Lk 9,10-17 – “Gebt ihr ihnen zu essen!”
Ech hu nach erliewt, datt meng Mamm selwer Brout geback huet. Et war eng Aarbecht, déi vill Kraaft erfuedert huet a schéin an de Schweess gedriwwen huet.
Fir mech als Priester huet Broutbacken e ganz déiwe Sënn. Bei der Opferung biet de Priester – leider meeschtens stëll: “Geluewt siefs du Gott Schöpfer fir d’Brout, d’Fruucht vun der Äerd a vun der mënschlecher Aarbecht a fir de Wäin, Fruucht vum Wäistack a vun der mënschlecher Aarbecht”. Dat Gebied prägt bis haut mäi Priesterliewen!
Brout a Wäin si ganz natiirlech Zeeche vun enger grousser onsichtbarer Gemeinschaft. Si gi vum Mënsch gemaach. Am Schweess vu sengem Gesiicht! Mat Phantasie a Muskelkraft. Wann ech d’Brout an de Wäin op den Altoer stellen, stinn si all mat rondrëm den Altoer, de Bauer an de Wënzer, de Mëller an de Bäcker an de Kellermeeschter, an och de Schmelzaarbechter an de Maschinnebauer, de Mineur an de Stroossenaarbechter.
Am Brout a Wäin bréngt de Priester d’Mënschheet mat viru Gott, d’Aarbecht an de Schweess, d’Tréinen an d’Middegkeet, d’Ausbeutung vun sou villen op Plantagen a Fabriken, di ongerecht Léin an d’Spekulatioun, den Honger an d’Aarmut, di dacks onfair d’Handelsbeziehungen – an och d’Fester vun de Mënschen.
*
“Gitt dir hinnen z’iessen!” D’Jünger rondrëm de Jesus reagéieren wéi mir eben sou reagéieren: Da musse mer akafe goen. Mat Geld a sollen d’Problemer geléist ginn! De Jesus huet eng aner Method! Hien hëllt d’Brout, dat mir geback hun, an deelt et aus – an d’Ausdeele mecht Schoul, Deele gëtt e Wonner – an all hu genuch!
Rondrëm eis Altär an eis Dëscher sti se zu Dausenden a Milliounen; si hun Honger, si strécken d’Hänn aus, si waarden op e Stéck Brout, op alles, wat de Mënsch fir ze liewe brauch. Si gesinn d’Brout an eisen Hänn, si gesinn, wéi et gebrach gëtt: si gleewen un eis Bereetschaft ze deelen!
Den Altoer gëtt Gottes Dësch matten an der Welt. “Eucharistie, die nicht praktisches Liebeshandeln wird, ist in sich selbst fragmentiert”, schreiwt de Benedikt XVI.
Mir erféieren virun deem Andrang. Mir hun dach nëmmen fënnef Brout. Mir hunn dach guer net genuch fir di ganz Mënschheet - awer wéinstens mat engem vun deene Milliounen kann ech mech als Nächste weisen! Dat Brout, wat bei mir haart gëtt, gehéiert deem, deen Honger huet!
Authentizitéit kréien eis Liturgien an Eucharistien, wann déi mat um Dësch sinn, mat deenen de Jesus Christus sech identifizéiert.
Eucharistie geet weider, wou Chrëschten a gesellschaftlecht a politescht Engagement iwwersetzen, wat si gefeiert hunn. Brout briechen an der Mass ass en Zeechen fir dat, wat weidergeet: Brout deelen mat aneren.
Op Härläichendag hat de Paschtouer aus Versinn och déi Hostie gebrach, déi sollt an d’Monstranz kommen fir d’Prëssioun. Hien huet dunn eben e Brochstéck mat gezackte Ränner a schaarfe Kanten an d’Monstranz gestallt. Den éischte Moment waren d’Leit irritéiert. Mä si hu séier verstan, datt d’Symbol vum gebrachene Brout genee dat seet, wat mir glewen a wat eisen Optrag ass: gebrachent Brout weist op den Dout vum Jesus hinn a weist hinn op d’Missioun, d’Brout ze deelen.
Kommunizéieren bedäit Gemeinschaft hun mat Jesus Christus a Gemeinschaft hunn mat all deenen, déi zu him gehéieren!
Brout ass fir z’iessen – an dach muss een dacks a laang e Stéck Brout gekuckt hunn, fir säi Message ze héieren. Eucharistesch Anbetung ass laangt Verweile bei Christus, laangt Meditéiere vu sénger Hingabe an die lues Erfahrung, datt Kucken iwwergeet an Handeln: Anbetung gëtt zum Motor vum Brout-Deelen.
«Par l’adoration, le chrétien contribue mystérieusement à la transformation radicale du monde et à la germination de l’Évangile», seet de Jean-Paul II.
Sou entseet eng Dynamik, déi am beschte Sënn weltbewegend ass: dat, wat Mënschen vu Naturfriichten duerch hir Aarbecht zu Brout verschafft hunn, gëtt an der Eucharistie verwandelt an de Läif vu Christus – de Läif vu Christus, deen äis an d’Hand geluecht gëtt, verwandelt äis zu Schwësteren a Bridder vun alle Mënschen. Wou geschwësterlech Léift a Liewesweis an Emgank mateneen ufängt, wiisst eng Nei Welt.


Circle cathollu
Follow cathollu
Like cathollu
Permalink: http://www.cathol.lu/article1959
Uewen

