+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Kierchlech Mouvementer
+Uerden
Kontakt
Plang vum Site
Presse
 
Lueden...
Dir sidd heiHomepage >Prier et célébrer . Beten und feiern >Pèlerinages . Wallfahrten >Octave . Oktave >Homélies . Predigten >2009 >
Kuckt och ...
An dëser Rubrik
2009
Samschdeg 16. Mee: 2009 Mass fir déi krank an eeler Leit
“… der uns die Eucharistie geschenkt hat” oder “Wandlung ist möglich”.

Hochwürdegsten Här Äerzbeschof, léif geeschtlech Matbridder, léif Pilgerinnen a Pilger hei an der Kathedral, léif Matchrëschten, alleguer

Vum Paschtouer Lothar Zenetti stame folgend Zeilen, déi den een oder aaneren vläit kennt:

„Frag hundert Katholiken,
was das Wichtigste im christlichen Leben sei,
und sie werden sagen, die Heilige Messe.
Frage hundert Katholiken,
was das Wichtigste an der heiligen Messe sei,
und sie werden sagen: die Wandlung.
Sage hundert Katholiken,
das Wichtigste im christlichen Leben sei die Wandlung,
und sie werden entsetzt rufen:
Nein, nein, alles soll so bleiben, wie es ist!“

Léif Matchrëschten,

Mir hun äis de Mëtteg hei an der Kathedral versammelt fir dat Wäertvollst mateneen ze feieren, wat äis vu Christus geschenkt ass: d’Eucharistie. An der Feier vun der Eucharistie gëtt déi Léift vu Christus, déi sech ganz higëtt, gräifbar an de verwandelte Gowe vu Brout a Wäin. Jo di Léift gët äis am Brout vun der Helleger Kommioun an d’Hand geluegt. D’Eucharistie ass och d’Sakrament vun der Eenheet, vun deem d’Kraaft ausgeet fir eist alldeeglecht Liewen, an op dat eist Liewen mat sengen Héichten an Déiften ausgeriicht ass. D’Mass huet hiren Ursprong an deem, wat de Jesus den Owend viru sengem Leiden a Stierwen mat senge Frënn gefeiert huet. Den hellege Paulus huet äis et an der éischter Liesung an Erënnerung geruff. Mam Brout, dat de Jesus brécht a mam Wäin, den hie mat senge Frënn deelt, weist hien drop hien, dass hien säi Liewen, säi Läif a säi Blutt higëtt fir d’Liewe vun de Mënschen. D’Feier vun der Mass, do, wou mer dat verwandelt Brout ëmfänken, ass e priviligiéierten Uert vu Begéignung mam liewege Christus.

D‘Zweet Vatikanescht Konzil ennersträicht, dass d’Feier vun der Eucharistie „Mëtt an Héichpunkt vum ganze chrëschtleche Liewen ass. … All aaner gottesdéngschtlech Feieren an all Wierker vum chrëschtleche Liewe wuessen aus hir eraus a féieren zu hir hin.“

An do solle mir selwer zu dem ginn, wat mer ëmfänken, nämlech zum Läif vu Christus, zum Brout fir aner Mënschen. Mir duerfen zu Mënsche ginn, déi aus hirem Glawen eraus aneren hëllefen ze liewen. Mee duerfir musse mer grad ewéi d’Brout am Abendmahlssall vu Christus an d’Hand geholl ginn, jo mir mussen äis ganz vun him ergräife loossen, äis vun him a Besëtz huele loossen, a mir mussen äis vun him esou ze soë brieche loossen, fir un d’Mënsche veschenkt ze ginn. Dat heescht et muss äis an eisem deegleche Liewen ëm eng intensiv Bezéiung zu Christus goën. Seng Wierder, déi äis an der Bibel geschenkt sinn, an säi Liewen, dat äis an der Eucharistie geschenkt ass, grad ewéi d’Gebied, besonnesch och d’Rousekranzgebied, mussen eng zentral Roll an eisem Liewen anhuelen. An och wann et äis duerch Krankheet a Schwaachheet net méi méiglech ass, un der Massfeier um Sonndeg deelzehuelen, esou bleift et wichteg, d’Kommioun doheem ze ëmfänken. An et ass nëmmen ze begréissen, wann nieft de Geeschtlechen an den haaptamtlech Engagéierten sech ëmmer erëm Leit an de Gemeinschafte fannen, déi deene kranken an eelere Mënschen d’Kommioun heem droen. Den Empfang vun der Helleger Kommioun ass engersäits eng Verbindung tëscht de kranken a eelere Leit doheem an der Par, an doriwwer eraus virun allem eng Stäerkung fir de Mënsch an enger net ganz einfacher Situatioun, eng Stäerkung, déi Christus dem Mensch zoukomme léisst. Ënnerschätze mer den Déngscht net. Si mer äis weder ze schued, nach ze onwürdeg, fir den Dingscht un eise Schwesteren a Bridder ze leeschteren, déi duerch hir Situatioun drop ugewisen sinn, an deenen hiert Liewen doduerch zum Positiven hi verwandelt get. Ech erliewen et selwer ëmmer erëm, wéi den Ëmfank vun der Helleger Kommioun dohem fir vill Leit äusserst wichteg ass a se ënnerlech erëm frou mecht, se opootme léisst - en intensive Moment op den sie hiliewen. An dat soë se och.

Doriwwer eraus muss et äis ëmmer erëm drëm goën, dass de Sonndeg als Dag vu Rou a Gebied, als Dag vun der Eucharistie respektéiert gëtt. Mir brauchen en Dag, wou mer äis erëm nei un d’ Quell vum chrëschtleche Liewen niere ginn. Dat verwandelt Brout, dat mer emfänken, verwandelt äis, fir dass an eisem Liewen an am Liewe vun der Welt net alles beim Ale muss bleiwen. D’Eucharistie mecht äis offen fir d’Nout vun de Mënschen. Si mecht äis Courage, nom Beispill vun deem, dee mer an der Eucharistie ëmfänken, d’Fanger op d’Wonnen vun eiser Gesellschaft ze leeën, nei Impulser an d’Zesummeliewen eran ze bréngen, eng nei Denk- an Handlungsweis ze initiéieren. Et ass un äis als Chrëschten, de villfältegen Honger vun de Mënschen no Heel, no Gebuergenheet, no Sënn, no Rou, no Heemecht ze stellen. Dat, wat mer selwer an der Eucharistie emfänken, duerfe mer weiderreechen, nämlech Christus, dee vu sech seet: Ech sinn de Wee, d’Wourecht an d’Liewen. Mir kënnen dat nëmme realiséieren, wa mer äis vun him briechen, dat heescht ëmforme loossen. Et bleift eng grouss Erausferuderung, dass mer eise Wëll, sengem Wëll ugläichen, dass mer äis ëmmer méi an dat eraknéien, wat hie selwer der Welt vermëttele wollt. Wéi d‘Maria sinn och mir ëmmer erëm nei invitéiert ënnerlech de Wee vu Christus nozevollzéien. D’Rousekranzgebied, wou mer déi verschidde wichteg Etappen am Jesus sengem Liewen bedenken, ass duerfir e ganzt wäertvollt Gebied. Wéi d‘Maria kënne mer esou zu engem Hoffnungszeeche fir ganz vill Mensche ginn. Amen.

Maurice PÉPORTÉ
 
 
© Église catholique à LuxembourgKontakt
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/pelerinages-wallfahrten/octave-oktave/homelies-predigten/2009-190/article/samschdeg-16-mee-2009-mass-fir-dei

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés