Här Äerzbëschof, léif Pilgerinnen a Pilger, léif Geeschtlech, léif Leit, déi Dir mat äis iwert de Radio an den Internet verbonnen sidd.
Helleg ass deen, deen e groussen Opdrag erfëllt
„D’Gréisst vun engem Hëllegen léisst sech un der Gréisst vu sengem Opdrag moossen.“ Dës Definitioun vum Hl. Thomas von Aquin léisst äis déi Helleg konkret ginn. Wann mer d’Szene vum Evangelium wat mer elo grad héieren hunn an där Optik betruechten, dann gesinn mer ënnert dem Kräiz z.B. den Hl. Apostel Johannes stoen. De Curé d’Ars hat eng besonnesch Virléift fir hien: „Je l’aime beaucoup, [sot hien] parce qu’il a eu bien soin de la Vierge Marie.“ Voilà : dat ass déi spezifesch Aufgabe déi de Johannes vum Kräiz erof vu Jesus krut wéi hien zu him sot « Kuck Deng Mamm ». A vun där Stonn un huet hien dat gemeet, seet d’Evangelium. Eng grouss a schéin Aufgabe fir de Johannes, deen dann och e groussen Hellegen ass. Méi grouss wor allerdings d’Aufgabe déi Maria selwer krut : d’Mamm vum Jesus, dem „Sohn Gottes“ zu sinn. Dat huet den Engel hir verkënnegt a mir hunn ët grouss op de Sockel vun eiser Statue vun der Tréischterin geschriwen: „Maria Mater Jesu“. Dat ass déi gréisst an déi schéinst Aufgab, déi je e Mënsch konnt kréien, an dofir ass Maria d’Kinnigin vun allen Hëllegen. „D’Gréisst vun engem Hëllegen léisst sech un der Gréisst vu sengem Opdrag moossen.“
Mir hunn allerdings nët nëmmen mat Hellegen ze dinn. Jiddereen kennt sech selwer. Guddes a Schlechtes stecht an äis dran. Mir sinn zu Guddem fäheg awer och zu Béisen. Et wir schäinhëlleg nëmmen dat Gutt an äis wëllen ze gesinn. Dass de Mënsch engem aneren Mënsch grousst Leed undoen kann, wëssen mer nët eréischt zënter de leschten Méint. Vill, jo vill ze vill Mëssbrauchskandalen sinn weltwäit geschitt, en Deel dovun esouguer duerch engagéiert Chrëschten an Priister.
Schaut auf Christus
Kuckt, léif Bridder a Schwesteren, dat skandaléist Bild wat d’Häerz vun der Oktav ausmecht: Christus um Kräiz. E Crime, e Mëssbrauch héchsten Grads. De Jong vum Herrgott, d’Léift selwer déi verspott, gegäisselt a gekräizegt gouf. Dat Bild prägt d’Oktav vun Ufank un. Mir däerfen nët nëmmen op Maria an de Johannes kucken, déi trei beim Kräiz stinn. Dat wir ze einfach. Mir sollen virun allem op Christus selwer kucken. Den Hebräerbréif seet et ausdrécklech: „Schaut auf Christus, der dem treu ist, der ihn eingesetzt hat.“ (Heb 3,2)
Et ass och keen Bild vun Erfolleg no mënschlechem Ermiessen wat mer do gesinn. Erfolleg ass keen Numm vu Gott. Mir brauchen dofir nët schonn perfekt oder helleg ze sinn, fir an d’Oktav dierfen ze kommen, fir iwwerhaapt an d’Kierch ze kommen. Wann mer wéi elo Eucharistie feieren, dann seet Christus äis selwer duech de Mond vum Bëschof oder vum Priester „Das ist mein Leib, der für euch hingegeben wird“. An als Opdrag direkt hannendrun: „Tut dies zu meinem Gedächtnis“. Säin eemolegt Affer um Kräiz gëtt präsent an all Massfeier. Esou erneiert Christus seng Trei all Kéier wann mer äis em säin Dësch versammelen. Hien gëtt äis awer domadden och en formidabelen Opdrag „Faites ceci en mémoire de moi.“ Dorun kënnen mer wuessen, well et den gewaltegen Opdrag vun der Kierch ass, der Welt Christus ze ginn a selwer doraus ze liewen. „D’Gréisst vun engem Hëllegen léisst sech un der Gréisst vu sengem Opdrag moossen.“ Alleguer sinn mer dofir beruff äis verwandlen ze loossen, méi helleg ze ginn, wann mer äis an d’Eucharistiefeier, d’Sakrament vun der Léift vu Christus, eranhuelen loossen. Wéi awer steet et haut, am 21. Johrhonnert, mat eisem Glawen un déi verwandelnd Präsenz vu Christus an der Eucharistie?
Sind wir vom Christentum in dem wir leben durchdrungen?
Den indesche Philosoph, Saduh Sundar Singh huet emol folgend Erliefnes erzielt: Enges Dags soutz ech um Ufer vun engem Floss. Ech hunn e schéine ronne Steen aus dem Waasser geholl an en duerchgeschlo. Hien wor vollkommen dréchen bannendran. Hien louch éiweg laang am Floss, mee d’Waasser hat en nie duerchdrongen. D’selwecht ass et mat de Mënschen an Europa. Säit Johrhonnerten sinn si vum Chrëschtentum ëmginn, mee d’Chrëschtentum ass nie esou richteg an si erangaang. Et lieft nët richteg an hinnen.“
Ech géif fir mech wënschen, léif Bridder a Schwësteren, - an Dir secher och fir Iech – dass esou eppes nët iwert mech kann gesot kann ginn. Christus huet sech um Kräiz duerchbueren gelooss. Aus senger Säit sinn Blutt a Waasser gefloss, Zeechen vun de Sakramenter, vun der Daf an der Eucharistie. Mir sinn an d’Waasser vun der Daf gezappt ginn, mir empfänken regelméisseg säin Läif a säin Blutt. Misst seng Léift äis nët duerchdrengen an verwandelen? Loosse mer nët nëmmen an der Kierch stoen, mee och wierklech zou hir stoen, mat hir fillen a kämpfen, och a grad wann anerer hir de Réck dréinen oder op si klappen. D’Kierch huet eng onverzichtbar Aufgab: nämlecht dat Hellegt an der Welt an am Mënsch ze behidden an et jidderengem zougänglech ze maachen, fir dass hien dovun duerchdrongen gëtt.
D’Kierch ass méi wéi deen eenzelene Paschtouer oder deen eenzelnen Chrëscht deen ech virun der Nues hunn. Ech sinn Chrëscht nët wéinst dem Paschtouer oder wéinst dem Poopst, mee wéinst Jesus Christus a sengen Hellegen. Him wëll ech trei sinn. „D’Gréisst vun engem Hëllegen léisst sech un der Gréisst vu sengem Optrag moossen.“ hunn mer um Ufank gesot. Jesus Christus ass den Hellegen par excellence, hien ass dee Gréissten, well duerch säin Kräiz a seng Operstéiung huet hien äis erléist. Vielläicht léisst sech eis Gréisst un der Gréisst vun eiser Trei zu Christus moossen.
Treue zur Kirche, gerade jetzt!
Léif Bridder a Schwësteren, mir sinn schonn e Stéck Wee an dëser Oktav zesummen gaangen. An der 1. Woch vun der Oktav hunn ech Iech invitéiert iwert d’Beruffung vum Chrëscht an d’Beruffung vum Priister nozedenken, als eng Piste op där eist Liewen mat all sengen Héichten an Déiften en déiwen Sënn fënnt. D’Thema vun der Oktav – Christus trei - ass vum Priisterjoer inspiréiert, wat weltwäit vum Juni 2009 bis Juni 2010 dauert. Wann ech an der 2. Woch méi vum Liewen vum Priister schwätzen, dann wëll ech secher Reklam fir de Priisterberuff maachen, - ech soen dat riicht eraus. Et gëtt am Moment vill negativ Publicitéit dofir gemeet, dofir ass et och légitime, op dat Grouss a schéint vun där Beruffung hinzeweisen. Mir kënnen a wëllen nët iwersinn dass eenzel Priister sech an der Vergaangeheet versënnegt hunn. Ech denken, dat bedréckt äis alleguer iergendwéi. Eng Parti Leit huelen dat als Ulass fir sech vun der Kierch ze distanzéieren oder froen esouguer sech aus dem Dafregister sträichen ze loossen. Misst eis Reaktioun nët just de Contraire sinn? Kuckt, léif Frënn, d’Kierch ass wéi eng Famill. Wann e Cousin a menger Famill sech schlecht beholl huet, veloossen ech duefir meng ganz Famill? Well ech mäin Familjenumm dofir lassginn? E méi encourageanten an charitabelen Emgank een mat deem aneren, e méi e fest Zesummestoen an der Kierch, eng gréisser Trei zu Christus, schéingen mir éischter ubruecht. Sinn mer wierklech vum Chrëschtentum duerchdrongen, oder sinn mer wéi deen onduerchlässegen Steen am Waasser vu virdrun? Bedenkt, dass déi, déi eng Strofdot verriicht hunn, dat nët gemeet hunn well si Chrëscht waren oder well si Priister waren, mee wëll si dat nët genuch waren.
Maria, Du eis Patréinesch vu Stad a Land, bied fir äis, dass mer eis Häerzer fir d’Léift vu Christus vun Dag zu Dag méi grouss opmaachen AMEN!


Circle cathollu
Follow cathollu
Like cathollu
Permalink: http://www.cathol.lu/article1697
Uewen

