Här Äerzbëschof, léif Pilgerinnen a Pilger, léif Geeschtlech, léif alleguer déi Dir mat äis iwer Radio oder Internet verbonnen sidd,
Jesus geet op d’Mënschen zou. Dat gouf äis gëschter kloer wéi mer säin Dagesoflaf am Lukasevangelium betruecht hunn. Haut geet hien op een bestëmmten Mënsch zou: de Péitrus. Hien klëmmt a säin Boot eran. D’Boot wor d’Aarbechtsplaz vum Fëschersmann. Do huet hien säin Brout verdéngt. Do huet hien e groussen Deel vu senger Zäit verbruecht. Jesus trëtt also matten an d’Liewen vum Péitrus eran. Dës Begéignung gëtt zum Erfollegserliewnis fir de Péitrus. An nët fir hien alleng: alleguer déi dobäi woren loossen dorophin alles stoen a leien a ginn dem Jesus no.
Nët ewéi The old man and the sea
Kucken mer elo méi genau, wat am Boot an „auf hoher See“ geschitt ass. Jesus gräift am Péitrus säin Job an. Hien féiert en eraus a seet him wou en d’Netzer soll auswerfen. Direkt fänken si dunn eppes, an zwar esou eng Onmass Fësch, dass dem Péitrus seng Komperen, déi aus dem 2. Naachen, hunn missten mat upaacken. Am Kontrast dozou steet den Haaptpersonnage am Ernest Hemingway senger Novell The old man and the sea - Der alte Mann und das Meer. Eng Erzielung, déi mech schonn als Kand faszinéiert huet:
84 Deeg an 84 Nuechten huet hien näischt gefaangen, deen ale Mann a sengem Naachen. Och hien huet sech kristillegt, huet sech geplot, sech ofgerackert a wor midd ewéi en Hond, mee ët wollt einfach keen ubäissen. Op eemol, den 85. Dag zappelt dunn endlech en décke Fësch u senger Aangel. Stonnelaang huet hien mam Fësch gekämpft a gouf schliesslech Meeschter. Et war en heroeschen Kampf deen hien mat grousser Méi fir sech entscheeden konnt. Mee de Fësch wor ze schwéier. Alleng wéi hien war, krut hien en nët an d’Boot gezunn. Dunn huet hien en eben um Heck vun sengem Boot festgemaach an en hannert sech am Waasser nogezunn, bis en endlech d’Ufer erreecht hat. Mee wat fir eng Enttäuschung huet do op hien gewaart. Hien hat d’Rechnung ouni d’Haien gemeet, déi sengm Boot nogaangen woren. Wéi hien endlech am Hafen ugeluecht huet, dunn woren vum riesegen Fësch nëmmen nach de Kapp, de Schwanz, d’Réckenfloss an e pur Spreien iwreg. Den ale Mann hat sech zwar heldenhaft ugestrengt, mee e wor eben alleng gewiescht.
De Péitrus ass nët esou wéi „The old man and the sea“.
Éischtens emol hat hien de Jesus, deen him d’Richtung gewisen huet. Hien ass der Opfuederung nokomm, vum Ufer fortzefuren. „Duc in altum - Fahre hinaus in die Tiefe.“ Nët no beim secheren Ufer fänkt een déi meeschten Fësch, mee méi wäit um Séi, do wou et déif ass. De Simon huet sech dat vu Jesus soen gelooss. Hien ass op d’Erausfuederung, et dachj nach eng Kéier ze probéieren, agaang. Hien hat also schonn esouvill Vertrauen an dee Jesus, dass hien, den erfurenen, professionnellen Fëscher, op de Rot vun engem Schräiner, engem Laien, anzegoen. A wéi hien dunn iwwerräich beschenkt gëtt mat Fësch, dunn fällt hien virum Jesus op d’Knéien. De Jesus ass fir de Péitrus elo nët méi einfach e Rabbi wéi vill anerer. Hien ass nët méi einfach e „Meeschter“, mee hien ried en elo als „Här“, „kyrios“, un, eng Uried déi Gott virbehalen ass. De Péitrus ass zum Glawen u Jesus komm.
Zweetens wor de Péitrus nët alleng ënnerwee. Seng Komperen ginn duerch seng Beruffung och mat implizéiert. Schlussendlech trieden si zesummen an d’Nofolleg vu Jesus.
Mir brauchen neess eng Erausfuederung fir d’Jugend
D’Weltjugenddeeg 2002 am Canada stoungen genau ënnert dësem Motto: „Duc in altum – Avance en eaux profondes.- Fuer eraus bis dohinner, wou et déif ass“ Et wor fir mech eng vun dene wichtegen a positiven Erfahrungen an der Kierch. Als jonke Geeschtlechen, mat aneren Priister an eng 50 Jugendlecher vu Lëtzebuerg an e puer Honnert aus der Groussregioun, hunn mir äis op de Wee gemeet, zwar nët mam Boot, mee mam Fliger. Fir déi meescht vun eisem Grupp wor et déi éischte Kéier, dass sie iwert de grousse Pull gesprongen sinn. Et wor, niewend dem Käschtepunkt, schonn eng Erausfuederung matzegoen: esou wäit ewech, bei Leit an eng Kultur déi mer eigentlech nët richteg kannt hunn. Den Ausléiser wor eigentlech de Ruff, d’Invitatioun vum Poopst Jean-Paul II. - do ass hien erëm eng Kéier op mengem Wee - un d’Jugend vun der ganzer Welt sech zu Toronto ze treffen fir e grousst Fest vum Glawen a vun der Freed. Doiwer, an der „Neier Welt“, wäit ewech vum sechern Ufer vun doheem, hunn mir d’Déift vun eiser Beruffung als Chrëscht, an och d’Déift vun der kierchlecher Gemeinschaft anescht erliewt. Heiheem ass duerno dee Grupp vun de JMJ nach Joren zesummenbliwen, och nach iwert d’Weltjugenddeeg 2005 zu Köln eraus. D’Caravane wor entstanen, e Jugendchouer deen duerch d’Land gezunn ass, an ënnerwee anerer ugezunn huet a matgeholl huet.
Haut bréichten mir erem eng nei Erausfuederung fir Jonker. Wéini furen mer ërem an d’Welt eraus? 2011 am Summer kéint esou eng Geleenheet sinn: d’Weltjugenddeeg sinn dann relativ no bei äis, zu Madrid. De Motto ass: „Verwurzelt und gegründet in Christus, fest im Glauben“. Méi kuerz, awer am Fong geholl ganz ähnlech, ass de Motto vun eiser Oktav: „Christus trei“.
Léif Pilgerinnen a Pilger, Beruffung fënnt do statt, Beruffung kënnt do zum Droen wou Jesus an d’Boot vu mengem Liewen eraklëmmt a wou ech mech op hien aloossen. Jesus ass och an d’Liewen vu Maria agetratt an sie huet hien empfaangen. Muer wäerten mer an der Verkündigungsszene betruechten, wéi Maria Jo gesot huet zu där eemoleger Beruffung, déi Gott fir si virgesinn hat, d’Mamm vu Jesus ze ginn. Och si ass nët alleng bliwen fir hir Missioun ze erfëllen. Den Hellegen Jouseph stoung hir trei zur Säit. Hien huet si beschützt an iwwert munnech Geforen an Hënernesser ewechgehollef.
Jesus steet matten am Boot vun der Kierch. Hien weist äis de Wee vun der Wourecht a vum Liewen. Nëmmen wann mir zesummen stinn an him trei sinn, kënnen mer hoffen aus Zäiten wou eis Netzer dach zimlech eidel bleiwen erauszekommen. Aus eegener Kraaft packen mir dat nët alleng. Loossen mir äis op maachen fir den rengegenden an erneiernden Wand vum Hellegen Geescht. Fir dass d’Kierch aus den Turbulenzen vun haut méi rouegen Gewässer entgéintsegelen kann, an erëm méi Jonker a manner Jonker sech erausfuederen loossen mat hir an d’Déiwt erauszefuren. AMEN


Circle cathollu
Follow cathollu
Like cathollu
Permalink: http://www.cathol.lu/article1682
Uewen

