+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Kierchlech Mouvementer
+Uerden
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
2009
Mettwoch 6. Mee 2009 - Andacht
… den du o Jungfrau geboren hast oder: der Liebe ein Mënschliches Gesicht geben.

Hochwürdegsten Här Erzbeschof, léif geeschtlech Matbridder, léif Pilgerinnen a Pilger hei an der Kathedral, léif Matchrëschten, déi der dës Andacht iwwert de Radio verfollegt,

Op d’Fro, wat dat wichtegst Gebot wier, äntwert de Jesus ganz kloer: d’Léift. „Du solls den Härgott gären hunn an däin nächsten wéi dech selwer.“ Hie selwer ass dat mënschlecht Gesiicht vum Härgott sénger Léift, déi keen ausschléisst. An eisem Chrëschtsinn an an eisem Kierchsinn geet et also drëm, déi Léift, déi am Mënschgi vu Jesus Christus däitlech ginn ass, an eis Welt eran ëmmer erëm nei z’iwwersetzen. Wéi d’Maria däerfe mer der Léift vum Härgott, déi sech a Jesus Christus geoffenbart huet, e mënschlecht Gesiicht ginn. Mir sinn de Wee, op deem den Härgott haut alle Mënsche seng Léift wëll weisen. Léift huet an dem Sënn näischt mat Gefillsduselei ze din, mee et ass di ënner Astellung, mat deër mer dem Härgott an de Mënsche begéinen.

Gott gären hu bedeit, hien als deen unerkennen, dee méngem Liewen e Sënn an Ziil gët, deen, deen ëmmer do ass, egal wat d’Liewe fir mech och parat hält. Gott gären hunn heescht drop vertrauen, dass den Härgott Jo zu mer seet, wann ech mir selwer friem gi sinn, wann ech Säiten u mir entdecken, déi ech net verstinn a mat denen ech mech schwéier dinn. Gott gären hunn heescht drop bauen, dass den Härgott de MatMënsch grad esou unhëlt wéi mech, och wann ech meng Schwieregkeete matt him hunn. Well andeems Gott Mënsch ginn ass, huet hien all dat ugeholl wat zum Mënschsi gehéiert.

Wann ech dem Härgott séng Léift op méngem Liewe spiren, da ginn ech bereet, mech unzehuelen. Ech gi fräi vun dem fatalen Zwang, ëmmer an iwwerall jidderengem missen ze gefalen. Ech duerf dee sinn, deen ech sinn. An esou kann ech och deem anere begéinen a séngem Aneschtsinn, an ech kann zu séngem perséinlche Wee Jo soën. D’Maria ass äis do e grousst Virbild. Sie weist äis, wat et heescht, Léift ze liewen. Si huet de Jesus op séngem perséinleche Wee begleed a war him och nach do trei zur Säit, wou anerer hie belächelt, verspott a verlooss hunn. Léift liewen heescht Trei üben, och dann, wann et äis un d’Grenzen vun eisem Verstoën a vun eise Méiglechkeete féiert: trei zum Mënsch, trei zu eisen Engagementer, trei zu eisem Wuert an eiser Iwwerzeegung, Trei zu deër Gemeinschaft zu deër ech gehéieren: Famill, Veräin, Kierch, Betrieb, an déi heiando vläit esouguer ganz schwéier op mir laascht.

D’Maria war standfest a solidaresch mat hirem Jong um Kräiz. D’Kräizer vun de Mënsche vun haut si villfälteg. Aarbechtslosegkeet, Angscht ëm Zukunft, Scheitere vun Bezéiungen, Alter a Krankheet a vill aneres méi. Hei gëlt et, sech solidaresch weisen an d’Mënschen net eleng loossen. Léift liewen heescht probéieren, dem Mënsch gerecht ze ginn. Mee duerfir musse mer op Aënhéich mat de Mënsche goën fir ze gesinn, wat wierklech an hinne virgeet. Léift liewen heescht mat Mënschen duerch d’Nuechten vun der Angscht an der Sënnosegkeet erduerch goën an der Hoffnung, dass Gott weess, firwat et gutt ass. Christus selwer ass duerch d’Nuecht vun der Angscht a vun den Zweifel gaangen, awer hien konnt soen: Papp an déng Hänn ëmfielen ech mäi Liewen. Aus dem Vertrauen zum Härgott eraus huet de Jesus et fäerdeg bruecht, säi Message vu Léift bis zum Schluss ze liewen an esouguer denen ze verzeihen, déi der göttlecher Léift de Garaus wollte maachen. D’Verzeihen, dat ech schenken an zwar ëmmer erëm, ass a bleift en onverzichtbare Wee, op deem dem Härgott séng Léift erfuerbar get. Et ass e Wee, den alles anescht ass, wéi einfach. Wéi dack mengt een et hätt ee verziehen, an da mierkt een, dass et am Fong net wouer ass. Verzeihen ass e Wee, den heiando e Liewe laang kann daueren, awer et ass dee Wee, den äis leschtenends de Fridde fanne léisst mat äis selwer a mat dem Matmënsch.

D’Maria huet als Mamm fir de Jesus gesuergt. Sie huet dat mat him gedeelt, wat hie fir ze liewe gebraucht huet. Léift liewen heescht och en oppent A hu fir dat, wat de Matmënsch brauch, an him dat zouzekommen ze loossen. Esou weist eis Léift sech och am generéisen Deelen besonnesch mat deenen, déi an Nout sinn. Sie ka sech zum Beispill och doran weisen, dass ech als Betrib op e méi u Profit verzichten, fir dass den Aarbechter hir Existenz geséchert bleift.

D’Maria war déijéineg, déi dem Jesus all dat vermëttelt huet, wat fir säi Liewe wichteg war. De Jesus huet als Mënsch d’Liewen misse léieren. An esou heescht Léift liewen och dene Jonken all déi Wäerter mat op de Wee ze ginn, déi se brauchen fir hiirt Liewe selwer an d’Hand ze huelen, fir eng eegestänneg Persoun ze ginn, fir sech selwer an hiren Iwwerzeegungen, och de reliéisen, kënnen trei ze bleiwen an zu engem sënnvolle Liewen ze fannen.
Mir alleguer, léif Matchrëschten, wësse wéi schwéier et ass, der Léift emmer e Mënschlecht Gesiicht ze ginn. Wéi dack sti mer äis dobei selwer am Wee? Wéi dack verspären Neid, Konkurrenzdenken, Iwwerflächlechkeet asw. äis de Bléck op eise Nächsten? Allerdings ass d’Léift déi Kraft, déi d’Liewen an d’Welt veränneren kann, d’Léift ass leschtendlech dat, wouvu mir Mënschen liewen.

An ech wëll schléissen andems ech un eng Episode erenneren, déi sech am Liewe vum Rainer Maria Rilke zougedroën huet: Bei séngem éischten Openthalt zu Paräis ass hien mat enger Bekannter ëm d’Mëttesstonn ëmmer laascht eng Heeschefra komm. Hien huet hir awer näischt gin. Op d’Fro vun der Bekannter firwat, sot hien: Et misst een hirem Häerz eppes schenken an net hirer Hand.“ Kuerz drop leet hien der Fra eng Rous an d’Hand. D’Fra huet opgekuckt, hir Aën hu geliicht. An 8 Deeg war sie net méi ze gesinn. Wéi d’Heeschefra erëm do war an de Rilke a séng Bekannte laschtkoumen, huet d’Bekannten de Rilke gefrot: „Wouvun huet di Fra di ganz Woch gelieft?“ An de Rilke huet geäntwert: „Vun der Rous.“

 
Maurice PÉPORTÉ
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à LuxembourgKontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/pelerinages-wallfahrten/octave-oktave/homelies-predigten/2009-190/article/mettwoch-6-mee-2009-andacht

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés