+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Kierchlech Mouvementer
+Uerden
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
Joer A
29. Sonndeg A
Mt 22,15-21

15 D’Pharisäer sinn zesummekomm
an hunn ënnerenee beroden,
wéi si de Jesus mat sengen eegene Wierder fänke kéinten.

16 Si hunn hir Jünger bei hie geschéckt,
zesumme mat dem Herodes senge Leit,
an déi soten: "Meeschter,
mir wëssen, datt s du e Mënsch vun der Wourecht bass,
datt s du d’Leit dem Herrgott säi Wee esou léiers,
wéi e wierklech ass,
an datt s du dech vu kengem beaflosse léiss,
well s du net op d’Persoun kucks.

17 Duerfir so äis, wat s du mengs:
Ass et erlaabt, dem Keeser Steieren ze bezuelen,
oder net?"

18 De Jesus awer huet hir Nidderträchtegkeet erkannt
a sot: "Wat stellt dir mech op d’Prouf,
dir Schäinhelleger?

19 Weist mir déi Mënz, mat där d’Steiere bezuelt ginn!"
Si hunn him eng Sëlwermënz gereecht.

20 Du sot hien zu hinnen:
“Wiem säi Bild a wiem seng Opschrëft ass dat hei?”

21 Si hunn him geäntwert: “Dem Keeser seng.”
Dueropshi sot hien zu hinnen:
"Da gitt dem Keeser dat, wat dem Keeser zousteet,
a gitt dem Herrgott dat, wat dem Herrgott zousteet!"

 
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à LuxembourgKontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/spiritualite-spiritualitat/bible-bibel/d-evangelium-op-letzebuergesch

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés