Lk 1,39-47 – “Selig ist die, die geglaubt hat!”
An d’Helzer Klaus beim Bësch kommen zënter méi wi 500 Joer Pilger fir ze bieden. Di Helzer Leit an d’Leit aus der Emgéigend kommen an d’Klaus fir ze bieden fir eng glécklech Gebuurt a fir eng gudd Stierfstonn.
Op Klauserdag gëtt d’Evangelium vun der Heimsuchung gelies: Zwou Frae begéine sech, allebéid droe se neit Liewen, Maria an Elisabeth freeën sech iwwert d’Wonner vum Liewen a sangen dem Härgott hire Merci.
D’Klaus an d’Quell beim Bësch flüsteren op hir Weis di selwecht frou Iwwerzegung: d’Liewen ass e Geschenk, mir kréien et uvertraut, an eng Kéier gi mer et zréck an d’Hänn vum Schöpfer.
Als Kanner hu bei der Daf vun engem Puppelche gesongen: “Wëllkomm, wëllkomm, léiwe Bridderchen, léif Schwësterchen, loos äis kucken an deng Séil eran, well du hues jo lo den Himmel dran”. Di fundamental Dimensioun vum Accueil seet jidderengem: “Wëllkomm, et ass schéin, datt’s du do bass, et ass gudd, datt’s du komm bass, ouni dech wäre mir net komplett, ouni dech géng ee feelen.”
*
Den Accueil vum Liewen, vun all Liewen ass eng Attitüd, déi ganz konkret Initiativen an Aktiounen freet. Et däerf tëscht der Verkënnegung vun der Würde vum Mënsch, vun de Rechter vu jidderengem an dem Schutz vun all Liewen kee Widersproch bestoen! Wa mer Planzen an Déieren schützen, hinne Liewesraum erhalen dann ass eng Gesellschaft nëmme kohärent mat sech selwer, wa se net mat zweeërlee Mooss un d’Liewen erugeet. D’Liewen an d’Würde vum Mënsch sinn eent an ondeelbar! Liewen a säi Wert sinn zu kéngem Moment opzewäien mat anere Werter, a siewe se nach sou grouss a wichteg wéi d’Fräiheet an d’Sebstbestëmmungsrecht vum Eenzelnen. Wien ufängt, Liewen géint en anere Wert ze stellen, wien ufängt, Stufen vu lieweswäert a méi oder manner lieweswäert anzeféieren, leet e Gëft, dat Liewen zerstéiert.
De Schutz vum Liewen an d’Engagement fir d’Liewen sinn ondeelbar. Si gëllen dem mënschleche Liewe vu séngem Ufank un bis zu sengem natierlechen Enn. Liewen ass kee Experimentierfeld, fir ze manipuléieren an ze selektéieren an auszesortéieren an ze ziichten! Deem ongebuerene Liewen gehéiert di ganz Suerg an de ganzen Asaz – dozou gehéiert ëmmer och Berodung a Begledung vun den Elteren, bësonnesch wa se a Noutsituatioune sinn, gehéiert och all erdenklech Hëllef (Wunnraum a materiell Hëllef, Betreiung a Firsuerg, einfühlsam Begledung vu jonge Mammen).
*
Respekt an Unerkennung gehéiert denen, déi Mënschen kompetent, professionnell a mënschlech begleden: Fraen a Männer, déi Krank an al Leit an de Spideler, an den Altersheimer an doheem versuergen, Dokteren an Infirmièren an Infirmierën, Pflegepersonal an di sougenannt “pflegend Angehörigen”.
Et kann an däerf nët nëmmen vu Käschten a Finanzierung rieds goen - mir mussen d’Stëmm erhiewen fir de Mënsch, deen absolut näischt vu senger Würde a sengem Wert verléiert, wann e krank, oder gebrechlech ass oder en Handicap huet! E mënschlecht Liewen ass méi wert wéi all Räichtümer vun der Welt! De Mënsch huet och e Recht op eng Begledung an eng Betreiung, déi och di reliéis a spirituell Dimensioun aschléisst.
*
D’Woch firt d’Liewen huet als Thema: “Engagéiert firt Liewen – net ouni de Mënsch mat Behënnerung”. All ouni Ausnahm hun e Recht op Participatioun, Matverantwortung a Mataarbecht, Matentscheedung a Matmaachen. Wou all eppes ginn, kritt jiddereen eppes mat
“Kinder nicht um Gott betrügen” (Albert Biesinger) – an och: Erwuessener, al a krank Leit, Mënsche mat enger Behënnerung net ëm Gott bedréien! Et ass ëmmer Zäit vu Gott ze schwätzen, Gott am Liewe vun de Mënschen ze entdecken an zu Wuert kommen ze loossen!
*
Den Accueil vum Liewen, bedäit och, datt mer Accueil maachen fir di Welt, an deer d’Liewen sech entfaalt! Villes ass nei an eiser Welt, an eiser Gesellschaft, och an eiser Kierch.
“Die Kirche muss den Wandlungen alles Irdischen Rechnung tragen. Sie kann ewige Wahrheiten und ewiges Leben in die Zeit nur hinein tragen, indem sie jedes Zeitalter nimmt, wie es ist, und seiner Eigenart gemäß behandelt” (Edith Stein). Nët der Vergangenheet nokräischen – dat ass verlueren Zäit an et mécht och nach krank!
Accueil ass ge Géigendeel vun enger Guichet-Pastoral , wou een eppes refuséiert kritt, wann een e Pabeier oder en Certificat nët huet! Accueil bedäit, e Wee proposéieren, mateneen dohinn kommen, wou en am Glawen vun der Kierch dat ka feieren, wat e gefrot huet: Daf, Eischtkommioun, Bestiednis! Wéi dacks steet hannerun enger Fro eng méi déif Fro: nom Liewen, nom Sënn vum Liewen, no Gott!
Chrëschten a Kierch däerfen transparent sinn op Gott: dat ass hir schéinsten a nobelste Missioun! Hiren Accueil vum Liewen weist hin op de Gott vum Liewen, deen all Liewen gären huet.
Bleif bei äis, Här, da kënne mir, Chrëschten a Kierch, dem liewege Gott, bei der Léift zum Liewen zur Hand goen!


Circle cathollu
Follow cathollu
Like cathollu
Permalink: http://www.cathol.lu/article1961
Uewen

