bei der Daf a bei der Firmung geschenkt gin ass an dee bei all Eucharistiefeier d’Gowe vu Brout a Wäin verwandelt an de Jesus selwer, an deen de Garant soll si fir eis Gemeinschaft. Et ass wichteg, dass mer äis déi Fro ëmmer erëm stellen. Net vun ongeféier heescht et an engem modernen Péngschtlidd: „Wes Geistes Kind sind wir, in unseren Gedanken, unsern Worten?“ Heiansdo kann ee bei äis d’Impressioun kréien, ewéi wann äis d’Begeeschterung e Stéck verluer gaange wier. An dat mécht sech op deene verschiddensten Ebene bemierkbar.

Lieft an an duerch äis nach de Geescht vum Härgott, dee Gemeinschaft stëft, Mënschen derzou féiert, dass se sech verstin, dass se mierken, dass se Kanner vun deemselweschte Papp am Himmel sin, oder ass bei äis de Geescht vun der Onéierlechkeet an der Zwietracht um Wierk, dee mat sech bréngt, dass Haass a Sträit sech verbreeden, Mënschen zu Konkurrenten ginn, dass Engagementer mëssbräucht ginn, fir zu sengem ze kommen a Muecht auszeüben, an d’Saach selwer spillt keng Roll méi.

Wierkt an an duerch äis nach dem Härgott säi Geescht, dee bewierkt, dass Mënschen d’Sproch vun der Léift schwätzen, déi jidderee verstoë kann?
Si mer nach Kanner vum Härgott sengem Geescht, dee Liewen schaaft, oder vun dem Geescht, den aus purem Egoissem a Profitsucht Liewen op veschiddenste Pläng zerstéiert, andems d’Schöpfung zerstéiert get, andems d’Existenz vum Matmënsch a Gefor bruecht gëtt, andems keng Platz méi ass fir Villfalt a Phantasie, och am kierchleche Liewen, andems Mënschen ofgestempelt an aus der Gemeinschaft ausgeschloss gin.

Si mer nach Kanner vum Härgott sengem Geescht, den äis erausdreift fir d’Wuert vum Härgott ze verkënnegen an d’Räich vum Härgott opzebauen, oder si mer Kanner vum Geescht vun der Gläichgültegkeet wa mer mol nët méi nolauschteren, wann am Gottesdéngscht aus der Helleger Schrëft virgelies gët, wann d’Kanner an hirer Begeeschterung fir de Jesus dohem nët ënnerstëtzt gin an d’gemeinschaftlech Feiere vu Sakramenter nëmmen nach einfach äusser Familljefester sinn.

Wéi geet ët mam Geescht? Oder „Wes Geistes Kind sind wir?“ Esou kann ee scho froën, wann ee gesäit wat doruechter esou geschitt.

Mee vergiesse mer nët: d’Äntwert ass guer nët esou negativ. Well dem Härgott säi Geescht bléist wou e wëll, e wierkt op Plazen, wou mer ët ni génge vermudden. Wéi geet ët mam Geescht? Ma gutt, däerfe mer soën, well hien ass nët kleng ze kréien. E wierkt, nët am massive Stuerm, mee am bescheide Wand. Iwwerall get et nach Mënschen, déi sech als Kanner vu Gottes Geescht beméien, sech zesummesetze fir Problemer auszeschwätzen a Fridden ze schléissen, déi probéieren, als Mënsche vu verschiddenen Natiounen, Kulturen a Reliounen zesummen ze liewen a sech ze respektéieren. Déi sech beméien sech fir anerer ze engagéieren an hinnen ze hëllefen, a wann ët och an nach esou engem klenge Geste ass oder einfach engem léiwen an häerzleche Wuert. Dem Härgott säi Geescht wierkt iwwerall do, wou zesumme gebied a gesongen gët iwwert d’Grenze vun enger Gemeinschaft eraus, och wann nët jidderee matzitt.

Iwwerall do, wou Mënschen sech géigesäiteg acceptéieren an hirer Verschiddenheet. Iwwerall do, wou Liewe weidergi gët, iwwerall do wou Mënsche kënne spiiren, dass een do ass deen se gäer huet. Iwwerall do wou Mënschen fir d’Bewahrung vun der Schöpfung antrieden. Iwwerall do liewe Kanner vu Gottes Geescht.

Iwwerall do wou Elteren oder Grousselteren, Pätteren oder Giedelen de Kanner Geschichten aus der Bibel erzielen oder se biede léieren. Iwwerall do wou am Reliounsunterrecht probéiert gët ze weisen, ewéi Glawen a Liewen zesummegehéieren. Iwwerall do wou d’Wuert vum Härgott als Wuert vum Liewe verkënegt gët an een sech ugesprach fillt. Iwwerall do si Kanner vu Gottes Geescht um Wierk, den äis fäheg mécht, missionaresch täteg ze sin.

Léif Matchrëschten,

Et ass wichteg, dass mer offe sin fir dee Geescht, dee Gott äis an der Daf a bei der Firmung geschenkt huet an ëmmer erëm schenkt. An déi Offenheet ass einfach déi vum Gebied. Gott schenkt ëmmer am Iwwerfloss. Un äis ass ët d’Geschenk unzehuelen, esou wéi d’Maria, an aus dem Geschenk vu Gottes Geescht ze liewen. Amen.

 
Maurice PÉPORTÉ
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à LuxembourgKontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/pelerinages-wallfahrten/octave-oktave/homelies-predigten/1993/article/ich-glaube-hilf-meinem-unglauben

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés