+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Kierchlech Mouvementer
+Uerden
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
2009
Mëttwoch, 13. Mee 2009 - Andacht
… der von den Toten auferstanden ist oder Lebensengel sein (Mt 28,1-10)

Hochwürdegsten Här Ärzbeschof, léif geeschtlech Matbridder, léif Pilgerinnen a Pilger hei an der Kathedral, léif Matchrëschten, déi der den Owend dës Andacht iwwert de Radio verfollegt.

D’Operstehung vum Jesus ëm déi et am éischte Geheimnis vum glorreiche Rousekranz geet, get de Fraen am Evangelium duerch en Engel matgedeelt. Wann äis dat Evangelium esou weltfriem, jo vläit onméiglech erschéngt, da weist dat äis, dass dem Härgott seng Weeër, déi hien dem Mensch proposéiert a mat him goe wëll, wäit iwwer dat erausgin, wat mir mat eisem klenge Verstand kënnen erfassen. Trotzdem sinn et ëmmer erëm Weeër, Spuren, déi an d’Zukunft weisen an zum Liewen féieren. Denke mer un den Elija ënner dem Gënzestrauch, deen dës Liewens midd ass. Hien wëll stierwen. Hien kann net méi. Gott beréiert hien duerch en Engel an mecht hie fäheg, säi Wee virun ze goën. Oder d’Verkënnegung un d’Maria duerch den Engel. Gott setzt en neie Moment an der Heelsgeschicht mat der Ukënnegung vun neiem Liewen. Oder wéi de Jousef mat senger Situatioun mat der Maria iwwerfuerdert ass, do schéckt den Härgott him en Engel a get him d’Kraaft, unzehuelen, zouzeloossen an de Wee no vir ze goën.

En Engel ass e Buet vum Härgott, den Zukunft opweist, dee Liewen useet, dat Liewen, dat Gott wëll, een, den äis derzou verhëllefe kann, fir dem Liewen op der Spur ze bleiwen.

Vill Mënsche brauchen grad an eiser Zäit esou Engelen, déi hinnen an hirer Verzweiflung, hirer Onsécherheet, hirer existenzieller Flemm, Liewen usoën, Spuren opweisen, déi an d’Zukunft ginn. Mee mir Mënsche brauche net Engele mat zwee Flilléken, mee Engele mat zwou Hänn an zwéi Féiss an engem groussen Häerz, Engelen, déi einfach total am Liewe stinn.

Léif Matchrëschten, misste net mir déi Engelen, déi Liewensengele sin, déi de Mënschen aus dem Glawen eraus Hoffnung a Liewe verkënngen. Mee wéi? Liewensengele kënne mer op déi verschiddenst Manéieren, op den ennerschiddlechste Weeër sin.

Esou ginn Elteren zu Liewensengelen fir hir Kanner, wa se hinne soën a weisen: Ech hun dech gär. Du bass gewollt an ugeholl. Ech si fir dech do. Ech kemmere mech em dech a setzen alles drun dass du eng Kéier en eegestännegt, sënnvollt Liewe kanns féieren. De Popst Benedikt XVI huet dozou bemierkt: „Das Leben wird nur dann ganz weitergegeben, wenn mit der Geburt auch die Liebe und der Sinn weitergegeben werden, die es ermöglichen zu diesem Leben Ja zu sagen. (Schreiben zur Eröffnung der Pastoraltagung der Diözese Rom zum Thema Familie, 6. Juni 2005)

Fir Eltere gi mer zum Liewensengel, wa mer op dene veschiddenste Niveauën all Hiewelen a Bewegung setzen, dass sie Vertrauen gewannen, fir ouni Angscht Jo zum neie Liewen ze soën an d’Erzéiung vun de Kanner selwer ze iwwerhuelen an hir Verantwortung net mussen un anerer ofginn. Menschlech a materiell Ennerstëtzung a Begleedung si konkret Weeër dozou.

Jugendleche gi mer als Erwuessener zu Liewensengelen, wa mer sie an hirem Sichen eescht huelen a si net mat bëllege Phrasen ofspeisen, wa mer probéieren, si an hire Froën ze verstoën, wa mer en oppent Ouer hun, Zäit opbréngen a Versteesdemech fir hiert Aneschthandelen hunn, och wa mir dat net gutt fannen, wa mer hinnen déi Wäerter vermëttelen, och di reliéis Wäerter, fir déi et sech ze liewe lount.

Ee fir den anere gi mer zum Liewensengel, wa mer äis encouragéieren, wa mer do sinn ee fir den aaneren a Situatiounen, wou een net méi an nach aus weess, wa mer probéieren an esou Momenter eng Art „relecture“ vun der Situatioun ze maachen fir eventuell Liicht- an Hoffnungsmomenter opzweisen.
Mir gin zum Liewensengel ee fir den aaneren, wa mer äis op eisem perséinleche Wee géigesäiteg ennerstëtzen an net néierbotteren,wa mer äis verzeihen, fir dass en neien Ufank am Zesummeliewen méiglech get, fir dass Relatiounen, déi ofgestuerwen sinn erëm nei kënnen opliewen.

Mir gin fireneen zum Engel, wa mer a Gemeinschaft de Glawen zesummen deelen, wa mer Eucharistie, den Doud an d’Operstoë vu Christus feieren, wa mer äis iwwer Glawens- a Liewensfroën austauschen a wa mer firenee bieden. Den Ulrich Wilckens, evangelische Landesbischof ënnersträicht: „Fürbitte ist die wichtigste Aufgabe der Christen heute … eine Kirche, deren Fürbitte erlahmt, mag sonst so aktiv sein wie sie will – sie wird nichts ausrichten. Und Christen, die etwa meinen, ihr Tun sei wichtiger als die Fürbitte, irren sich in den wahren Prioritäten.“

Fir Mënschen an der leschter Phase vun hirem Liewe gi mer zum Engel, wa mer hinne ze spiere gin: Du gehéiers dozou. Du bleifs Deel vun eiser Famill, vun eiser Gemeinschaft, vun eiser Par, och wann deng Liewensqualitéit ageschränkt ass. Mir loossen dech net eleng. Mir gi fir si zum Engel, wa mer hinnen d’Hand haalen an hinne vermëttelen, dass, wa si aus dësem Liewe ginn, Gott selwer hir Hand ergräift an hiert Liewen mat all dem, wat et ausmécht zur Vollendung féiert. Si sinn net dem Ënnergank geweiht, mee duerch d’Daf dem Liewen.

Léif Matchrëschten, wa mer wëlle Liewensengele sinn, musse mer äis grad ewéi d’Maria vum Härgott senger Botschaft vum Liewen usprieche loossen. Mir däerfen äis vun him hannerfroë loossen, äis vun him féiere loossen, och wa mer den éischten Ablack net wëssen, wéi dat goë soll.

Léif Matchrëschten,

D’Engelen hunn an der gréisster Trauer a Gottverloossenheet de Fraen, déi bei d’Graf komm sinn, d’Liewe vum Operstanenen ugekënnegt. Haut si mir gefuerdert - ganz konkret. U sech wier et e grousst Kompliment wa Matmënsche zu äis kéinte soën: „Du bass mäin Engel!“, a wa mir et zu anere kenne soën, ouni Kitsch a Gefillsduselei, mais aus dem Glawen un dat Liewen eraus, dat éiweg ass. Amen.

 
Maurice PÉPORTÉ
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à LuxembourgKontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/pelerinages-wallfahrten/octave-oktave/homelies-predigten/2009-190/article/mettwoch-13-mee-2009-andacht

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés