+Äerzbistum
+Parverbänn
+Servicer
+Kierchlech Mouvementer
+Uerden
 
Kontakt
 
Plang vum Site
 
Presse
 
Chargement...
Kuckt och ...
 
Joer A
30. Sonndeg A
Mt 22,34-40

34 Wéi d’Pharisäer héieren hunn,
datt de Jesus de Sadduzäer de Mond gestoppt hat,
du hunn si sech op där Plaz, wou de Jesus war, getraff.

35 Ee vun hinnen, deen sech am Gesetz auskannt huet,
wollt de Jesus op d’Prouf stellen an huet hie gefrot:

36 “Meeschter, wéi eent ass dat gréisst Gebot am Gesetz?”

37 De Jesus huet him geäntwert:
"Du solls den Här däi Gott gär hu
mat dengem ganzen Häerz
a mat denger ganzer Séil
a mat dengem ganzen Denken.

38 Dat ass dat gréisst, dat éischt Gebot.

39 Dat zweet awer ass gradesou grouss:
Du solls däin Nächste gär hu wéi dech selwer.

40 Un dësen zwee Geboter
hänkt dat ganzt Gesetz an och d’Prophéiten."

 
 
 
An dëser Rubrik
© Église catholique à LuxembourgKontakt | Webmaster Tools
 
logo

http://www.cathol.lu//prier-et-celebrer-beten-und-feiern/spiritualite-spiritualitat/bible-bibel/d-evangelium-op-letzebuergesch/joer-a/article/30-sonndeg-a

© Église catholique à Luxembourg
certains droits réservés